ON AMAZON:



https://www.amazon.com/Voice-Desert-Valerio-Stefano-ebook/dp/B0CJLZ2QY5/



https://www.amazon.it/dp/B0CT9YL557

We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Naturschutzgebitt Haff Réimech - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Naturschutzgebitt Haff RĂ©imech

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Vue op Haff RĂ©imech
Vue op Haff RĂ©imech

Haff Réimech ass en Naturschutzgebitt am Dräilännereck Lëtzebuerg-Däitschland-Frankräich, dat un d'Uertschafte Rëmerschen, Wëntreng a Schwéidsbengen grenzt. Tëscht der Musel am Osten an deene mat Wäibierger bedeckten Häng am Weste läit an deem breeden Deel vum soss esou enkem Museldall e Fiichtgebitt, wouvun zirka 100 ha zënter 1998 ënner Naturschutz stinn. Dëst gëllt zu de schéinsten an ökologesch wäertvollste Fiichtgebidder vu Lëtzebuerg.

Inhaltsverzeechnis

[Ă„nneren] Entsteeung

Nërdlech vum Schengener Strombierg breet d'Museldall sech zimlech staark aus, woumat d'Stréimung vum Waasser do ofhëlt an d'Oflagerung zouhëlt. Am Laf vun de Joerhonnerten hu sech hei duerch regelméisseg Iwwerschwemmunge verschidde Schichte vu Sand a Kisel an aner Sedimenten ofgelagert. Dëst fruchtbart Land gouf schonns a Réimerzäit geschat, wéi archeologesch fonnten Objete bezeien. Zënter den 1940er Jore ginn dës Muselsand-Gemëscher industriell ofgebaut an hannerloossen eng Landschaft mat géie Basengen, déi sech no an no mat Waasser gefëllt hunn. D'Waasserqualitéit vun dëse Baggerweieren, där et hei eng etlech gëtt (ëm déi véierzeg), ass exzellent, well d'Waasser gréisstendeels aus ënnerierdesche Quelle vun de Wäibierger hirkënnt. Eréischt duerch d'Muselkanaliséierung an den 1960er Joren an nom Bau vun der Muselstrooss huet d'Gebitt schliisslech ganz de Kontakt mam Floss verluer.

Bei engem Baggerweier
Bei engem Baggerweier

Obwuel dëst Kiselgrouwegebitt staark vum Mënsch verännert ginn ass, huet sech awer nom Enn vun der Exploitatioun op deenen eenzelne Plazen hei mat der Zäit een aarteräichen a villsäitege Liewensraum entwéckelt. No laanger Diskussioun si schliisslech mam groussherzoglechem Reglement vum 23. Mäerz 1998 zesumme mam Fiichtgebitt Taupeschwues, klengt Stéck flossofwäerts vun der Musel, 75,1 ha mat enger 25,67 ha grousser Pufferzon vun deenen ëm 350 ha offiziell zum Naturschutzgebitt erkläert ginn. Haut gehéiert dëst Schutzgebitt zu engem weltwäiten Netz vu schützenswäerte Fiichtgebidder (Ramsar-Konventioun) un. Am Kader vun der EU-Vulleschutzdirectiv 79/409/CEE ass d'Haff Réimech als wichtegt Vulleschutzgebitt ausgewise ginn a gehéiert domat dem och Natura 2000-Netz un.

[Ă„nneren] Ă–kologie

Fir d'Vullewelt sinn dës fréier Kiselgrouwen als Bréiplaz, Rascht- oder Iwwerwanterungsgebitt vun eemoleger Bedeitung. Bis haut konnten am Gebitt ëm 230 Vullenaarten nogewise ginn, vun deenen der ëm 90 als Bréivulle gëllen. De Klenge Wakeleefer (Charadrius dubius) an d'Grondschmuelef (Riparia riparia) hu mat als éischt hei gebréit. Nieft dem Kaupechen Ducker (Podiceps cristatus), dem Klenge Räer (Ixobrychus minutus) bréit och nach d'Kaupeg Int (Aythya fuligula) zu Lëtzebuerg just an dësem Gebitt. De Kormoran (Phalacrocorax carbo) oder d'Mouerochs (Botaurus stellaris) benotzen d'Baggerweiere fir z'iwwerwanteren.

Déi géi Ufere sinn eng gär genotzte Bréiplaz fir den Äisvull (Alcedo atthis) an d'Grondschmuelef. Duerch déi staark Uferverbuschung an zum Deel d'Auswäschung vum Sand zu flaache Sandbänke sinn dës Plaze mat der Zäit fir si oninteressant ginn. Dës Sandbänke ginn awer vu Watvullenaarten als Raschtplaz gär gesinn. Nodeems verschidden Uferen ofgeflaacht gi sinn, sinn op ville Plaze Flaachwaasserzonen entstanen, déi zu den aarteräichste Liewensraim zielen. Schonns no kuerzer Zäit konnten d'Lëtschen (Phragmites communis) sech hei ausbreeden. Grouss Lëtsche-Bestänn ronderëm d'Ufere bidden haut ville Vulle Schutz a Bréiméiglechkeeten. Zu hinnen zielen de Grousse Jäizert (Acrocephalus arundinaceus), d'Baartmees (Panurus biarmicus) oder de Klenge Räer. Am klenge Flossdelltebësch mat senger typescher Vegetatioun bréit nawell gär déi rar Remiz pendulinus an hirem androcksvollem eefërmegem Nascht. Déi séier Verbuschung ronderëm d'Weieren huet dem Klenge Wakeleefer awer säi Liewensraum geklaut. Duerch d'Ariichte vun enger Kiselinsel, op där all Joer d'Kraider gebotzt ginn, soll säi Bestand nees zouhuelen.

Awer net nëmmen d'Vulle fannen hei ideal Liewensbedéngungen. Am Fréijoer benotze Fräschen, Mouken an Epse gär déi vegetatiounsräich Flaachwaasserzone fir ze läichen. An dësem waarme Waasser kenne si sech ideal vum Ee iwwert de Kauzekapp zum erwuessenem Fräsch entwéckelen. Am Summer sinn nieft der Réngelnatter (Natrix natrix) och Libellen a Waassergéigend unzetreffen. Déi Gréng Ederes (Lacerta agilis) notzt gär déi oppe Kisel- a Sandfläche fir sech ze sonnen an op Insekten-Juegd ze goen. Op dréchne, kreiderräiche Braachfläche ronderëm Gebitt wuesse rar Orchideeën, déi Päiperleken a Spannen unzéien.

Panneau vun de LĂ©ierpied
Panneau vun de LĂ©ierpied

[Änneren] Naturléierpied

Op zwéi Léierweeër an a verschiddenen Observéierungsbraken kann een haut déi rar Vullen an hirem natierlechem Entourage entdecken an observéieren. Um "grénge Wee" mat enger Längt vun 2,5 km stinn eng siwen interessant Panneauen, déi en Iwwerbléck iwwert d'Entsteeung vum Gebitt an iwwert déi eenzel Liewensraim bannent der Reserv vermëttelen. Den 2,7 km laangen "orange Wee" féiert laanscht déi kënschtlech géi Mauer, déi der Grondschmuelef soll déngen, laanscht en Aussichtspunkt an den Oberséierungstuerm, déi en Ausbléck op de mëttleren Deel vum Naturschutzgebitt erméiglechen.

[Ă„nneren] Literatur zum Thema

  • Raymond Gloden, Patric LorgĂ©, Gesichter der Natur - Ein Jahr im Naturschutzgebiet Haff RĂ©imech, Editions Saint-Paul, LĂ«tzebuerg, 2003.
  • Ă‹mweltministère (Forstverwaltung, Naturschutzabteilung Bezirk SĂĽden), Naturschutzgebitt Haff RĂ©imech, LĂ«tzebuerg, 1999.
  • Gilles Biver, "Naturschutzgebiet Haff RĂ©imech" in Regulus N°12, S. 4-7, LĂ«tzebuerger Natur- a Vulleschutzliga, 2004.
  • Patric LorgĂ©, "Feuchtgebiete, ihre Renaturierung und die Auswirkungen auf die Vogelwelt" in Regulus N°4, S. 9-13, LĂ«tzebuerger Natur- a Vulleschutzliga, 2005.

[Ă„nneren] Linken

[Ă„nneren] Kuckt och

[Ă„nneren] Um Spaweck

Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Sub-domains

CDRoms - Magnatune - Librivox - Liber Liber - Encyclopaedia Britannica - Project Gutenberg - Wikipedia 2008 - Wikipedia 2007 - Wikipedia 2006 -

Other Domains

https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformtivo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com