ON AMAZON:



https://www.amazon.com/Voice-Desert-Valerio-Stefano-ebook/dp/B0CJLZ2QY5/



https://www.amazon.it/dp/B0CT9YL557

We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Computer - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Computer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Image:Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Kritere fir en enzyklopedeschen Artikel. Dëst kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

E Computer (v. Engl.: to compute - "rechnen") ass en Apparat, deen Informatioune mat enger programméierter Rechevirschrëft (Computerprogramm) verschaffe kann. E Computer ass also eng Rechemaschinn, déi zousätzlech fräi programméiert ka ginn.

En Amiga 1000 Computer vun 1985
En Amiga 1000 Computer vun 1985

Ugaangs waren d'Computeren op d'Verschaffe vun Zuele beschränkt, mee hautdesdaags si se an den Industrienatiounen a praktesch alle Beräicher vum Liewen erëmzefannen. A Firmen an Administratiounen dénge se der Späicherung, dem Verschaffen an der Visualisatioun vun Informatiounen. Fir Natur- an Ingenieurswëssenschafte sinn déi zer Zäit leeschtungsstäerkste Computeren dat wichtegst Aarbechtsgeschir iwwerhaapt, dat komplex Mechanismen simuléiert, z.B. an der Klima- oder an der Nuklearfuerschung. Et sinn och ëmmer méi Privatleit, déi e Computer fir déi ënnerschiddlechst Uwennunge benotzen, a sief et nëmme fir sech mat Computerspiller ze ënnerhalen.

Déi meeschten technesch Apparater, vum Telefon iwwert de Buerer vum Zänndokter bis hin zur Mënzpréifung an engem Wuerenautomat ginn haut vun integréierte Klengstcomputere gesteiert.


Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschicht

De Leonardo Da Vinci huet Pläng gemeet fir déi éischt Rechemaschinn, déi mat Zännrieder sollt funktionéieren.

1822 huet de Mathematiker Charles Babbage an England den éischte mechanesche programméierbare Computer entwéckelt fir Steieren ze berechnen. En hat och Budget fir en ze bauen, mais dëse Computer gouf ni fäerdeg gebaut.

1938 baut de Konrad Zuse d'Zuse Z1, e fräi programméierbare mechanesche Rechner, deen awer wéinst Problemer mat der Fäerdegungspräzisioun ni voll funktiounstüchteg war. D'Z1 huet schonns d'Fléisskommarechnung beherrscht. Am Zweete Weltkrich gouf se zerstéiert a spéider wo den Originalpläng komplett nei gebaut, mat Deeler déi vu moderne Fräs- an Dréibänke gemaach goufen. Dësen Nobau vun der Z1 ass mechanesch voll funktiounsfäeg an huet eng Rechevitesse vun 1 Hz (eng Rechenoperatioun pro Sekonn).

D'Z3, déi de Konrad Zuse 1941 fäerdeg huet, gëllt haut als deen éischte wierklech funktiounstüchtege Computer vun der Welt. Als Motivatioun fier en ze bauen gett alt behaapt dass den Zuse ze faul war fier op der Hand ze rechnen.

Iwwer vill Tëschenetappen, wou de Computer vun halwer Foussballsterraingréisst op Raum- an duerno Schafgréisst agoung. Deen éischte kommerziell erfollegräiche Computer fir doheem gouf vun Apple Computer an den 70er Joren an der Garage vum Jobs sengem Elterenhaus den Apple II gebaut, no de Pläng vum Steve Wozniak ënnert der Leedung vum Steven Jobs. Wéi IBM de Potential vum Ee-Mann-Computer realiséiert huet, hun si 1981 deen éischte Personal-Computer presentéiert mat engem Betriebssystem MS-DOS, deen IBM bei dem Bill Gates vu Microsoft fir $80.000 op Liewenszäit lizenséiert huet. Apple Computer huet net geschlof, an um Apple Macintosh geschafft, deem éischte Computer mat Maus a Fënsteren um Schierm, deen den 1. Januar 1984 presentéiert gouf.

D'Meilensteng vum modernen elektroneschen digitale Computer baséiert op 4 Etappen:

  • D'Entwécklung vum intégréierte Circuit an den 50er Joren
  • D'Entwécklung vun enger Programmeiersproch Enn vun den 60er Joren, wahrscheinlech den C vum Kernighen an Ritchie bei AT&T
  • D'Entwécklung vun engem Betribssystem UNIX och bei AT&T
  • Den Internet mam TCP/IP Protokoll Koup

[Änneren] Funktiounsweis

Grondsätzlech muss ee bäi engem Computer tëschent zwee Beräicher ënnerscheeden: der Hardware, déi déi physesch Komponente vum Computer duerstellt, an der Software, ënnert deeër een d'Programméirung vum Computer versteet.

[Änneren] Hardwarearchitektur

No der Beschreiwung vum John von Neumann vun 1946, déi als "Von-Neumann-Architektur" an d'Geschicht agaangen ass, definéiert een och haut nach ëmmer véier Haaptkomponente fir e Computer:

  • d'Recheneenheet (Arithmetesch-Logesch Eenheet (ALU)),
  • d'Steiereenheet,
  • de Späicher an
  • d'An- an Ausgabeenheet(en).

An den heitege Computere sinn d'Rechen- an d'Steiereenheet meeschtens zu engem eenzege Bausteng verschmolt, der sougenannter CPU (Central Processing Unit - "zentrale Prozesser").

[Änneren] Softwarearchitektur

Ee Computer versteet eigentlech just eng ganz limitéiert Zuel vun definéierten, einfache Befeeler. Typesch Befeeler sinn z.B. "kopéier de Contenu vun der Späicherzell 5 a setz en an d'Zell 10", "addéier de Contenu vun der Zell 7 bäi de Contenu vun der Zell 13 a setz d'Resultat an d'Zell 20", "wann de Contenu vun der Zell 999 genau 0 ass, dann ass deen nächste Befeel an der Zell 30".

Dës Befeeler bestinn aus Binärcode, der sougenannter Machinnesprooch. Esou ass z.B. de Code fir eng bestëmmte Kopéieroperatioun fir Intel-Mikroprozessoren "10110000". Elo schreift awer keen e Softwareprogramm direkt an deeër Maschinnesprooch, mee éischter an enger Programméiersprooch, déi spéider da vun engem Compiler automatesch a Maschinnesprooch ëmgewandelt gëtt.

Fir datt net all Programméirer d'Rad erëm komplett frësch erfanne muss, setze modern Programmer dacks op aner Programmer wéi d'Betribssystem (z.B. Windows oder Linux) oder Befeelsdatebanken (z.B. dll-Dateien) op.

[Änneren] Links

[Änneren] Intern

[Änneren] Extern

Aner Sproochen
Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Sub-domains

CDRoms - Magnatune - Librivox - Liber Liber - Encyclopaedia Britannica - Project Gutenberg - Wikipedia 2008 - Wikipedia 2007 - Wikipedia 2006 -

Other Domains

https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformtivo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com