ON AMAZON:



https://www.amazon.com/Voice-Desert-Valerio-Stefano-ebook/dp/B0CJLZ2QY5/



https://www.amazon.it/dp/B0CT9YL557

We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Preisen - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Preisen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D'Kinnekräich Preisen 1866-1918
D'Kinnekräich Preisen 1866-1918

Preisen (dt.: Preußen, lat.: Borussia, Prussia oder Prutenia; poln. Prusy; russ.: Prussija) war ursprénglech d'Gebitt vum baltesche Volleksstamm vun de Pruzzen, dono eent vun de Länner vum Däitschen Uerden an zanter dem 16. Joerhonnert en Herzogtum vun den Hohenzollern ënner polnescher Lehnshoheit, wat zënter 1618 a Personalunioun mat der Mark Brandenburg verbonne war. Nodeems Deeler vu Preisen 1660 am Fridde vun Oliva souverän gi waren huet sechvVu 1701 un aus Deeler dovunner e selbstännegt Kinnekräich gebilt, an den Numm huet schlussendlech all Herrschaftsgebidder vun den Hohenzollern bezeechent. Dëst huet, bis op e puer Ausnamen, vun 1815 bis 1866, mat Ausnam vun de Provënze Posen, Ost- a Westpreisen, dem Däitsche Bond a vun 1867 bis 1871 mat sengem ganzen Territoire dem Norddäitsche Bond ugehéiert. Vun 1871 bis 1945 war Preisen e Land vum Däitsche Räich. 1934 gouf et de facto, 1947 de jure opgeléist.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschicht

Fir d'Vir- a Fréigeschicht souwéi d'Geschicht vum Uerdensstaat, kuckt w.e.g. Ostpreisen.

[Änneren] Brandenburg-Preisen

Statu vum Albrecht vu Brandenburg-Ansbach zu Marienburg
Statu vum Albrecht vu Brandenburg-Ansbach zu Marienburg

Brandenburg-Preisen, dat spéidert Kinnekräich Preisen, ass am Wesentlechen aus zwee Deeler vum Land entstanen:

  • aus der Mark Brandenburg, déi zu de siiwe Kurfürstentümer vun Hellege Réimesche Räich gehéiert huet,
  • an aus dem Herzogtum Preisen, wat vu 1466 bis 1654 ënner polnescher Lehnshoheit stung, an aus dem Staat vun den Däitschuerdensritter erfirgaange war.

D'Kurfürstentum Brandenburg hat de Keeser Sigismund (13681437) 1415 dem Buerggrafe vun Nürnberg, Friedrich vun Hohenzollern (13711440), zum Lehe ginn, nodeems d'Fürstenhaus vun den Askanier, déi virdrun hei regéiert haten, ausgestuerwe war. Och d'Herzogtum preise gouf zënter dem 16. Joerhonnert vun enger Linn aus dem Haus Hohenzollern regéiert, nodeems de leschten Héichmeeschter vum Däitschen Uerden, Albrecht vu Brandenburg-Ansbach (14901568), sech op de Rod vum Martin Luther (14831546) a mam Averständnis vum polnesche Kinnek Sigismud I. den Eeleren, der Reformatioun ugeschloss hat, an den Uerdensstaat an en ierflecht Herzogtum ëmgewandelt hat. Sou wéi den Herrscher gouf och d'Bevëlkerung evangelesch. Den Uerdensstaat war schonn zënter 1466 net méi souverän, mee ënnerstung der Lehnshoheit vun der polnescher Kroun. Dofir huet den Albrecht dem polnesche Kinnek Sigismund I. (14671548) den 8. Abrëll 1525 zu Krakau de Lehnseid fir d'Herzogtum geleescht.

Nodeems d'herzoglech-preisesch Linn vun den Hohenzollern erlosch war, gung d'Herzogtum 1618 un déi nächste Verwandten, d'Markgrofen an d'Kurfürste vu Brandenburg. Dës hu vun do unn béid Länner an enger Personalunioun regéiert. Bis zum Traité vu Wehlau (1657) sollt hirt Herrschaftsgebitt awer politesch aus zwee Deeler bestoen: Brandenburg war en Deel vum Hellege Réimesche Räich, Preise weiderhinn e polnescht Lehen. D'Herrscher vu Brandenburg-Preisen waren also souwuel dem däitsche Keeser wéi och der polnescher Kroun lehnspflichteg.

Friedrich Wilhelm, Kurfürst vu Brandenburg
Friedrich Wilhelm, Kurfürst vu Brandenburg

Am Drëssegjärege Krich stoung Brandenburg op der Säit vun der evangelescher Unioun. Wäit Deeler vum Land goufen deemools verwüst an entvëlkert. De Kurfürst Friedrich Wilhelm (16201688), spéider de Grousse Kurfürst genannt, huet nom Krich eng Schaukelpolitik tëscht de Groussmuechte bedriwwen, fir säi wirtschaftlech a militäresch schwaacht Land ze entwéckeln. Hien huet wirtschaftlech Reformen duerchgefouert, eng grouss Arméi opgebaut an de Stänn zugonschte vun enger absolutistescher Zentraladministratioun d'Muecht geholl. Ausserdem hunn Dausende vu franséischen Hugenotten en Asyl bei him fonnt. 1648 huet hien Hinterpommern kaf, de Rescht vum Ravensberger Land ëm Minden an Halberstadt souwéi 1680 Magdeburg.

De Friedrich Wilhelm huet och den Opbau vun enger eegener Kurbrandenburgescher Marine bedriwwen, a Kolonialprojeten a Westafrika an a Westindie verfollegt. Dës Pläng hunn awer eréischt zum Enn vu senger Regentschaft Erfolleger gewisen. Sou koum et 1683 zu der Grënnung vun der Festung Gross Friedrichsburg am heitege Ghana, déi awer scho 1718 un d'Hollänner verkaf gouf. 16851721 war d'Insel Arguim virun der Küst vum heitege Mauretanien ënnert dem Numm Arguin eng brandenburg-preisesch Kolonie. An der Karibik gouf en Deel vum dänesche Besëtz St. Thomas zu engem brandenburgeschen Handelsstützpunkt. Fir en adequate Stützpunkt an Däitschland ze hunn, huet de Friedrich Wilhelm den 2. Mee 1683 e Vertrag mat der Stad Emden geschloss, an si zum Sëtz vu senger Afrikanescher Handelskompanie gemaach.

Ënnert dem Kurfürst Friedrich Wilhelm gouf Brandenburg no Éisträich dat mächtegst Land am Räich. Wéi Polen duerch Ausernanersetzunge mat Schwede geschwächt war, konnt hien 1657 am Traité vu Wehlau d'Herzogtum Preisen aus der polnescher Uewerhoheit léisen. Am Fridde vun Oliva vu 1660 gouf d'Souveränitéit vum Herzogtum entgülteg unerkannt. Dëst war eng desisif Viraussetzung fir d'Erhiewung zum Kinnekräich ënnert dem Jong vum Grousse Kurfürst.

[Änneren] Kinnekräich Preisen (bis 1871)

Wope vum Kinnekräich Preisen
Wope vum Kinnekräich Preisen

[Änneren] Grënnung vum Kinnekräich

Rang, Reputatioun a Prestige vun engem Fürst waren an der Zäit vum Absolutismus wichtig politesch Fakteuren. Dem Kurfürst Friedrich III. vu Brandenburg (1657-1713) koum dohir d'Tatsaach immens geleeën, dass d'Herzogtum Preisen zanter 1660 ënnert kenger anerer Kroun méi stung, also souverän war. Dat huet him erméiglecht, d'Herzogtum zum Kinnekräich ze erhiewen, a sech selwer zum Kinnek ze maachen. Dobäi huet hie virun allem versicht, d'Ranggläichheet mam Kurfürst vu Sachsen, deen zugläich Kinnek vu Polen war, a mam Kurfürst vun Hannover, deen Uspréch op den engleschen Troun hat, ze respektéieren. De Keeser Leopold I. huet zougestëmmt, datt hien als Herrscher fir Territoire baussent sengem Räich, wat op d'Herzogtum Preisen zougetraff huet, de Kinnekstitel däerf droen. Sou huet sech de Kurfürst den 18. Januar 1701 als Friedrich I. zu Königsberg eegenhänneg zum "Kinnek a Preisen" gekréint.

Dës besonnesch Titulatur "a Preisen" war noutwänneg, well d'Bezeechnung als "Kinnek vu Preisen" als Herrschaftsusproch op dat gesamt preisescht Gebitt verstane ging wäer. Well awer d'Ermland a Westpreisen deemools nach polnesch waren, hätt dëst zu Konflikter mam Nopeschland gefouert, deem seng Herrscher nach bis 1742 den Titel "Kinnek vu Preisen" beusprocht hunn. Zënter 1701 huet sech am allgemengen däitsche Sproochgebrauch d'Landesbezeechnung "Kinnekräich Preisen" fir all Gebidder déi vun den Hohenzollern regéiert goufen agebiergert - ob déi lo am oder baussent dem Hellege Réimesche Räich lungen.

[Änneren] Friedrich Wilhelm I. - Den Zaldotekinnek

De Jong vum Friedrich I., de Friedrich Wilhelm I. (17131740), hat et net esou mam Prunk a mam Pomp wéi säi Papp, mee war spuersam a praktesch verulaagt. Den "Zaldotekinnek" gëllt als den eigentleche Schëpfer vum preisesche Beamtentum a vun der Arméi, déi hien zu enger vun de schlagkräftegsten a ganz Europa ausgebaut huet. Wann een d'Gréisst vum Land mat der Gréisst vun der Arméi vergläicht, wonnert een sech net wann de Voltaire spéider seet, Preise wäer kee Land mat enger Arméi, mee eng Arméi mat engem Land.

De Kinnek huet awer och méi wéi 20.000 Salzburger, protestantesch Glawensflüchtlingen, an Ostpreisen an an aneren Deeler vum Land ugesidelt. 1720 huet hie Vorpommern bis zu der Peene vu Schweden ofkaf.

[Änneren] Friedrich II. - De Groussen

Adolph von Menzel: Tafelrunde De Kinnek Friedrich II. (Mëtt) zu Sanssouci mam Voltaire (lénks) an de Käpp vun der Berliner Akademie, 1850, ehemoleg Nationalgalerie, Berlin, 1945 verbrannt.
Adolph von Menzel: Tafelrunde De Kinnek Friedrich II. (Mëtt) zu Sanssouci mam Voltaire (lénks) an de Käpp vun der Berliner Akademie, 1850, ehemoleg Nationalgalerie, Berlin, 1945 verbrannt.

Den 31. Mee 1740 koum de Friedrich II. – spéider och „Friedrich de Grousse“ genannt – op den Troun. Obschonns hien als Krounprënz éischter e Faible fir d'Philosophie an d'schéi Kënscht hat, huet hien a sengem éischte Regierungsjoer d'preisesch Arméi a Schlesien amarschéiere gelooss, op dat d'Hohenzollern ëmstridden Usprëch erhuewen haten. An den dräi Schlesesche Kricher (17401763) ass et him gelongen, d'Eruewerung géint Éisträich ze behapten, am Siiwejärege Krich esouguer géint eng Koalitioun aus Éisträich, Frankräich a Russland. Dëst wor den Ufank vun der preisescher Groussmuechtstellung an Europa a vum preisesch-éisträicheschen Dualismus am Räich.

1744 goung d'Grofschaft Ostfriesland nom Ausstierwe vum Fürstegeschlecht vun den Cirksena u Preisen, wat schonn zanter 1683 duerch Handelsbezéiungen Virdeeler vun Ostfriesland gezunn hat.

An de leschten 23 Joer vu senger Herrschaft, déi bis 1786 gedauert huet, huet de Friedrich, dee sech als "éischten Dinger vum Staat" verstanen huet, de Landesausbau a weider Besidlung vu brandenburgesch-preisesche Gebidder gefërdert, sou zum Beispill vum Odenbruch. Als Vertrieder vum Opgekläerten Absolutismus huet hien d'Folter ofgeschaf, d'Schoulpflicht agefouert, en Allgemengt preisescht Landrecht geschaf, an huet mat der Garantie op komplett Glawensfräiheet weider Exulanten an d'Land gelackelt. No senger Opfaassung sollt a Preisen "jeder nach seiner Façon selig werden". Bekannt gouf an dësem Zesummenhang säin Aussproch: "Alle Religionen seindt gleich und gut, wan nuhr die leute, so sie profesieren, Ehrlige leute seindt, und wenn Türken und Heiden kämen und wollten das Land pöplieren, so wollten wir sie Mosqueen und Kirchen bauen."

Zesumme mat Éisträich a Russland huet de Friedrich d'Zerstéckelung vu Pole bedriwwen. Bei der éischter Deelung vu Polen 1772 gounge Polnesch-Preisen, den Netzedistrikt an d'Fürstbistum Ermland un de Friedrich II., sou dass hien sech elo Kinnek vu Preise konnt nennen.

D'Politik vis-à-vis vu Pole gouf vum Friedrich Wilhelm II. (17861797) weidergefouert. Bei der 2. an 3. Deelung vu Polen (1793 a 1795) huet sech Preise weider polnesch Gebidder bis op Warschau geséchert.

[Änneren] Néierlag géint den Napoleon, Reformen a Fräiheetskricher

Napoléon Bonaparte
Napoléon Bonaparte

Ënnert dem Friedrich Wilhelm II. (17861797) huet sech Preisen als éischt un de Koalitiounskricher géint dat revolutionärt Frankräich bedeelegt, mee ass nom Fridde vu Basel 1795 fir méi wéi ee Joerzéngt aus der antifranséischer Allianz ausgetrueden.

Eréischt wéi 1806 Verhandlunge mat Frankräich iwwert d'Opdeelung vun de Muechtsphären an Däitschland gescheitert waren, koum et nees zum Krich. An der Schluecht vu Jena huet Preisen eng batter Néierlag géint d'Truppe vum Napoleon missen erliewen; de Kinnek Friedrich Wilhelm III. (17971840) a seng Famill hu missen als Iwwergangsléisung op Memel flüchten. Der Staat huet 1807 am Fridde vun Tilsit ongeféier d'Halschent vu sengem Gebitt verluer, besonnesch Territoiren aus der zweeter an drëtter polnescher Deelung, déi elo un d'Groussherzogtum Warschau goungen. Ausserdem huet hie missen eng Allianz mat Frankräich agoen.

D'Néierlag vu Preisen hat eng Erneierung vum Staat onëmgänglech gemaach. Mat de Stein-Hardenberg Reformen ënnert der Leedung vum Freiherr vom Stein, dem Scharnhorst an dem Hardenberg gouf d'Bildungswiese reforméiert, 1807 gouf d'Leifeegeschaft vun de Baueren opgehuewen an 1808 d'Selbstverwaltung vun de Stied agefouert. 1810 gouf d'Gewerbefräiheet agefouert. D'Reform vun der Arméi gouf 1813 mat der Aféierung vun der allgemenger Wehrpflicht ofgeschloss.

No der Néierlag vum Napoleon géint Russland huet Preisen d'Allianz mat Frankräich gekënnegt an huet sech ab 1813 un de sougenannte Fräiheetskricher an der anti-franséischer Koalitioun bedeelegt. Preisesch Truppen ënnert dem Marschall Blücher hu bei der Schluecht vu Waterloo 1815 zu der entgülteger Victoire iwwert den Napoleon e groussen Deel bäigedro.

D'Verspriechen, wat de Friedrich Wilhelm III. dem Vollek während de Fräiheetskricher ginn hat, nämlech dass d'Land eng Konstitutioun ging kréien, huet en awer ni ageléist. Hien huet mam Zar vun Russland a mam Keeser vun Éisträich d'Helleg Allianz an d'Liewe geruff, déi et op d'Ënnerdréckung vun allen Demokratiebestrieweungen an Europa ofgesinn hat.

Beim Wiener Kongress 1815 krut Preise säin aalt Staatsgebitt nees zeréck, ausserdem och nach de Resch vu Vorpommern, den nërdlechen Deel vum Kinnekräich Sachsen, Westfalen an d'Rhäinprovënz. Et huet zwar déi ehemoleg polnesch Provënz Posen behalen, mee huet dës Gebidder an der zweeter an drëtter polnescher Deelung u Russland verluer. Preisen huet elo aus zwee grousse, mee räimlech getrennte Lännerbléck an Ost- a Westdäitschland bestanen. Et gouf Member vum Däitsche Bund, dem labbere Verband vun den däitsche Staaten ënnert éisträichescher Féierung, dee vun 1815 bis 1866 existéiert huet.

[Änneren] Mäerzrevolutioun an Industrialiséierung

Fir Preise lung opgrond vun der Tatsaach, dass säi Staatsgebitt an zwee gedeelt war, d'wirtschaftlech Eenegung vun Däitschland no 1815 am eegenen Interessi. D'Kinnekräich huet zu den dreiwende Kraafte vum Däitschen Zollveräin gezielt, deem et 1834 bäigetrueden ass. Doropshinn koum et och am Land selwer zu ëmmer méi Zoustëmme fir eng däitsch Eenegung, besonnesch bei de Protestanten, déi Hoffnungen haten, dass Preisen Éisträich un der Spëtzt vum Däitsche Bund ofléise ging. Et gouf riets vu „Preußens deutscher Sendung“, an dass d'Land ëmmer méi an Däitschland eran- an Éisträich aus Däitschland erauswuesse ging.

De Regierungsuntrëtt vum Friedrich Wilhelms IV. (18401861) hat am Ufank d'Hoffnunge vun de Liberalen an den Unhänger vun der däitscher Eenegung waakreg gemaach. Mee dës Hoffnunge goufe séier enttäuscht, nodeems de Kinnek sech laang Zäit geweigert huet, och nëmme fir den eegenen Territoire e gemeinsame Landtag an eng eenheetlech Konstitutioun anzeféieren. Mee während der Mäerzrevolution vun 1848 huet et awer geschéngt, wéi wann de Kinnek d'Fuerderunge vun de Revolutionären ging akzeptéieren. Fir d'éischte Kéier gouf e Vereenegte Landtag fir ganz Preisen zu Berlin aberuff. Gläichzäiteg koum et zu Wahlen fir dat éischt gesamtdäitscht Parlament, d'Frankfurter Nationalversammlung.

Mee schlussendlech hunn sech d'Partisane vum Nationalstaat duerchgesat, déi nëmmen déi däitsch Deeler vun Éisträich an d'Räich ophuele wollten (sougegannt groussdäitsch Léisung). Well Éisträich awer net bereed war, op seng nët-däitsch Landesdeeler ze verzichten, koum et zu der klengdäitscher Léisung[1]. Demokratie an däitsch Eenheet sinn awer 1849 gescheitert, wéi de Friedrich Wilhelm IV. d'Keeserkroun oofgeleent huet, déi him op der Nationalversammlung ugebuede gi war. D'Revolutioun gouf a Süddäitschland mat der Hëllef vu preiseschen Truppen entgülteg néiergeschlo. Preise krut 1850 eng vum Kinnek oktroyéiert Konstitutioun.

Am Laf vun der Industrialiséierung goufen eng grouss Zuel vu Land- a Waasserweeër, a Kanäl gebaut, déi queesch duerch d'Däitschland de Weste mam Oste verbonnen hunn. Am Uewerland vu West- an Ostpreisen ass den Uewerländesche Kanal entstanen, deen d'Ostséi an Elbing am Norde mat Masuren am Süde verbonnen huet. An den 1860er Joere gouf mam Bau vun der Ostbunn ugefaangen, déi vu Berlin iwwer Thorn a Königsberg bis zu der Ostgrenz gefouert huet, a bis zum Zweete Weltkrich eng vun den Haaptverkéiersachse vu Preise war.

Quellen:

  1. Werner Frotscher, Bodo Pieroth: Verfassungsgeschichte, 5. Opl., München 2005, Rn 307.

[Änneren] Konstitutiounskonflikt ronderëm d'Reform vun der Arméi

De Wilhelm I., dee schonn 1858 d'Regentschaft fir säi Brudder Friedrich Wilhelm IV. iwwerholl hat, nodeems dee schonn e puer Häerzinfarkter hannert sech hat, an net méi fäheg war ze regéieren, ass 1861 op de preiseschen Troun geklommen. Mam Krichsminister Roon hat hie wëlles, d'Arméi ze reforméieren, den Dingscht sollt méi laang daueren an d'Arméi sollt opgerüst ginn. D'liberal Majoritéit vum Preisesche Landtag, den den Droit vum Budget hat, wollt awer d'Suen heifir net erausréckelen. Et koum zu engem Konstitutiounskonflikt, wou de Kinnek suguer dru geduecht huet ofzedanken. Als leschten Auswee huet hien 1862 beschloss, den Otto von Bismarck als Ministerpresident ze beruffen. Dëse war e vehemente Partisan vum kinneklechen Usproch op Allengherrschaft an huet joerelaang géint d'Konstitutioun an d'Parlament ouni gesetzlechen Haushalt regéiert.

[Änneren] De Bismarck an d'Eenegungskricher

Otto von Bismarck
Otto von Bismarck

Aus der Erkenntnis eraus, dass d'preisesch Kroun nëmmen da vum Vollek de Réck gestäerkt ging kréien, wa si sech un d'Spëtzt vun der däitscher Eeenegungsbewegung setzt, huet de Bismarck dräi Kricher gefouert, déi dem Kinnek Wilhelm déi däitsch Keeserkroun abruecht hunn:

Däitsch-Dänesche Krich 1864: De Kinnek vun Dänemark war a Personalunioun mam Herzog vu Schleswig-Holstein, wat zënter 1460 eng Eenheet gebild huet. Nëmmen d'Deelherzogtum Holstein huet awer zum Däitsche Bund gehéiert. De Versuch vun der Kopenhagener Regierung, Schleswig ënnert dem Ausschloss vun Holstein an den dänesche Gesamtstaat anzeglidderen, huet 1864 ënnert der Féierung vu Preisen an Éisträich zum Krich vun Däitsche Bund géint d'nërdlecht Nopeschland gefouert. No hirer Victoire huet déi dänesch Kroun missen op Schleswig an op Holstein verzichten. Déi zwee Deelherzogtümer goufen elo vu Preisen an Éisträich zesummen administréiert.

Däitsche Krich 1866: Den Ulass vun dësem Krich ware Konflikter tëscht Éisträich a Preisen ëm d'Administratioun an d'Zukunft vu Schleswig-Holstein. Déi méi déif Ursaach war awer och de Sträit ëm d'Virherrschaft an Däitschland. Op der Säit vun Éisträich stungen d'mëtteldäitsch Staaten, op der Säit vu Preisen nieft den norddäitsche Staaten och Italien. Nodeems preisesch Truppen ënnert dem Moltke den 3. Juli 1866 an der Schluecht vu Königgrätz déi entscheedend Victoire kritt haten, huet Éisträich seng Virmuechtstellung verluer, an ass aus dem Däitsche Bund ausgetrueden. Fridde vu Prag den 23. August 1866 huet Preisen d'Kinnekräich Hannover, Hessen-Kassel, d'Herzogtum Nassau, d'Fräi Stad Frankfurt a ganz Schleswig-Holstein abruecht. Domadder waren elo bal all preisesch Gebidder matenee verbonnen.

Den Däitsche Bund, dee faktesch schonn duerch de Krich zerfall war, gouf 1866 am Fridde vu Prag formell opgeléist. Scho fënnef Deeg virdrun hat Preisen zesumme mat de Länner nërdlech vun der Main-Linn den Norddäitsche Bund gegrënnt. Um Ufank e Militärbündnis, hunn d'Vertragsparteien 1867 eng Konstitutioun ausgeschafft, déi Preisen zum dominante Bundesstaat gemaach huet. Déi Konstitutioun, déi de Bismarck entworf hat, huet an de wesentleche Punkten déi vum Däitsche Räich iwwerholl. De Kinnek vu Preise war President an de preisesche Ministerpresident war Bundeskanzler vum Norddäitsche Bund. D'souverän Staaten hu missen e sougenanntent Schutz- und Trutzbündnis mat Preisen agoen.

Däitsch-Franséische Krich 1870/71: De Bismarck huet de Sträit mat Frankräich ëm déi spuenesch Trounkandidatur vun engem kathouleschen Hohenzollernprënz bewosst zougespëtzt (kuckt och Emser Depesch), fir d'Regierung vum Napoléon III. zu enger Krichserkläerung ze provozéieren. Dëst stellt fir d'süddäitsch Staate Bayern, Bayern, Württemberg a Baden de Bündnisfall duer. No der séierer Victoire ware si gezwongen, dem Norddäitsche Bund bäizetrieden. Domadder war d'Däitscht Räich an der klengdäitscher Versioun gegrënnt ginn, wat schonn Thema bei der Nationalversammlung vun 1848/49 war. An der Galerie des Glaces zu Versailles gouf de Wilhelm I. den 18. Januar 1871 - um 170. Joeresdag vun der Kinnekskréinung vum Friedrich I. - zum Däitsche Keeser proklaméiert.

[Änneren] Preisen am Däitsche Räich

Bild:Preussen-Siegel.jpg
Sigel vu Preisen

Preisen ass vun 1871 un genausou an Däitschland opgaangen, wéi Däitschland e preisesche Charakter krut. De Kinnek vu Preise war och Däitsche Keeser an de preisesche Ministerpresident bal ëmmer och Räichskanzler. De Ministerpresident an de Kanzler hunn awer net unbedingt misse preisesch sinn, wéi am Fall vum Chlodwig zu Hohenlohe-Schillingsfürst.

[Änneren] Bis zum Enn vun der Monarchie

Tëscht 1871 an 1887 huet de Bismarck de sougenannte Kulturkampf géint déi kathoulesch Bevëlkerungsdeeler gefouert, besonnesch géint d'polnesch Bevëlkerung, déi de Bismarck versicht huet, ze germaniséieren. D'Germaniséierungspolitik gouf nom Ofdanke vum Bismarck 1894 vum Däitschen Ostmarkveräin, deen zu Pose gegrënnt gi war, weidergefouert.

De schwéier kranke Friedrich III. ass am Mäerz 1888 als Nofolger vum Wilhelm I. op den Troun komm, mee schonn no enger Regierungszäit vun nëmme 99 Deeg gestuerwen. Am Juni vum Dräi-Keeser-Joer koum de Wilhelm II. op den Troun. Bis zu der Ofdankung vum Keeser am Verlaf vun der Novemberrevolutioun vun 1918 woren d'preisesch an d'Räichspolitik enk matenee verbonnen.

[Änneren] Fräistaat Preisen (Weimarer Republik)

Als Folleg vun der Néierlag am Éischte Weltkrich an der Novemberrevolutioun vun 1918/19 huet de Wilhelm II. als Däitsche Keeser a Kinnek vu Preisen oofgedankt. Domadder goung d'Realunioun vu Preise mam Däitsche Räich op en Enn, wéi si zënter dem Bismarck bestanen hat. D'Land gouf zu engem eegestännege Fräistaat am Räichsverband proklaméiert, a krut 1920 eng demokratesch Konstitutioun.

De Verloscht vun Territoiren, deen am Traité vu Versailles festgehale gi war, huet - bis op d'Räichsland Elsass-Loutréngen - ausschliesslech preisesch Gebidder betraff: Eupen-Malmedy goung un d'Belsch, Nordschleswig un Dänemark, d'Memelland u Litauen, d'Hultschiner Ländchen un d'Tschechoslowakei. Grouss Deeler vun de Gebidder, déi Preisen am Kader vun de polneschen Deelunge kritt hat, souwéi Ost-Uewerschlesien sinn u Pole gaang. Danzig gouf Fräi Stad ënnert der Administratioun vum Vëlkerbund. Wéi scho virun de polneschen Deelungen hat Ostpreise keng Landverbindung mam Rescht vum Däitsche Räich a konnt nëmme per Schëff (Séidingscht Ostpreisen) oder per Eisebunn duerch de Polnesche Korridor erreecht ginn. Och d'Saargebitt gouf gréisstendeels aus preiseschen Territoire gebild.

Vun 1919 bis 1932 hun a Preisen Regierunge vun der Weimarer Koalitioun regéiert (SPD, Zentrum an DDP), 1921 bis 1925 ëm déi DVP erweidert. Anescht wéi a verschiddenen anere Länner vum Räich war d'Majoritéit vun den demokratesche Parteien a Preisen ni a Gefor. Den Ostpreis Otto Braun, dee vun 1920 bis 1932 quasi ouni Ënnerbriechung un der Spëtzt war, a bis haut als ee vun de fähegste sozialdemokratesche Politiker vun der Weimarer Republik gëllt, huet zesumme mam Inneminister Carl Severing eng Partie Reforme verwierklecht, déi spéider e Beispill fir d'Bundesrepublik Däitschland waren. Dozou gehéiert zum Beispill dat Konstruktivt Mësstrauensvotum, wat et méiglech mecht, de Ministerpresident ofzewielen, wa gläichzäiteg en neie Ministerpresident gewielt gëtt. Op dës Art a Weis konnt d'Preisesch Landtagsregierung soulaang am Amt bleiwen, wéi sech am Landtag keng Positiv Majoritéit gebild huet, also eng Majoritéit vun den Oppositiounsparteien, déi och wierklech zesummeschaffe wollten.

Als Stäip vun der Weimarer Demokratie gouf Preisen net duerch d'Wieler, mee eréischt duerch de Preiseschlag vum Räichskanzler Franz von Papen aus dem Wee geraumt. A dësem Staatsstreech huet sech d'Räichsregierung den 20. Juli 1932 per Veruerdnung duerch d'preisesch Landesregierung ënnert dem Virwand ofgesat, si hätt d'Kontroll iwwert d'ëffentlech Uerdnung a Preise verluer (kuckt och: Altonaer Bluttsonnden). Vum Groussdeel vum Staatsapparat begréisst, huet de von Papen als Räichskommissar selwer d'Muecht iwwert de Fräistaat Preisen iwwerholl. Am Däitsche Räich war domadder déi wichtegst demokratesch Landesregierung aus dem Wee. De Preiseschlag huet nëmmen en halleft Joer méi spéit d'Muechtergräifung vum Hitler immens erliichert, well him vun Ufank un d'Muechtmëttel vun der preisescher Regierung - virun allem de Policeapparat - zur Verfügung stungen.

Resultater vun de Reichstagswahlen 1919–1933
Joer 1919 1921 1924 1928 1932 1933
Partei  % Sitze  % Sitze  % Sitze  % Sitze  % Sitze  % Sitze
SPD 36,4 145 25,9 109 24,9 114 29,0 137 21,2 94 16,6 80
Zentrum 22,3 94 17,9 76 17,6 81 15,2 71 15,3 67 14,1 68
DDP/DStP 16,2 65 5,9 26 5,9 27 4,4 21 1,5 2 0,7 3
DNVP 11,2 48 18,0 76 23,7 109 17,4 82 6,9 31 8,9 43
USPD 7,4 24 6,4 27        
DVP 5,7 23 14,0 59 9,8 45 8,5 40 1,5 7 1,0 3
DHP 0,5 2 2,4 11 1,4 6 1,0 4 0,3 1 0,2 2
SHBLD 0,4 1          
KPD   7,5 31 9,6 44 11,9 56 12,3 57 13,2 63
WP   1,2 4 2,4 11 4,5 21    
Polen   0,4 2 0,4 2      
NSFP     2,5 11      
NSDAP       1,8 6 36,3 162 43,2 211
CNBL       1,5 8    
VRP       1,2 2    
DVFP       1,1 2    
CSVD         1,2 2 0,9 3
Op 100 % Stëmmen déi feele goungen u Gruppéierungen déi net am Parlament vertruede waren.

[Änneren] Nationalsozialismus an d'Enn vu Preisen

No der Ernennung vum Hitler zum Räichskanzler gouf den Hermann Göring Reichskommissar für das preußische Innenministerium. Domat stung den Nationalsozialisten bei hirer Muechtergräifung vun Ufank un d'Exekutivgewalt vun der preisescher Landesregierung zur Verfügung, virun allem d'Police.

E puer Woche méi spéit, den 21. Mäerz 1933, koum et zum sougenannten Dag vu Potsdam. Dobäi gouf den neie Räichstag, deen de 5. Mäerz nei gewielt gi war, an der Présence vum Räichspresident Paul von Hindenburg symbolträchteg an der Potsdamer Garnisounskierch opgemaach, dem Graf vun de preisesche Kinneken. D'propagandistescht Evenement, an deem den Hitler an d'NSDAP „die Vermählung des alten Preußen mit dem jungen Deutschland“ gefeiert hunn, sollt preisesch-monarchistesch an däitschnational Kreesser fir den nationalsozialistesche Staat gewannen, an d'Konservativ am Räichstag zu der Zoustëmmung zum Ermächtigungsgesetz bewegen.

Am nationalsozialisteschen Eenheetsstaat gouf zënter 1933 Preise wéi all aner däitsch Länner gläichgeschalt. D'„Gesetz über den Neuaufbau des Reiches“ vum 30. Januar 1934 an d'„Reichsstatthaltergesetz“ vum 30. Januar 1935 hunn d'Länner zwar net formell opgeléist, mee hunn hinnen awer hir Eegestännegkeet geholl. D'Landesregierunge goufe vu Reichsstatthaltere kontrolléiert, déi vum Reichskanzler ernannt goufen. Parallel dozou krut d'Andeelung a (Partei-)Gauen ëmmer méi Bedeitung, d'Gauleiter goufe vum "Führer und Reichskanzler" ernannt, deen zugläich Parteichef vun der NSDAP war. A Preise goung dës anti-föderalistesch Politik nach méi wäit: Zënter 1934 goufe quasi all seng Landesministère mat den entspriechende Räichsministèren zesummegeluegt. Nëmmen de preisesche Finanzministère, d'Archivadministratioun a verschidden aner Landesadministratioune si bis 1945 eegestänneg bliwwen. Reichsstatthalter fir Preise gouf formell den Hitler selwer. Seng Funktioune goufen allerdéngs vum Hermann Göring als preisesche Ministerpresident erfëllt.

Am Verlaf vum Grouss-Hamburg-Gesetz koum et zu weideren territoriale Verännerungen. Preise gouf den 1. Abrëll 1937 ë. a. ëm déi bis dohinner fräi Hansestad Lübeck erweidert.

Déi am Zweete Weltkrich annektéiert polnesch (an ehemoleg preisesch Gebidder) goufe gréisstendeels net mat Preise verbonnen, mee sougenannte Reichsgauen zougedeelt.

Mam Enn vun der nationalsozialistescher Herrschaft, der Opdeelung vun Däitschland a Besatzungszonen an dem Oftriede vun alle Gebidder ëstlech vun Oder an Neisse huet Preisen 1945 de facto opgehal mat existéieren. Verschidde Gebidder goufen aus dem Land Preisen erausgeléist, fir nei Länner ze bilden. Mam Kontrollratsgesetz Nr. 46 vum 25. Februar 1947 huet den Alliéierte Kontrollrot och formell d'Opléisung vum preisesche Staat beschloss, well hien en „Hort des deutschen Militarismus“ wir, an domadder verantwortlech fir den Éischten an Zweete Weltkrich. D'Begrënnung vum Kontrollrot huet d'rechtsstaatlech Traditioune vum Land, genau sou wéi d'Tatsaach dass Preisen an der Weimarer Republik bis zum „Preiseschlag“ eng Bastioun vun der Demokratie war, verkannt.

[Änneren] Entwécklung an Ënnerdeelung

[Änneren] Administrativ Ënnerdeelung vu Preisen

D'Gebidder vun den Hohenzollern, fir déi sech no 1701 lues awer secher den Numm Kinnekräich Preisen agebiergert huet, hunn am Ufank vum 18. Joerhonnert aus de Landesdeeler Brandenburg, Pommern, Preisen, Geldern, Kleve, Moers, Krefeld, Tecklenburg, Lingen, Minden, Mark, Ravensberg, Lippstadt, Magdeburg, Halberstadt, Neuenburg a Valangin bestanen. 1713 goufen d'Landesdeeler a folgend Provënzen opgedeelt: Mëttel-, Ucker- und Altmark, Neumark-Pommern-Kassuben, Preisen, Geldern-Kleve, Minden-Mark-Ravensberg, Magdeburg-Halberstadt, Neuenburg a Valangin. 1740 goufen d'Provënzen a Krichs- an Domänekammern iwwerfouert, oder nei opgedeelt. Och hir Gestalt huet sech am Laf vum folgende Joerzéngt e puer mol geännert, wéi weider Gebidder zu Preisen derbäi koumen.

Preisesch Provënze bis 1905
Preisesch Provënze bis 1905

Nom Wiener Kongress 1815 gouf de Staat Preise mat der „Verordnung wegen verbesserter Einrichtung der Provinzialbehörden“ vum 30. Abrëll 1815 an zéng Provënzen agedeelt (a Klameren d'Haaptstad), déi mat der Ausnahm vun Ostpreisen, Westpreisen a Posen dem Däitsche Bund bäigetruede sinn:

  1. Provënz Brandenburg (Potsdam)
  2. Provënz Ostpreisen (Königsberg)
  3. Provënz Westpreisen (Danzig)
  4. Provënz Pommern (Stettin)
  5. Provënz Schlesien (Breslau)
  6. Provënz Posen (Posen)
  7. Provënz Jülich-Kleve-Berg (Köln)
  8. Provënz Groussherzogtum Nidderrhäin (Koblenz)
  9. Provënz Westfalen (Münster)
  10. Provënz Sachsen (Magdeburg)

Zënter 1822 hunn d'Provënze „Jülich-Kleve-Berg“ a „Groussherzogtum Nidderrhäin“ d' Rhäinprovënz mat der Haaptstad Koblenz gebild. 1829 goufen Ost- a Westpreisen zu der Provënz Preise mat der Haaptstad Königsberg vereenegt. Domadder huet sech d'Zuel vun de Provënzen op 8 verklengert. 1849 hunn d'Fürste vun Hechingen a Sigmaringen op hir Herrschaft verzicht, wouduerch dës beid Fürstentümer u Preise gefall sinn. Si goufen am Regierungsbezierk Sigmaringen zesumme gefaasst, dee spéider och als „Hohenzollernsche Lande“ bezeechent ginn ass. 1853 huet Preise vun Oldenburg e Landstreech un der Jade kaf, op deem en Hafen ugeluegt ginn ass. 1869 krut dëst Gebitt zesumme mat der Uertschaft den Numm Wilhelmshaven a ass 1867 un déi nei Provënz Hannover gaangen. Nom Däitsche Krich vun 1866 huet Preisen d'Kinnekräich Hannover annektéiert, d'Kurfürstentum Hessen, d'Herzogtum Nassau, d'Fürstentümer Schleswig an Holstein sowéi déi Fräi Stad Frankfurt um Main. Aus dëse Gebidder goufen dräi Provënze gemaach:

  • Provënz Hannover (Hannover)
  • Provënz Hessen-Nassau (Kassel)
  • Provënz Schleswig-Holstein (Kiel, 18791917 Schleswig)

Preisen hat domadder 11 Provënzen. D'Zuel goung duerno op 12 erop, wéi aus der Provënz Preisen zwou eenzel Provënze gemaach goufen: Ostpreisen a Westpreisen.

Nom Éischte Weltkrich huet Preise verschidde Gebidder verluer, a gouf zum Fräistaat. D'Provënz Pose gouf quasi ganz u Polen ofgetrueden. D'Provënz Westpreisen goung zu engem groussen Deel och u Polen an un d'fräi Stad Danzig. Nëmmen den ëstlechen Deel vu Westpreisen ass bei Preise bliwwen, a gouf an d'Provënz Ostpreise gesat. De Rescht vun de Gebidder vu Posen a Westpreisen, déi preisesch bliwwe sinn, goufen 1922 zu enger neier (an zweedeeleger) Provënz, déi den Numm „Provënz Grenzmark Posen-Westpreußen“ krut. An der Tëschenzäit war 1919 d'Provënz Schlesien an zwou Provënzen opgedeelt ginn, „Nidderschlesien“ an „Uewerschlesien“. E Joer méi spéit ass Berlin aus dem Provinzialverband Brandenburg ausgetrueden, an gouf zu enger eegener Provënz.

Zënter 1922 huet de Fräistaat Preisen domadder aus folgenden 12 Provënze bestanen (a Klameren d'Gebittskierperschaften, denen d'Gebidder vun de jeweilege Provënzen haut entspriechen):

Preisen an der Weimarer Republik
Preisen an der Weimarer Republik
  1. Berlin (Bundesland Berlin, Däitschland)
  2. Provënz Brandenburg (Bundesland Brandenburg, Däitschland an Woiwodschaft Lebus, Polen)
  3. Provënz Hannover (Deeler vun de Bundeslänner Niedersachsen an Hamburg, Däitschland)
  4. Provënz Hessen-Nassau (Deeler vun de Bundeslänner Hessen a Rheinland-Pfalz, Däitschland)
  5. Provënz Ostpreußen (Oblast Kaliningrad, Russland; Woiwodschaft Ermland-Masuren an en Deel vun der Woiwodschaft Pommern, Polen)
  6. Provënz Pommern (Deel vum Bundesland Mecklenburg-Vorpommern, Däitschland, Woiwodschaft Westpommern, Polen)
  7. Grenzmark Posen-Westpreisen (Deel vun der Woiwodschaft Grousspolen, Polen)
  8. Rhäinprovënz (Deeler vun de Bundeslänner Nordrhein-Westfalen a Rheinland-Pfalz, Däitschland)
  9. Provënz Sachsen (Deeler vun de Bundeslänner Sachsen-Anhalt an Thüringen, Däitschland)
  10. Provënz Niederschlesien (Woiwodschaft Nidderschlesien an Deel vun der Woiwodschaft Lebus, Polen; Deel vum Bundesland Sachsen, Däitschland)
  11. Provënz Uewerschlesien (Deel vun de Woiwodschaften Oppeln a Schlesien, Polen)
  12. Provënz Schleswig-Holstein (Deeler vun de Bundeslänner Schleswig-Holstein an Hamburg, Däitschland)
  13. Provënz Westfalen (Deeler vum Bundesland Nordrhein-Westfalen, Däitschland)

dobäi als Deel vun der Rhäinprovënz déi sougenannten

1938 goufen déi zwou schlesesch Provënzen nees vereenegt, an d'Provënz Grenzmark Posen-Westpreisen gouf opgeléist, an op d'Nopeschprovënze Pommern, Brandenburg a Schlesien opgedeelt. Domadder huet Preise bis zu senger formeller Opléisung 1947 nëmmen nach aus eelef Provënze bestanen.

Net berücksichegt sinn dobäi d'Deelunge vun de Provënzen Hessen-Nassau, Sachsen a Schlesien a jeweils zwou Provënze während dem Zweete Weltkrich.

[Änneren] Ehemoleg preisesch Gebidder no 1945

No 1945 gouf Preisen nom Artikel I vum Gesetz Nr. 46 vum Alliéierte Kontrollrot opgeléist an ënnert der Sowjetunioun, Polen an den neien däitsche Länner an der Sowjet- an den dräi Westzonen opgedeelt.

D'Gebidder ëstlech vun der Oder an der Lausitzer Neiße souwéi Swinemünde a Stettin goungen 1945 u Polen an un d'Sowjetunioun. Den nërdlechen Deel vun Ostpreise koum ënner sowjetesch, d'Ermland, Masuren an déi aner preisesch Gebidder bis zu der Oder-Neiße-Linn ënner polnesch Administratioun. De gréissten Deel vun der däitscher Bevëlkerung déi do gelieft huet, si geflücht oder goufe verdriwwen. An dëse Gebidder goufen no 1945 virun allem polnesch Verdriwwener aus den ehemolege polneschen Ostgebidder ugesidelt.

[Änneren] Heiteg Staaten op preiseschem Gebitt

D'Gebidder vun de preisesche Provënzen, wéi si vun 1867 bis 1914 bestanen hunn, verdeelen sech haut folgendermoossen op d'Länner vun der Bundesrepublik Däitschland an op sechs weider europäesch Staaten.

Provënz Ostpreisen

  • Den Norddeel mat der Stad Königsberg wor zënter 1945 de russeschen Oblast Kaliningrad; bis 1992 huet Nord-Ostpreisen zu der Sowjetunioun gehéiert, an zënterhir zu Russland.
  • De Süddeel mat der Stad Allenstein goung1945 u Polen; haut ass et den Haaptdeel vun der polnescher Woiwodschaft Ermland-Masuren
  • D'Stad Memel an Ëmgéigend, d'Memelland, hu vunn 1920 bis 1939 an nees vun 1945 unn, zu Litaue gehéiert; als sollech huet et bis zu der Onoofhängegkeet vum Land 1991 zu der Sowjetunioun gezielt.

Provënz Westpreisen

  • Der Hauptteil mit den Städten Danzig und Gdingen kam 1945 zu Polen und gehört heute zur heute polnischen Woiwodschaft Pommern.
  • Der Südteil, ebenfalls seit 1945 polnisch bildet heute den nördlichen Teil der Woiwodschaft Kujawien-Pommern.

Provënz Brandenburg

  • Den Haaptdeel mat de Stied Potsdam a Frankfurt un der Oder war vun 1945 bis 1952 an nees vun 1990 unn dat däitscht Land Brandenburg. Tëscht 1952 an 1990 war d'Gebitt op d'Bezierker Cottbus, Frankfurt/Oder, Neubrandenburg, Potsdam a Schwerin verdeelt.
  • Den Norddeel huet vun 1945 bis 1952 zum Land Brandenbuerg gezielt, vun 1952 bis 1990 zum DDR-Bezierk Neubrandenburg an zanter 1990 ass et de Südoste vum neie Bundesland Mecklenburg-Vorpommern.
  • D'Gebitt ëstlech vun der Oder mat der Stad Grünberg/Warthe goung 1945 u Polen an ass haut d'Woiwodschaft Lebus.
  • D'Stadgebitt vu Grouss-Berlin gouf 1920 aus der Provënz Brandenburg erausgeholl a war vun 1945 bis 1990 an een ëstlechen, sowjeteschen souwéi an dräi westlech - amerikanesch, britesch a franséisch - Sekteure gedeelt. Während Ostberlin als "Haaptstad vun der DDR" zënter 1952 en eegene Bezierk war, war Westberlin zënter 1949 staatsrechtlech mat der Bundesrepublik Däitschland verbonnen. Zënter 1990 ass et d'Land Berlin.

Provënz Posen

  • Den Haaptdeel mat der Stad Posen ass gréisstendeels chon 1920 an entgülteg 1945 u Pole gefall an ass haut d'Woiwodschaft Grousspolen.
  • Den Norddeel mat der Stad Bromberg goung 1920 u Polen an ass haut den Haaptdeel vun der Woiwodschaft Kujawien-Pommern.

Provënz Pommern

  • De Westdeel (Vorpommern) mat de Stied Greifswald und Stralsund huet vun 1945 bis 1952 zum Land Mecklenburg gehéiert, vun 1952 bis 1990 zu den DDR-Bezierker Neubrandenburg a Rostock an ass zënter 1990 d'nordëstlech Halschent vum Land Mecklenburg-Vorpommern
  • Den Ostdeel (Hinterpommern) mat de Stied Köslin, Stettin a Swinemünde goung 1945 u Polen an ass haut d'Woiwodschaft Westpommern

Provënz Sachsen

  • Den Haaptdeel mat de Stied Halle/Saale, Magdeburg a Merseburg war vun 1945 bis 1952 an zënter 1990 Haaptdeel vu Sachsen-Anhalt, vun 1952 bis 1990 huet en zu den DDR-Bezierker Halle, Leipzig, a Magdeburg gehéiert.
  • De Süddeel mat der Stad Erfurt an der Exklav ëm d'Stad Suhl war vun 1944 bis 1952 an nees vun 1990 unn Deel vum däitsche Land Thüringen, vun 1952 bis 1990 huet en zu den DDR-Bezierker Erfurt a Suhl gehéiert.
  • De Südëstlechsten Deel mat der Stad Torgau war vun 1945 bis 1952 a Sachsen-Anhalt, vun 1952 bis 1990 am DDR-Bezierk Leipzig, an ass zënter 1990 den Nordwestdeel vu Sachsen.

Provënz Schlesien

  • Haaptdeel mat de Stied Breslau a Liegnitz: no 1945 zu Polen, haut polnesch Woiwodschaft Nidderschlesien
  • Westlechen Deel mat der Stad Görlitz: 1945-1952 an zënter 1990 Nordostdeel vu Sachsen (Preisesch Oberlausitz); 1952-1990 DDR-Bezierk Dresden.
  • Ostdeel mat der Stad Oppeln: no 1945 zu Polen, haut polnesch Woiwodschaft Oppeln (West-Oberschlesien)
  • Ëstlechsten Deel mat der Stad Kattowitz: no 1920 zu Polen, haut Haaptdeel vun der polnescher Woiwodschaft Schlesien (Ost-Oberschlesien)
  • Stad Hultschin an Ëmgéigend: no 1920 Deel vun der Tschechoslowakei, no 1993 Deel vun der Tschechescher Republik (Hultschiner Ländchen)

Provënz Schleswig-Holstein

  • Haaptdeel mat de Stied Flensburg, Kiel a Schleswig: no 1945 Haaptdeel vu Schleswig-Holstein
  • Nërdlechsten Deel mat der Stad Apenrade: zënter 1920 dänescht Amt Sønderjylland, an Zukunft Westdeel vun der Regioun Syddanmark (Nordschleswig)
  • Staddeeler Altona a Wandsbek: zënter 1937 Deeler vum Land Hamburg.

Provënz Hannover

  • Haaptdeel mat de Stied Aurich, Hannover, Hildesheim, Lüneburg, Osnabrück, Stade, Göttingen an d'Exklav ëm Wilhelmshaven: no 1945 Haaptdeel vun Niedersachsen.
  • Staddeeler Harburg, Wilhelmsburg: zënter 1937 Deeler vum Land Hamburg.
  • Stad Wesermünde (haut Bremerhaven) a verschidde Gemengen am Bremer Ëmland: zënter 1939 Deeler vum Land Bremen.

Provënz Hessen-Nassau

  • Haaptdeel mat de Stied Kassel, Wiesbaden, Frankfurt um Main: no 1945 Haaptdeel vum Land Hessen.
  • Westlechsten Deel mat der Stad Montabaur: no 1945 Nordostdeel vum Land Rheinland-Pfalz.
  • Exklav ëm d'Stad Rinteln: no 1945 Deel vum Land Niedersachsen.
  • Exklav ëm d'Stad Schmalkalden: 1945-1952 an nees zënter 1990 Deel vun Thüringen; 1952-1990 DDR-Bezierk Suhl.

Provënz Westfalen

  • Provënz Westfalen mat de Stied Arnsberg, Bielefeld, Bochum, Dortmund, Minden, Münster: no 1945 Ostdeel vun Nordrhein-Westfalen.

Rhäinprovënz

  • Norddeel mat de Stied Oochen, Bonn, Duisburg, Düsseldorf, Essen, Köln: no 1945 Deel vum Land Nordrhein-Westfalen.
  • Süddeel mat de Stied Koblenz, Tréier: no 1945 Norddeel vum Land Rheinland-Pfalz.
  • Südlechsten Deel mat der Stad Saarbrécken: no 1920 Haaptdeel vum Saargebitt, no 1935 Westdeel vum Räichsgau Saar-Pfalz, no 1957 Haaptdeel vum Land Saarland.
  • Exklav vun der Stad Wetzlar mat Ëmland: no 1945 Deel vum Land Hessen.
  • Exklav Hohenzollern mat de Gebidder ëm d'Stied Hechingen a Sigmaringen: no 1945 Deel vum Land Württemberg-Hohenzollern, zënter 1953 Deel vum Land Baden-Württemberg (Hohenzollernsche Lande).
  • Stied Eupen, Malmedy an Ëmgéigend: no 1920 zu der Belsch, haut Ostdeel vun der Provënz Léck (Eupen-Malmedy).

Quasi all däitsch Länner mat der Ausnahm vu Bayern hunn ehemolege preiseschen Territoire iwwerholl. Si hate sech allerdéngs schonn zu der Zäit vum Napoléon Deeler vu Preise geholl. Dobäi kommen néng polnesch Woiwodschaften souwéi fënnef weider Staaten:

Belsch: Deel vun der Regioun Wallounien (Eupen-Malmedy)

  • Stied Eupen, Malmedy an Ëmgéigend an der ehemoleger Rhäinprovënz.

Dänemark: Amt Sønderjylland, an Zukunft Westdeel vun der Regioun Sønderdanmark (Nordschleswig)

  • nërdlechsten Deel vun der ehemoleger Provënz Schleswig-Holstein mat der Stad Apenrade.

Litauen: Nordwestdeel vu Litauen (Memelland)

  • Stad Memel an Ëmgéigend an der ehemoleger Provënz Ostpreisen.

Russland: Oblast Kaliningrad (Nord-Ostpreisen)

  • Norddeel vun der ehemoleger Provënz Ostpreise mat der Stad Königsberg.

Tschechien: Deel vun der Tschechescher Republik (Hultschiner Ländchen)

  • Stad Hultschin an Ëmgéigend an der ehemoleger Provënz Schlesien.

Polnesch Woiwodschaft Ermland-Masuren

  • Süddeel vun der ehemoleger Provënz Ostpreise mat der Stad Allenstein.
  • Ostdeel vun der ehemoleger Provënz Westpreise mat der Stad Marienwerder.

Polnesch Woiwodschaft Pommern

  • Haaptdeel vun der ehemoleger Provënz Westpreise mat de Stied Danzig, Gdingen.

Polnesch Woiwodschaft Lebus

  • Ostdeel vun der ehemoleger Provënz Brandenburg mat de Stied Landsberg/Warthe, Grünberg

Polnesch Woiwodschaft Grousspolen

  • Haaptdeel vun der ehemoleger Provënz Pose mat der Stad Posen.

Haaptdeel vun der polnescher Woiwodschaft Kujawien-Pommern

  • Norddeel vun der ehemoleger Provënz Pose mat der Stad Bromberg.
  • Süddeel vun der ehemoleger Provënz Westpreisen.

Polnesch Woiwodschaft Westpommern (Hannerpommern)

  • Ostdeel vun der ehemoleger Provënz Pommern mat de Stied Köslin, Stettin, Swinemünde.

Polnesch Woiwodschaft Oppeln (West-Uewerschlesien)

  • Ostdeel vun der ehemoleger Provënz Schlesie mat der Stad Oppeln.

Polnesch Woiwodschaft Niederschlesien

  • Haaptdeel vun der ehemoleger Provënz Schlesie mat de Stied Breslau, Liegnitz.

Haaptdeel vun der polnescher Woiwodschaft Schlesien (Ost-Uewerschlesien)

  • ëstlechsten Deel vun der ehemoleger Provënz Schlesie mat der Stad Kattowitz.

Land Brandenburg

  • Haaptdeel vun der ehemoleger Provënz Brandenburg mat de Stied Potsdam, Frankfurt/Oder.

Land Berlin

  • Stad Berlin an der ehemoleger Provënz Brandenburg

Deeler vu Mecklenburg-Vorpommern

  • Westdeel vun der ehemoleger Provënz Pommern mat de Stied Greifswald, Stralsund (Vorpommern).
  • nërdlechsten Deel vun der ehemoleger Provënz Brandenburg.

Haaptdeel vum Land Sachsen-Anhalt

  • Haaptdeel vun der ehemoleger Provënz Sachse mat de Stied Halle/Saale, Magdeburg, Merseburg.

Deeler vum Fräistaat Thüringen

  • Süddeel vun der ehemoleger Provënz Sachse mat der Stad Erfurt an der Exklav ëm d'Stad Suhl.
  • Exklav vun der ehemoleger Provënz Hessen-Nassau ëm d'Stad Schmalkalden.

Deeler vum Fräistaat Sachsen

  • südëstlechsten Deel vun der ehemoleger Provënz Sachse mat der Stad Torgau.
  • westlechsten Deel vun der ehemoleger Provënz Schlesie mat der Stad Görlitz (Niederschlesische Oberlausitz)

Haaptdeel vum Land Schleswig-Holstein

  • Haaptdeel vun der ehemoleger Provënz Schleswig-Holstein mat de Stied Flensburg, Kiel, Schleswig.

Deeler vum Land Hamburg

  • Staddeeler Altona, Wandsbek an der ehemoleger Provënz Schleswig-Holstein.
  • Staddeeler Harburg, Wilhelmsburg an der ehemoleger Provënz Hannover.

Haaptdeel vum Land Niedersachsen

  • Haaptdeel vun der ehemoleger Provënz Hannover mat de Stied Aurich, Hannover, Hildesheim, Lüneburg, Osnabrück, Stade, Göttingen an der Exklav ëm Wilhelmshaven.
  • Exklav vun der ehemoleger Provënz Hessen-Nassau ronderëm d'Stad Rinteln.

Deeler vum Land Bremen

  • Staddeel Wesermünde an der ehemoleger Provënz Hannover.

Haaptdeel vum Land Hessen

  • Haaptdeel vun der ehemoleger Provënz Hessen-Nassau mat de Stied Kassel, Wiesbaden, Frankfurt um Main.
  • Exklav vun der ehemoleger Rhäinprovënz ronderëm Wetzlar.

Deeler vum Land Rheinland-Pfalz

  • westlechsten Deel vun der ehemoleger Provënz Hessen-Nassau mat der Stad Montabaur.
  • Süddeel vun der ehemoleger Rhäinprovënz mat de Stied Koblenz, Tréier.

Haaptdeel vum Saarland

  • südlechsten Deel vun der ehemoleger Rhäinprovënz mat der Stad Saarbrécken.

Haaptdeel vum Land Nordrhein-Westfalen

  • ehemoleg Provënz Westfale mat de Stied Arnsberg, Bielefeld, Bochum, Dortmund, Minden, Münster.
  • Nordeel vun der ehemoleger Rhäinprovënz mat de Stied Oochen, Bonn, Duisburg, Düsseldorf, Essen, Köln.

Deeler vum Land Baden-Württemberg

  • Exklav vun der ehemoleger Rhäinprovënz ëm d'Stad Sigmaringen (Hohenzollernsche Lande)

[Änneren] Kinneke vu Preisen

Kuckt w.e.g. d'Lëscht vun de Kinneke vu Preisen.

[Änneren] Wat bleift vu Preisen ?

Ob et sech beim vergaangene Preisentum ëm eng däitsch Ierfschaft oder däitsch Ierflaascht handelt, ass ëmstridden. Folgend Punkte sinn awer ze notéieren, an denen d'dominant Plaz vu Preisen och nach haut ze gesinn ass

Bund

  • Berlin ass zu der däitscher Haaptstad ginn, et war scho virdrun d'Haaptstad vu Preisen.
  • D'preisesch Krichsauszeechnung vum Eiserne Kräiz ass - a modifizéierter Form - d'Symbol vun der Bundeswehr.
  • D'Austriede vun Éisträich aus der däitscher Natioun am Verlaf vun der Grënnung vum däitschen Nationalstaat 1871 berout op preisescher Politik. D'klengdäitsch Léisung ass eng grousspreisesch Léisung (August Bebel).

Länner

  • No der Wiedervereinigung 1990 koum de Plang op, d'Bundeslänner Berlin a Brandenburg zesummenzeleeën. Dobai koum de Virschlag op, dat neit Land Preisen ze nennen; de virgeluegten Numm war awer Berlin-Brandenburg. Am Joer 1996 gouf dës Vereenegung awer per Volleksofstëmmung ofgeleent.
  • D'Land Sachsen-Anhalt ass zur Zäit dat eenzegt, wou de preiseschen Adler um Landeswopen ze gesinn ass. Donieft ass um grousse Wope vu Baden-Württemberg d'Hauswope vun den Hohenzollern ze gesinn.
  • De preisesche Modell war de Virleefer vu ville politeschen Institutiounen um Landesniveau, zum Beispill Ministerpresident, Regierungsbezierk, Landrat, Krees, Amt a Landschaftsverband (virdrun Provinzialverband).

Kierchen

  • D'Unioun vun Evangelesche Kierchen ass aus der Evangelescher Kierch vun der Unioun erfirgaangen, engem Kierchebond vun den aalpreiseschen evangelesche Landeskierchen (cf. Kierch vun der Aalpreisescher Unioun), d. h. vun dene Kierchen, wou den Territoire scho virun 1866 zu Preise gehéiert huet.

Kultur

  • D'Stëftung Preisesche Kulturbesëtz ëmfaasst eng vun de gréissten an universellste Sammlungskomplexer vun der Welt.

Fußball

  • Preisen (Münster) oder op latäin Borussia (Dortmund, Mönchengladbach) begéint een nach haut als Veräinsnumm.
  • Doriwwer eraus sinn déi däitsch Fussballnationalmannschaften an de preisesche Landsfaarwe Schwaarz a Wäiss gekleed.

Faarw

  • Preisesch Blo.

Nimm

  • Stad Preussisch Oldendorf am Krees Minden-Lübbecke
  • Gare Preußen bei Dortmund
  • D'Membere vum preisesche Kinnekshaus hunn den Numm Prënz vu Preisen (nët Hohenzollern)

"d'Preisen"
An der Festung Lëtzebuerg war vun 1815 bis 1867 eng preisesch Garnisoun stationnéiert. Dësen Ëmstand, an och d'Tatsaach, datt d'Territoiren ëstlech vu Lëtzebuerg vun 1815 bis nom Zweete Weltkrich zu Preisen gehéiert hunn, erkläert, firwat zu Lëtzebuerg zum Deel bis haut "d'Preisen" pars pro toto fir "déi Däitsch" gebraucht gëtt. No den Erfahrungen am Zweete Weltkrich ass et net verwonnerlech, datt den Ausdrock dacks eng pejorativ Konnotatioun kritt huet. Dofir gëllt et hautgesdaags als net méi politesch korrekt, en an deem Kontext ze gebrauchen.

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Sebastian Haffner:, Preußen ohne Legende. 1. Oplag. Hamburg 1979. ISBN 3-442-11511-6
  • Hans-Joachim Schoeps, Preußen: Geschichte eines Staates. Bilder und Zeugnisse. Frankfurt a. M./Berlin 1992. ISBN 3-550-08585-0
  • Siegfried Fischer-Fabian, Preußens Gloria – Aufstieg eines Staates. o. O. 1991. ISBN 3-704-34043-X
  • Sebastian Haffner/Wolfgang Venohr, Preußische Profile. Ullstein o. O. 2001. ISBN 3-548-26586-3
  • Bernt Engelmann, Preußen. Land der unbegrenzten Möglichkeiten. München 1981. ISBN 3-442-11300-8
  • Wolfgang Ribbe/Hansjürgen Rosenbauer (Ersg.): Preußen. Chronik eines deutschen Staates. Berlin 2000, ISBN 3-87584-023-2
  • Leopold von Ranke, Preußische Geschichte. 4 Bänn. Goldmann o. O. 1966 ISBNs B-000-0BT51-O, B-000-0BT51-P, B-000-0BT51-Q, B-000-0BT51-R
  • Julius H. Schoeps, Preußen, Geschichte eines Mythos. Bebra Verlag o. O. 2001. ISBN 3-898-09030-2
  • Klaus Herdepe. Die Preußische Verfassungsfrage 1848. ars et unitas : Neuried 2003, 454 S., ISBN 3-936117-22-5
  • Charles Higounet, Die deutsche Ostsiedlung im Mittelalter. Siedler Verlag o. O. 2001. ISBN 3-886-80141-1
  • Joachim Fernau, Sprechen wir über Preußen. Herbig Verlag o. O. 1999. ISBN 3-776-62132-X
  • Marion Gräfin Dönhoff, Preußen – Maß und Maßlosigkeit. Goldmann o. O. 1998. ISBN 3-442-75517-4
  • Marion Gräfin Dönhoff, Namen, die keiner mehr nennt. Diederichs Verlag o. O. 2004. ISBN 3-896-31441-6
  • Eberhard Straub, Eine kleine Geschichte Preußens. Berlin 2001. ISBN 3-886-80723-1

[Änneren] Um Spaweck

Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Sub-domains

CDRoms - Magnatune - Librivox - Liber Liber - Encyclopaedia Britannica - Project Gutenberg - Wikipedia 2008 - Wikipedia 2007 - Wikipedia 2006 -

Other Domains

https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformtivo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com