Wesley Snipes
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Wesley Snipes (* 31. Juli 1962 an Orlando, Florida) ass en US-amerikanesche Schauspiller. Heen ass wahrscheinlech am meeschte bekannt ginn duerch seng Roll als Vampirkiller an der Blade Filmtrilogie.
De Wesley Snipes ass am Süde vun der New Yorker Bronx, bei senger Mamm, opgewuess. An der High School of performing Arts, New York, huet heen Danz, Gesang a Schauspillerei geléiert. An der State University of New York huet heen niewend Economie och Theaterkonscht geléiert. An dëser Klass waren nëmme véier Afro-amerikaner.
An en puer Filmer hat hee kleng Niewerollen, huet bei verschiddene Bühnestécker um Broadway matgespillt, konnt awer sechs Joer net dovunner liewen. Nodeems heen dem Malcolm X seng Biographie gelies huet, ass heen zum Islam gewiesselt.
Eréischt no enger Roll als Gang-leader am Michael Jackson sengem Musekvideo Bad, ass heen als Schauspiller opgefall a krut seng éischt grouss Filmroll am Film Major League. De Wesley Snipes leet sech net gär op ee Stil fest, an ass och zum Spike Lee sengem Lieblingsschauspiller ginn. De Wesley Snipes gehéiert haut zu deene bekannteste Schauspiller an Hollywood, an huet och scho Regie an verschiddene Filmer geféiert.
1997 huet de Wesley Snipes de Präis Coppa Volpi als beschten Haaptduersteller am Film One Night Stand kritt. Am Joer 1998 huet heen e Stär um Walk of Fame krut. Am selweschte Joer huet hee säin Éirendoktorat vun der SUNY/Purchase Universitéit iwwerreecht kritt.
Iwwert säi Privatliewen ass relativ wéineg bekannt. Vun 1985 bis 1990 war hee bestuet. Heen huet och ee Kand.
Wéinst senger ganz kierperbetounter Schauspillerei zielt heen zu de wéinege bekannte schwaarzen Actionstaren.
[Änneren] Filmographie
Joer | Engleschen Titel | Däitschen Titel |
---|---|---|
1986 | Wildcats | American Wildcats |
1986 | Streets of Gold | Streets of Gold |
1989 | Major League | Die Indianer von Cleveland |
1990 | King of New York | King of New York |
1990 | Mo' Better Blues | Mo' Better Blues |
1991 | New Jack City | New Jack City |
1991 | Jungle Fever | Jungle Fever |
1992 | White Men Can't Jump | Weiße Jungs bringen's nicht |
1992 | Waterdance | Waterdance |
1992 | Passenger 57 | Passagier 57 |
1993 | Boiling Point | Boiling Point |
1993 | Rising Sun | Die Wiege der Sonne |
1993 | Demolition Man | Demolition Man |
1994 | Sugar Hill | Sugar Hill |
1994 | Drop Zone | Drop Zone |
1995 | Money Train | Money Train |
1995 | To Wong Foo, Thanks for Everything, Julie Newmar | To Wong Foo |
1996 | The Fan | The Fan |
1997 | Murder at 1600 | Mord im weißen Haus |
1997 | One Night Stand | One Night Stand |
1998 | U.S. Marshals | Auf der Jagd |
1998 | Down in the Delta | - |
1998 | Blade | Blade |
2000 | The Art of War | The Art of War |
2002 | Liberty Stands Still | Liberty Stands Still - Im Visier des Mörders |
2002 | Blade II | Blade II |
2002 | Undisputed | Undisputed - Sieg ohne Ruhm |
2004 | Unstoppable | - |
2004 | Blade: Trinity | Blade - Trinity |