Memberstaate vun der Europäescher Unioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Europäesch Unioun (EU) huet 27 Memberstaaten:
- déi 6 Grënnungsmemberen vun den Europäesche Communautéiten, déi och schonns 1951 den CECA-Vertrag ënnerschriwwen haten:
- 1973 koum et zum Bäitrëtt vun 3 weidere Länner:
Norwegen hat och ënnerschriwwen, dass et willt bäitrieden, mee d'Vollek huet dat an engem Referendum refuséiert.
- 1981 ass et um Tour vu Griicheland.
- 1995 trieden 3 Länner deem bäi, wat zanter 1993 duerch den Traité vu Maastricht an 'Europäesch Unioun' ëmgenannt ginn ass:
Alt nees eng Kéier huet d'norwegescht Vollek seng Regierung iwwerstëmmt a bei engem Referendum 'Neen' zum Bäitrëtt gesot.
- Mat Bulgarien a Rumänien, déi den 1. Januar 2007 bäigetruede sinn, hut sech d'Zuel vun de Memberstaate op 27 erhéicht.
Den 3. Oktober 2005 sinn d'EU-Ausseministeren sech zu Lëtzebuerg eens ginn, och mat der Tierkei a Kroatien Bäitrëttsverhandlungen unzefänken, deenen hiert Resultat awer op bleiwe soll.