Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 16. Oktober ass den 289. Dag (290. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1799: De Napoleon ass zu Paräis.
- 1813: Die Vëlkerschluecht bei Leipzig fänkt un.
- 1934: D'chinesesch Kommunisten ënnert dem Mao Tse-Tung fänken hire Laange Marsch un.
- 1946: Déi zeng zum Doud verurteelt Ugekloten aus dem Nürnberger Prozess gin opgehaang.
- 1963: De Ludwig Erhard gëtt zum Bundeskanzler vun Däitschland gewielt.
- 1964: China mecht séin éischten Atombommentest.
- 1970: Den Anwar as-Sadat gëtt zum President vun Egypten gewielt.
- 1973: D'OPEC décidéiert, de Petrolspräis ëm 70% ze hécken; Ufank vun der éischter Uelegkris.
- 1974: Den Henry Kissinger an de Lê Ðức Thọ kréien de Friddensnobelpräis.
- 1978: De polnesche Kardinol Karol Józef Wojtyła gëtt als Nofolger vum Poopst Jean-Paul I. († 28. September), gewielt an hëlt de Numm Jean-Paul II. un. Et ass deen éischte net-italienesche Poopst zënter dem Hadrian VI.(†1523.
- 1854: Oscar Wilde, iresche Schrëftsteller.
- 1874: Nicolas Braunshausen, lëtzebuergesche Professer fir Psychologie a Politiker.
- 1886: David Ben Gurion, éischte Premierminister vun Israel.
- 1888: Eugene O'Neill, US-amerikaneschen Theaterschauspiller.
- 1893: Alexander Weicker, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 1908: Enver Hoxha, albanesche Politiker an Diktator.
- 1912: Vic. Abens, lëtzebuergesche Politiker.
- 1925: Angela Lansbury, britesch Schauspillerin.
- 1927: Günter Grass, däitsche Schrëftsteller.
- 1954: Tim Berne, US-amerikaneschen Altsaxophonist.
- 1956: François Bausch, lëtzebuergesche Politiker.
- 1958: Tim Robbins, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1541: Johann Baptiste vun Taxis, däitsche Generalpostmeeschter.
- 1553: Lucas Cranach den Eeleren, däitsche Moler.
- 1791: Grigori Alexandrowitsch Potjomkin, russesche Feldmarschall a Staatsmann.
- 1793: Marie Antoinette, franséisch Kinnigin.
- 1809: Jean-Louis Gilson, (Abraham Gilson oder Brudder Abraham vun Orval), Moler.
- 1973: Gene Krupa, US-amerikanesche Jazz-Batteur.
- 2005: Marcel Jander, lëtzebuergesche Sänger an Schauspiller.
- 2006: Trebisonda Valla, italienesch Liichtathletin.
- 2007: Deborah Kerr, britesch Schauspillerin.