ON AMAZON:



https://www.amazon.com/Voice-Desert-Valerio-Stefano-ebook/dp/B0CJLZ2QY5/



https://www.amazon.it/dp/B0CT9YL557

We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Polen - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Polen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Rzeczpospolita Polska

Polnesche Fändel

Polnescht Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: Bóg, Honor, Ojczyzna
("Gott, Éier, Heemecht")
Offiziell Sprooch: Polnesch
Haaptstad: Warschau
Staatsform: Republik
 • President: Lech Kaczyński
 • Premierminister: Donald Tusk
Fläch: 312 679 km²
 • Dovu Waasser: 2,5 %
Bevëlkerung: 38 125 479 [1]
 • Bevëlkerungsdicht: 122/km²
Onofhängegkeet: 11. November 1918
Nationalfeierdag: 11. November
Nationalhymn: Mazurek Dąbrowskiego
Lauschteren
Währung: Złoty (PLN)
Zäitzon: UTC +1
Internet TLD: .pl
International Virwahl: +48
Kaart vu Polen
Kaart vu Polen
Warschau, haut
Warschau, haut

Polen (pol.: Polska) ass e Staat an Europa an huet gemeinsam Grenze mat Litauen, Russland, Wäissrussland, Ukrain, Slowakei, Tschechesch Republik an Däitschland. Polen ass zënter 1999 NATO-Member an ass den 1. Mee 2004 der Europäescher Unioun bäigetrueden.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geographie

Topographie vu Polen
Topographie vu Polen

D'Gebitt vu Polen besteet aus fënnef geografeschen Deeler. Am Nordwesten befënnt sech d'Ostmierküst, déi sech vun der Pommerschen- bis zur Danzeger Bucht erstreckt an déi duerch Dünen an Bannengewässer gekennzeechent ass. Dës Küst, déi souzesoen riicht verleeft, gëtt duerch de Stettiner-, de Frische Haff an duerch d'Pucker Bucht ënnerbrach. Am Norden wéi och an der Mëtt vum Land schléisst sech dat an der Eiszäit entstane Flachland vun der mëtteleuropäeschen Ebene un. An hei gëtt ët véier grouss Séiplateauën, (Masuresch Séienplack, Kaschubesch Séienplack, Pommeresch Séienplack a Grousspolnesch Séienplack). Südlech dovun befanne sech déi polnesch Mëttelgebirgsketten, de Krakauer-Tschenstochauer Jura, d'Hellegkräizbierger, d'Beskiden, d'Waldkarpaten an d'Sudeten. Déi héichst Ketten, d'Tatra, ass e geologesch villsäitegt Gebitt vun héige Bierger (Hochgebirge).



[Änneren] Flëss a Séiën

Déi längste Flëss sinn d'Weichsel mat 1.047 km, de Grenzfloss Oder mat 854 km, d'Warthe mat 808 km an de Bug mat 772 km. D'Weichsel an d'Oder münden geneesuo wéi déi vill kleger Flësse a Pommern an d'Ostséi. D'Alle an d' Angerapp fléissen iwwer de Pregel an d'Czarna Hańcza iwwer d'Memel an d'Ostséi. Doniew gëtt nach eng Rei vu klengere Flëss, wéi d'Iser an de Sudeten, déi iwwert d' Elbe an d'Nordséi lafen. D'Orava aus den Beskiden flléisst iwwer d'Waag an d'Donau an och puer kleng aner Flëss aus den Waldkarpaten schëdden hiert Waaser iwwer den Dnister an d' Schwaarzt Mier aus.

D' polnesch Flëss goufe schons ganz fréi fir d'Schëfffaart genotzt. D'Wikinger hu lang d'Schëffart fir hier Raubzich quier duerch Europa mëssbraucht, och op der Weichsel an der Oder. Am Mëttelalter an an der Neizäit, wéi Polen-Litauen nach de Mielspäicher vu ganz Europa war, krouch d'Verschëffung vun Agrarprodukten op der Weichsel a Richtung Danzig a virun no Westeurop, eng grouss Importenz.

Biergséi nn der Hohen Tatra an der Noperschaft vu der  polnesch-slowakescher Grenz
Biergséi nn der Hohen Tatra an der Noperschaft vu der polnesch-slowakescher Grenz

Polen gët mat bal 10.000 zouenen Waasserflächen, méi wéi een Hektar grouss, zu deene Länner vun der Welt gerechent, déi déi meesten Séien opzeweisen hunn. An Europa gëtt Polen an dëser Hisicht nëmmen vu Finland déclasséiert. Déi gréisste Séiën mat iwwer 100 km² Fläch sinn: Śniardwy (Spirdingséi) a Mamry (Mauerséi) an de Masuren wéi och Jezioro Łebsko (Leba-Séi) an Jezioro Drawsko (Dratzig-Séi) a Pommern. Niewen de Séienplateauen am Norden (Masuren, Pommern, Kaschubei, Grousspolen) gëtt ët och eng grouss Zuel vu Séien an de Bierger, besonnesch an der Tatra, vun deenen d' Meeresauge (poln. Morskie Oko) flächeméisseg de gréissten ass . Den Hańcza - Séi am Osten vu de Masuren - ass mat iwwer 100 m den déifsten Séi vu Polen.

[Änneren] Politesch Constellatioun

[Änneren] Administrativ Andeelungen

Zënter dem 1. Januar 1999 ass Polen a 16 Woiwodschaften, agedeelt. Si hunn all en eegent Parlament, e Chef (Wojewoda) dee vun der Zentralregierung genannt gëtt, an ee vum Parlament gewielte Woiwodschaftsmarschall (Marszalek).

Nr. Numm Nr. Numm
01. Warmińsko-Mazurskie 09 Lublin
02 Grousspolen 10 Masowien
03 Świętokrzyskie 11 Nidderschlesien
04 Karpatevirland 12 Oppeln
05 Klengpolen 13 Podlachien
06 Kujawien-Pommern 14 Pommern
07 Lebus 15 Schlesien
08 Lodsch 16 Westpommern

[Änneren] Bevëlkerung

[Änneren] Polnesch Groussstied

Dës Lëscht begräift d’Bevëlkerung an de gréisste Stied vu Polen an de Joren 1900, an 1999 an déi rezenst Fonneeën vu 2004.

Plaz Changement Nummm vun der Stad Populatioun
2004 +/-1999 Jni 2004 1999 1900
1. Warschau 1 690 821 1 618 468 756 400
2. Łódź 776 297 806 728 351 600
3. Krakau 757 500 740 666 91 300
4. Wrocław 636 854 637 877 422 700
5. Poznań 573 003 578 235 117 000
6. Gdańsk 460 524 458 988 140 600
7. Szczecin 413 294 416 988 210 700
8. Bydgoszcz 369 151 386 855 52 200
9. Lublin 355 953 356 251 53 600
10. Katowice 321 616 345 934 31 700
11. Białystok 291 917 285 000 66 000
12. +1 Gdynia 253 651 253 521 900
13. -1 Częstochowa 248 894 257 812 53 700
14. Sosnowiec 229 207 244 102 86 700
15. Radom 227 944 232 262 30 100
16. Kielce 209 962 212 383 23 200
17. +1 Toruń 208 386 206 158 29 600
18. Gliwice 201 186 212 164 52 400
19. Bytom 199 219 205 560 51 400
20. Zabrze 193 212 200 177

[Änneren] Relioun

Holzkierch am Virland vu de Karpaten
Holzkierch am Virland vu de Karpaten
Déi bekannt Wallfahrtsplaz Czestochowa
Déi bekannt Wallfahrtsplaz Czestochowa

Zënter dem Zweeeten Weltkrch ass d' Land bal eenheetlech kathoulesch – ca. 90 % réimesch-kathoulesch, dovu praktizéiren ca. 70 % ; 1,3 % polnesch-orthodox; 0,3 % Zeugen Jehovas; 0,2 % griichesch-kathoulesch; 0,2 % evangelesch-lutheresch. Bis haut staark consideréiert a Polen ass de fréieren Poopst Jean-Paul II. (1920-2005), dee viru senger Wal zum Poopst als Karol Wojtyła, Äerzbëschof vu Krakau war, an eng wichteg Roll beim Ëmschwonk am Oststblock gespillt huet.

[Änneren] Geschicht

[Änneren] Virhistoresch Zäit a Grënnung

Scho während der Äiszäit hu Jeeër am Gebitt vum haitege Polen gelieft. Während der Antikitéit hat d’Bevëlkerung am aktuelle Polen iwwer d’Bernsteinstrossen Handelsbezéihungen mat Roum a [[Griechenland. D’ Germanesch Stämm, déi sech zënter ongeféier 1000 v. Chr. an Nord- a Westpolen néiergelooss haten, sinn an der ‘’Spätantikitéit’’ an de Raum vum haitegen Italien, Däitschland, Frankräich, Spuenien a Tunesien virugezunn an hu sich mat der do usiesseger Bevëlkerung vermëscht. An der Vëlkerwanderung koumen aner Vëlker, dorënner d’Hunnen, Slawen an Awaren an dat haitegt Polen. Dauerhaft hu sech vum 5. Jorhonnert un d’ Westslawen op polneschem Gebitt néiergelooss. Lech und Siemowit.

Polen, deem säin Numm vum westslawesche Stamm vun de Polanen hierkënnt, ass als Herzogtum am fréien 10. Jorhonnert vu Posen a Gnesen aus gegrënnt ginn. Ët gouf vu 960 bis 992 vum Herzog Mieszko I. aus der Dynastie vun de Piasten regéiert.

966 huet de Mieszko I. sëch nom réimesch-katholeschem Ritus deefe gelooss. Dësen Territoire huet no den Eruewerongen ënner dem Mieszko I. a sengem Fils Boleslaw dem Tapferen ofgedeckt, dee den hettegenPolen staark geglach huet Ëm 997 huet Polen en enkts politesch-militärescht Bündnis mat dem Hellegen Réimeschen Räich, während demStaatsakt zu Gnesen am Jor 1000 gouf dëse Pakt vum polneschen Herrscher Boleslaw I. a Keeser Otto III. bestätigt. Mat der Kréinung vum Boleslaw am Jor 1025 gouf Polen e Kinnikräich.

[Änneren] Mëttelalter a Neizäit

Während der Regentschaft vu den Piasten Kasimir I., gouf d’Haapstad 1040 vu Gnesen no Krakau verluecht. Polen ass duerch Rivalitéiten an der Nofollech 1138 a sechs onofhängeg Herzogtümer: Klengpolen, Grousspolen, Pommern, Pommerellen, Schlesien a Masowien zerfall. D’Joren bis zur Wiedervereinigung waren durch feudalistesch Territorialzersplitterung geprägt. Ufank vum 14. Jorhonner gouf Polen ënnert der Regentschaft vvum Wladyslaw I. rëm vereenegt. Säi Fils, Kasimir de Groussen, huet dem Papp seng Beméihungen fir d’ Eenheet fortgesat a Reformen duerchgeféiert, déi Polen zu enger mächtegen Positioun a Mëtteleuropa verhollef hunn. 1386 koum ët duerch Bestiedness zum duebelen Staat Polen-Litauen, dee an de nächsten 300 Jor d’Geschëcke an Mëttel- an Osteuropa a staarkem Mooss beeinflusst huet.

D’ Adelsrepublik, déi si wor, ass am 17. an 18. Jahrhonner an eng lang Kris gerot, déi duerch eng Rei vu Kricher (mat Schweden, dem Osmaneschen Räich, Russland, Brandenburg-Preußen a Siebenbürgen), gekennzeechent waren.

An den dräi Opdeelungen vu Polen 1772, 1793 und 1795 gouf déi schwach Positioun vu Polen vu sengen Noperen Preußen, Éisträich a Russland ausgenotz, fir Polen zu gläicher Zäit ze iwwerfalen an ët ënner sech rechtswiddreg an dräi verschidde Staaten opzedeelen.

Op d’Drängen vum franséischen Keeser Napoleon ass 1807, am Cader vum Friddensofkommen vun Tilsit, aus den zwou leschten Opdeelungen e relativ klengt Herzogtum Warschau, als Vasallenstaat vu Frankräich entstan, deem ët 1809 gelong ass, Deeler vu Klengpolen rëm vun Éisträich lasszekneppen. Opgrond vu der Néierlag vu der polnesch-franséischer Allianz am Krich vu 1812 souwéi an der Völkerschlacht bei Leipzig am Jor 1813, koum ët um Wiener Kongress zu enger neier Opdeelung vu Polen. Grouss Deeler (Grousspolen) ass als Provënz Posen rëm u Preußen ofgetratt ginn. Éisträich huet dat, wat him aus der éischte Deelung vu Polen zougefall war, rëmkritt. Krakau gouf als Stad zu engem eegenen Stat erhuef, (Republik Krakau). Wat iwwreg blouf, gouf als „Kinnikräich Polen“ 1815 an enger Personalunioun mat dem Russeschen Zarenreich verbonn, war also formal, vum selweschten Herrscher wéi dee vu Russland ofgesinn, onofhängeg, eng Onofhängegkeet, déi Polen allerdengs lues a lues ënnert der zaristeschen Verwaltung verluer gang ass. Dadurch koum ët zum fehlgeschloenen Novemberopstand vun 1830, ann dem d’ Polen probéiert haten, déi russesch friem Herrschaft ofzerëselen. D’Oppressioun ass am russeschen an am preusseschen Deel dorophinn ëmmer méi grouss ginn. D’ Bezeechnung Polen gouf souguer verbuet an d’ Land durch d’russesch Muecht an Weichselland ëmgedeeft.

[Änneren] Onofhängegkeet an Zweet Republik 1918–1939

Polen no dem Fridden vu Riga mat Sowjetrussland den 18. März 1921, (administrativ Opdeelung an Wojewodschaften
Polen no dem Fridden vu Riga mat Sowjetrussland den 18. März 1921, (administrativ Opdeelung an Wojewodschaften

Am Éischten Weltkrich hunn dat Däitschland an Éisträich-Ungarn d’Grënnung vun engem polneschen Staat beschloss. Dat war méi géint Russland geriicht a manner als Unerkennung vun der polnescher Eegenstatlechkeet. Duerch de Krich hat dese Beschloss iewer keng Auswierkung. No der Néierlag vun Länner, déi Polen opgedeelt haten krouch Polen 1919, nom Éischten Weltkrich, seng Souveränitéitt rëm. Duerch de Vertrag vu Versailles gouf d’Onofhängegkeet vu Polen 1919 och an engem internationalen Cader ënnermauert.

Vun de Länner, déi de Krich gewonnen haten, goufen an Osteuropa d’Grenzen no Bevëlkerungsmajoritéiten nei gezeechent. D’Weimarer Republik war gezwongen, d’preußesch Provënzen Westpreußen a Posen rëm ofzeginn. Vun 1919–1926 hunn du ronn 700.000 Mënschen dëst Gebitt verlooss. D’international Verhältnesser bloufen nom Zesummebroch vun der däitscher a russescher Monarchie gespaant. Am August 1920 huet déi Rout Arméi Polen iwwerfall, goufen awwer vum poleschen Marschall Pilsudski bezwongen. Friddensvertrag vu Riga (18. März 1921) ass du d’Ostgrenz vu Polen ëm 250 km no Osten geréckelt ginn.

[Änneren] Zweete Weltkrich 1939-1945

Mat dem Iwwerfall op Polen duerch den Hitler den 1. September an duerch d'Sowjetunion de 17. September 1939, huet den Zweete Weltkrich ugefaangen. Nom Zesummebroch vun der polnescher Front ass déi polnesch Regierung op Paräis an duerno op London geflücht, wou se eng Exilregierung op d'Bee gesat an de Widderstand organiséiert huet. Den Hitler huet zu Vergeltungsmoossnahme gegraff a mam Reinhard Heydrich d'Liquidatioun vun der polnescher Führunsschicht ënnerholl. Eleng an de véier éischte Méint vun dëser Aktioun sinn 10.000 Persounen erschoss ginn. Duerzou huet och d’Vernichtung vu de Juden gehéiert. Et gouf op polneschem Gebitt eng Rei vu Konzentratiounslageren, wéi Auschwitz, Majdanek, Treblinka, an deenen och vill Polen agespaart gi sinn, oder als Zwangsaarbechter no aneren Destinatiounen deportéiert goufen. Een Deel vu Polen gouf als "Generalgouvernement" dem Reichsminister Hans Frank ënnerstallt, deen de Polen seng Gewalt ze spieren ginn huet.

Och d’ Polen, déi ënner d'sowjetesch Herrschaft gerode waren, goufen nett vun Ënnerdréckunsmoossnahmen verschount. Et gëtt ugeholl, datt ongeféier 1,5 Millioune polnesch Bierger deportéiert goufen. 300.000 polnesch Zalldote koumen a sowjetesch Krichsgefangeschaft, nëmmen 82.000 vun hinnen hunn iwwerlieft. E goussen Deel vun den Offizéier – ca. 40.000 Persounen - goufen duerch sowjetesch Truppen 1940 bei Katyn an och an den Lageren vu Starobielsk, Kozielsk an Ostaszków ermuert.

Vill polnesch Zaloldaten hunn op derSäit vun den Alliéierten op alle Fronten oder hunn am polneschen Ënnergrond géint d’Besetzer als Partisanen gekämpft. Den Opstand vun de Juden am Warschauer Ghetto a vun der polnescher Heemechtsarméi kuerz virun Krichsënn huet e legendäre Charakter. Dësen Opstand gouf bluddeg néiergeschloen. Dobäi sinn 180 000 bis 250 000 Persounen ëmkomm an d'Warschauer Bannestad gouf dem Erdbuedem gläichgemaach. Dat ass am August 1944 geschitt, wéi d'Sowjettruppen scho virun der Dier vu Warschau stoungen, hire Virmarsch um Ufer vun der Weichsel iewer gestoppt an nogekuckt hunn, wéi déi Warschauer Bevölkerung sech verblutt huet. Alles an allem : Polen ass dat Land, dat am Zweete Weltkrich pro Kapp vun der Bevëlkerung de gréissten Zoll huet misse bezuelen, mënschlech a materiell gesinn.

[Änneren] Volleksrepublik, Sozialismus an d’ Gewerkschaftsbewegung Solidarność (1945–1989)

No dem Enn vum Zweete Weltkrich goufen, 1945, d’ Grenzen vum fréieren Polen opgrond vum Potsdamer Ofkommen no Westen geréckelt: Polen huet den ethnesch gemëschte, majoritär vun Ukrainer a Wäissrussen bewunnte Drëttel vu sengem Territoire un d’Sowjetunioun missen oftrëdden an déi do useessesch polnesch Awunner (2,5 Milliounen Mënschen) goufen verdriewen. Am Westen an Norden sinn déi däitsch Gebidder östlich vun der Oder a Lausitzer Neiße („Oder-Neiße-Linie“) u Polen gefall. Déi nei Grenzen goufen am Potsdamer Ofkommen festgeschrief. Doriwwer raus huet Polen, vun de Russen envcouragéiert, déi westlech vun der Oder geleeën Stad Stettin( an d’Gebitter rondrëm) besat an och an hieren Territoire incorporéiert . Dat ass spéider vertraglech konfirméiert a vun de conernéierten Länner akzeptéiert ginn .


Och wann Polen als Volleksrepublik theoretesch een autonomen Stat war, huet ët sech mat de russescher Fuchtel missen offannen. Vu 1956 un ass ët on Opstänn ënnert dem KP-Chef Wladyslaw Gomulka zu enger gewësser Entstanliséirung kom. Domat war d’Resistenz géint de Kommunismus allerdeng nët zu Enn. D’ Grënndung vun der Gewerkschaft Solidarność ënnert dem Lech Walesa huet e gesellschaftlechen Ëmschwong mat sech bruecht. No revolutionären Szenen vu 1980 bis 1989, déi den 4. an 18. Juni 1989 zu den éischten fräie Wahlen am Ostblock geféiert hunn, gouf de kommunistesche Regime duerch eng demokratesch, fräi gewielten Regierung ersat. Bei de Parlamentswahlen vum 4. an 18. Juni 1989 huet de Biergerkomitee Solidarnosc, (d’politesch Organisatioun vun der Gewerkschaft Solidaritéit), sämtlech 160 (vu 460) freigewiellte Sëtzer an der Chamber a 99 vun 100 Sëtzen amm neigeschafene Senat. Den Tadeusz Mazowiecki gouf den éischten nëtkommunisteschen ersten nichtkommunistischen Ministerpräsident vu Polen no 1945. Vun do un ass déi polnesch Planwirtschaft an eng Maartwirtschaft ëmgewandelt ginn. AmDezember 1990 ass de fréieren Solidarność-President Lech Wałęsa vum Vollek zum Staatspräsidenten gewielt ginn an am Dezember 1999 ass Polen an der Amtszäit vum Premier Aleksander Kwaśniewski der NATO bäigetratt. ausserdem wurden die Weichen zu einem Beitritt zur Europäischen Union (EU) gestellt. Member vun der Europäeschen Unioun gouf Polen den 1. Mee 2004, zesummen mat neng aneren Staten.

[Änneren] Wirtschaft

D’polnescht Bruttosozialprodukt huet 2004 der Weltbank no 491.549 Mio. USD erreecht, wouduerch Polen sëch op déi 22. Plaz op der Lëscht vun de gréissten Volkswirtschaften vun der Welt classéiert huet. D’ Inflation gët fir 2005 op 1,8 % geschat,ass also méi déif wéi déi an der Eurozon. De polnesche Zloty huet sech am Vergläich zum Euro an US-Dollar gefestegt. Déi offiziell Arbëschtslosenquote läit bei 15,7 % (Juni 2006), wat ca. 2,4 Mio. Mënschen am erwerbsfähegen Alter ausmëcht. 2004 waren eppes 0,5 Mio. polnische Staatsbierger an der EU beschäftegt, 324.000 dovun als Saisonarbëschter an der däitscher Landwirtschaft an an der Industrie, 73.000 a Groussbritannien, 14.500 an Irland an je 9800 a Spuenien a Frankräich.

Den Export huet 2004 73,78 Mrd. USD an den Import 88,16 Mrd. USD erreecht. Den héigen Außenhandelsdefizit ass iewer amgang ze falen. Mat 30,1 an 24,4 % ass Däitschland de gréissten Handelspartner. Aner wichteg Handelspartner sinn d’Ukraine an déi aner EU-Staaten Italien, Frankräich, Groussbritannien an d’ Tschechesch Republik an och d’USA an d’Volleksrepublik China.


[Änneren] Primäre Sektor

Wéi üblech, gët am primäre Sektor tëschent Landwirtschaft, Bauwirtschaft a Biergbau ënnerscheet.

[Änneren] Landwirtschaft

Klengen Baurenhaff zu Przyslup (Karpatenvierland)
Klengen Baurenhaff zu Przyslup (Karpatenvierland)

De primäre Sektor war bis an d’ 19. Jh. den Haaptwirtschaftszweig an der Adelsrepublik, déi bis zu den Deelungen vu Polen als Weessspäicher vun Europa ugesinn ginn ass. D’Agrarerprodukten aus den riesegen Gidder vu Klengpolen an der Ukraine goufen iwwert d’Weichsel an Danzig per >Schëff no Westeuropa transportéiert. D’ Bedeitung vum Agrarsektor geet haut zréck. 2004 huet hien nëmmen nach 4 % zum BSP bäigedro.

D’Majoritéit vun de polnesche Baueren waren fir den EU-Beitrëtt wëll se vun Subventiounen profitéieren wollten, an den europäeschen Maart fir hir Produkten opgang ass .

[Änneren] Bauwirtschaft

De polnesche Bau profitéiert vun engem Boom wéinst de villen disponiblen Terrainen an de bëllegen Arbeschtskräften an dësem Sektor. Allerdengs ass de Bau handikapéiert wéinst der starker Ofwanderung an doduerch wéinst dem Mangel u qualifizéierten Kräften.

[Änneren] Biergbau

Polen ass duerch Schlesien "traditiounsgeméiss" e Biergbauland . Déi gréisst Aktiengesellschaften, déi op der Bourse kotéiert ginn, si Firmen déi am Biergbau oder an der artverwandten Energiebranche (Tankstellen) täteg sinn.

[Änneren] Sekundäre Sektor (Industrie)

Den industrielle Sektor spillt zënter dem Ënn vum 19. Jorhonnert eng éischt Roll, ass iewer no 1989 vum Dëngschtleeschtungssecteur iwwerholl ginn. Vill grouss Betrieber, déi am harden Wettbewerb mat auslänneschen Entreprisen handicapéiert waren, hunn, an de nonzeger Jore, missen zoumachen, a goufen ersat vun auslänneschen Entreprisen, déi vun de bëllegen Arbeschtkräfte profitéiert hunn (Automobil- an Elektroindustrie).

[Änneren] Tertiäre Sektor (Dengschtleeschtungen)

De Secteur vun de Servicer dominéiert zënter 1989 déi polnesch Wirtschaft an dréit haut zu iwwert d’Halschent zum BSP bäi. Säi Mëttelpunkt ass d’Finanzmetropole an Haaptstad Warschau, wou déi meescht Enterprisen aus dem tertiären Sekteurr hire Sëtz hunn. Och zu Poznań (Stad vun de Foiren), zu Krakau an zu Wrocław, dem fréieren Breslau, hu sech d'Dëngschtleeschtungsaktivitéiten staark entwéckelt.

[Änneren] Kultur

Den Adam Mickiewicz, ee vun de gréissten Dichter vu Polen
Den Adam Mickiewicz, ee vun de gréissten Dichter vu Polen
De Frédérique Chopin, gemolt vum franséische Moler Delacroix
De Frédérique Chopin, gemolt vum franséische Moler Delacroix

D'polnesch Kultur ass räich a variéiert. Dat ass op déi komplex Geschicht zeréckzeféieren, vun deem Land dat staark hinn an hir gezu gouf. Am Mëttelalter an der Neizäit war déi multikulturell Adelsrepublik ee Foyer (Schmelztiegel) vu verschiddene Kulturen a Reliounen, déi alleguerten hiren Afloss op déi polnesch Kultur haten a nach ëmmer hunn. No den Opdeelunge vu Polen hunn déi polnesch Artisten ëmmer erëm de Kampf ëm d'Onofhängegkeet vu Polen an de Mëttelpunkt vun hire Wierker gestallt. Als Beispill dofir sief un d'Gedichter an d'Epe vum Adam Mickiewicz an d'Prosawierker vun engem éischten Nobelpräisdréier an der Literatur, Henryk Sienkiewicz d'Mazurkaën, d'Polkaen an d'Polonaisë vum Fryderyk Chopin erënnert.

Haut ass déi breet gefächert Kultur vu Polen, wéi an de meeschte westleche Länner, vun den allgemenge Globaliséirungstendenzen beaflosst, huet et awer fäerdeg bruecht an de gréisseren Stied an um Land hir eegen Identitéit ze erhalen. Eng grouss Bedeitung huet de polnesche Symbolismus an déi polnesch Plakatmolerei. Och de polnesche Film mat sengen grousse bekannte Regisseuren, wéi dem Roman Polanski, dem Andrzej Wajda, dem Krzysztof Kieślowski, dem Krzysztof Zanussi, der Agnieszka Holland an dem Jerzy Hoffman huet eng grouss Renommée an der ganzer Welt kritt.

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Polen – Biller, Videoen oder Audiodateien


Aner Sproochen
Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Sub-domains

CDRoms - Magnatune - Librivox - Liber Liber - Encyclopaedia Britannica - Project Gutenberg - Wikipedia 2008 - Wikipedia 2007 - Wikipedia 2006 -

Other Domains

https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformtivo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com