Unité de support psychologique
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Unité de Support Psychologique, kuerz USP, ass e Grupp vu Fräiwëllege bei der Protection Civile. De Grupp ass nach relativ jonk an besteet momentan aus gutt 90 Memberen (Stand: Juli 2004).
D'Aufgab ass, graff gesinn, a Stresssituatiounen séilesche Bäistand ze leeschten. An éischter Linn bedeit dat, datt Persounen, deenen eppes Schroës zougestouss ass, zum Beispill e Selbstmord an der Famill, en Accident, Bedrohung duerch aner Persounen an sou weider, ze hëllefen. Si iwwerdroen allerdings ni de Message vum Doud vun enger Persoun, dat ass d'Aufgab vun der Police, mee dacks sti si an zweeter Rei fir direkt ze hëllefen.
D'USP Leit hëllefen net nëmmen aneren Leit, mee och hiren eegenen. Sou kënnt et ëmmer erëm vir, datt den USP och matt Ambulancieren oder Sauveteuren no strapazéirenden Asätz schwätzt an op hir Problemer ageet. Och no traumateschen Erliefnisser fir Drëttpersounen wéi Éischt-Hëllefer spréngt den USP an.
Am Géigesatz zu der landleefeger Meenung sin d'UPS Leit keng Psychologen mee Secouristen mat enger international unerkanntener Ausbildung déi iwwer zwee Joer dauert. Um Terrain erkennt een si un hire grénge Giletën mat der wäisser Opschrëft PSY. Fir Member vun der USP ze gi muss een op d'mannst 21 Joer al sinn.
Bekannt ass d'USP duerch hir Hëllef besonnesch zu Waasserbëlleg bei der Geiselnahm, bei der Betreiung vun deenen, beim Accident vun enger Luxair-Maschinn blesséiert gi sinn oder Anzeie waren oder awer och bei deene Leit dei am Dezember 2004 aus deem bei Flutkatastrophen verwüsteten Ostasien heemkoumen.