Islam
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dëse Islamsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Islam ass eng Relioun déi am 7. Joerhonnert zu Mekka entstan ass. Seng Unhänger beruffe sech op de Mohammed als Prophéit.
Den Islam ass, no dem Chrëschtentum, déi zweetgréisst monotheistesch Weltrelioun mat ronn 1,2 Milliarden Unhänger an 184 Länner.
D'Glawens- a Moralléier, d'Ritualen an d'reliéis Uerdnung baséieren op dem Allah seng Offenbarungen, déi de Mohammed am Koran hannerluet huet. Fir dee gréisste Grupp vun de Moslems, d'Sunniten, gëtt de Koran als Reliounsquell duerch d'Iwwerliwwerung (Hadith) an d'Gewunnechtsrecht (Sunna) ergänzt.
D'Sunnite stellen a bal allen islamesche Länner d'Majoritéit vun der Bevëlkerung duer mat Ausnahm vum Bahrain, Iran, Irak, Jemen, Libanon an Oman. Fir d'Sunnite gëllt de Nofolger vum éischte Kalif Abu Bakr als geeschtleche Chef.
Déi zweet grouss Glawensrichtung vum Islam sinn d'Schiiten. Si veréieren den Eedem an Adoptiv-Jong Ali, Mann vum Mohammed senger Duechter Fatima, a seng Jongen Hussein an Hassin als rechtméisseg Nofolger vum Prophéit Mohammed.
Doniewent bestinn nach vill regional Sekten.
[Änneren] D'Léier
D'Léier vum Islam ass staark vum jiddeschen a vir-islamesche Glawensgutt beaflosst. Folgend Léiersätz sinn am Fong bei alle Richtungen d'selwecht:
- Et gëtt nëmmen ee Gott, Allah, Här a Schëpfer vun der Welt.
- De Mënsch Mohammed ass dem Allah säi Prophéit.
- De Koran (dat Buch wat dacks gelies soll ginn) ass d'Helleg Schrëft vum Islam wou dem Allah seng Offenbarungen dra stinn.
- Den Allah huet Engelen, Däiwelen an Dschinne (Dämonen) geschaf als gutt a béis Geeschter.
- De Liewenslaf vum Mënsch ass vun Ufank un viraus bestëmmt. Et bleift awer nach Raum fir eegen Entscheedungen.
Déi wichtegst Geboter sinn:
- Rituell Wäschunge fir d'ënnerlech Rengegung.
- D'Beschneidung als Konditioun fir den Antrëtt an d'Kommunitéit.
- Deeglech Gebieder an d'Anhale vun de Feierdeeg.
- Donen a Form vun 10% vum Akommes.
- D'Faaschten am Ramadan.
- D'Pilgerfahrt bei d'Kaaba zu Mekka. D'Pilgerfahrt kann awer och vun Ersatzpilger gemaach ginn.
- De Genoss vun Alkohol a Schwéngefleesch, grad ewéi Glécksspiller, Wucher, Zauberei an d'Zukunft viraussoen si verbueden.