Udo Bölts
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Udo Bölts (* 10. August 1966 zu Rodalben) ass sportleche Leeder vum Team Gerolsteiner an ee fréieren däitsche Vëloscourreur. Hien ass de Brudder vum Hartmut Bölts.
Den Udo Bölts ass ee vun den erfollegräichsten däitsche Vëlosportler op der Strooss.
Hien huet seng Profiscarrière 1989 beim Team Stuttgart ugefaang, aus deem 1991 Team Telekom ginn ass, an elo Team T-Mobile heescht.
Vun 1992 bis 2003 war de Bölts zwielef Mol ouni Ënnerbriechong um Tour de France derbäi an och all Kéiers bis un d'Enn gefuer. Seng beschte Plaz am Tour war 1994 mat der 9ter. 1996 an 1997 war hien allkéiers ee vun den éischte Leitnante vum Bjarne Riis a Jan Ullrich.
Seng gréisste Succèsë waren dräi däitsch Stroosselandesmeeschterschaften (1990, 1995, 1999), seng Victoire bei der Clásica San Sebastián 1996, an eng Biergetape am Giro 1992.
1997 huet hien den Dauphiné Libéré gewonn, bis elo deen eenzegen Däitschen deen déi Course eng Kéier fir sech konnt verbuchen. Dat selwecht Joer gouf hie Véierten op der Vëlosweltmeeschterschaft op der Strooss.
Zënter 2003 ass den Udo Bolts sportleche Leeder vum Team Gerolsteiner.
Beim Tour de France 2006 war de Bölts Expär fier den ZDF.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Zitater
- "Quäl dich, du Sau!" - Sou huet hien dem Ullrich d'Meenung gesoot 1997 um Tour de France wéi deen an de Vogesen net sou gutt drop war. Dëse Saz ass an de Folklor vum Radsport agaang.
- "Die Bölts ist stärk, die geht niemals kapütt." - Dat sot säin Teamchef Walter Godefroot wéi de Bölts praktesch ouni Training beim Ironman Hawai derbäi war.
[Änneren] Palmarès
[Änneren] 1990
- 1. bei der Däitscher Landesmeeschterschaft op der Strooss
- 1. an der Herald Sun Tour
[Änneren] 1991
- 17. an der Vuelta a España
[Änneren] 1992
- 18. an der Vuelta Ciclista al País Vasco
- 1. an der 3. Etapp vun Aquarain op Alto di Ibardin (178,3 km)
- 31. am Giro d'Italia
- 1. an der 18. Etapp vu Saluzzo op Pila (260 km)
[Änneren] 1993
- 3. an der Herald Sun Tour
[Änneren] 1994
- 1. am Rund um Köln
- 8. an der Herald Sun Tour
- 9. am Tour de France
[Änneren] 1995
- 1. bei der Däitscher Landesmeeschterschaft op der Strooss
[Änneren] 1996
- 1. an der Clásica San Sebastián
- 7. am Tour de Suisse
- 1. an der 7. Etapp vu Grindelwald op Frauenfeld (231,7 km)
- 14. am Tour de France
[Änneren] 1997
- 1. am Critérium du Dauphiné Libéré
- 1. a Colmar - Strasbourg
- 4. bei der Weltmeeschterschaft op der Strooss
- 8. am Rund um den Henninger-Turm
- 21. am Tour de France
[Änneren] 1998
- 1. am Grand Prix de Wallonie
- 8. am Rund um den Henninger-Turm
- 10. bei der Weltmeeschterschaft op der Strooss
[Änneren] 1999
- 1. bei der Däitscher Landesmeeschterschaft op der Strooss
- 10. an der Vuelta Ciclista al País Vasco
- 10. am Grand Prix du Midi Libre
[Änneren] 2000
- 3. an der Deutschland-Tour
- 1. an der 3. Etapp vu Pfortzheim op Bad Dürrheim (216 km)
[Änneren] 2001
[Änneren] 2002
[Änneren] 2003
- 7. an der Bayern-Rundfahrt
Anerer:
- 2 Etappen Herald Sun Tour 1994
- 1. Plaz GP Gippingen 1997
- 3. Plaz Castilla y León 1997
- Etape Bicicleta Vasca 1998
- 1. Plaz Puerzäitfueren Karlsruhe 1998
[Änneren] Um Spaweck
Wikiquote: Udo Bölts – Zitater |