ON AMAZON:



https://www.amazon.com/Voice-Desert-Valerio-Stefano-ebook/dp/B0CJLZ2QY5/



https://www.amazon.it/dp/B0CT9YL557

We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Währung - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Währung

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

1 Euro, recto1 Euro, verso Ënnert enger Währung versteet een an engem weiten Sënn vum Wuert dat staatlecht geregelt Geldwiesen an engem Land oder enger Währungszon, wéi d'Europäesch Unioun (EU). Enk gefaasst ass et d'Unitéit, déi engem Währungssysteem zugrond läit. Allgemeng besteet en Annahmenzwang fir eng Währung, déi d'Funktioun vun engem gesetzlechen Zahlungsmëttel huet.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Funktiounen vun enger Währung ann Evolutioun vun de Währungssysteemen

Eng Währung huet eng dräifach Funktioun

  • Sie ass engt offiell Zahlungsmëttel;
  • Sie stëllt e Wertmeeter duer, deen ët erlabt Präisser a Werter ze meessen,
  • Sie ass e Reserveinstrument, gewëssermoossen d'Strëmp an daer Guthaben, Borgeld an aner Avoiren, kënne stockéiert ginn.

A deem Sënn gët och tëschent der Buchwährung (monnaie scripturale), dat heescht: dem Geld op Konten, an dem Boergeld (Monnaie fiduciaire), dat sinn d'Biljeeën an d'Mënzen am Ëmlaf, en Ënnerschied gemeet. Zesumme bilden si d'Geldmass, iwwert déi e Land verfügt. Ët hu sech am Laf vun der Geschicht verschidde Währungssysteemer ëntwéckelt, wat hir Deckung ugeet. Am Ufank war ët de Goldstandard, an deem de Wäert vum Geld engem Goldgewiicht ëntsprach huet, an durch Gold gedeckt a garantéiert war. D'Golddeckung ass tëschent 1929 an 1932, als Folleg vun der Wirtschaftskris, an de meeschte Länner ofgeschaf ginn. Soulang wéi nach an engem Land d'Goldeckung bestan huet, hunn d'Länner sech am Gold exchange standard rëmfonnt. Hie gouf 1994 op der Conferenz vu Bretton Woods confirméiert. Op deeër Konferenz ass och den Internationalen Währungsfong geschaf ginn. Wéi och 1971 d'USA d'Golddeckung opginn hunn, waren all Währungen ongedeckt an de Wäert vun den eenzelne Währungen huet dunn auschléisslech vum d'Vertrauen op d'Wirtschaft vun engem Land ofgehang . Hier Wiesselcoursen hunn ënnerteneen fräi flottéiert a sech no uewen oder ënne beweegt.

[Änneren] D'Stabilitéit vun de Währungen

D'Zentralbanken hunn als Aufgab, d'Stabilitéit vun de Währungen oprecht ze erhalen. An der Euro-Zon ass ët d'Europäesch Zentralbank, déi dës Missioun kritt huet. Si übt se zesumme mat den nationalen Zentralbanken aus. Fir d'Stabilitéit vum Euro sécherzestellen, sinn am Vertrag vu Maastricht Convergenzcritèren opgestallt ginn, un déi all Land sech hale muss.

Ët gët en Ënnerschied gemeet tëschent der interner Stabilitéit vun enger Währung an hirer externer Stabilitéit.

[Änneren] Intern Stabilitéit

Am Ënneren vun engem Land ass d'Erhale vun der Kafkraft eng wichteg Augab. Hir Kafkraft gët gemeess vum Index vun de Konsumpräisser, een Index, deen ët an all Land gëtt.

[Änneren] Extern Stabilitéit

D'extern Stabilitéit vun enger Währung gët ausgedréckt an der Evolutioun vun hire Wiesselcoursen géigeniwwer de Währungen aus drëtte Länner, haaptsächlech géigeniwwer de Weltwährungen, wéi dëm US-Dollar an dëm Pond-Sterling. Wann déi sech staark no ënne veränneren, gëtt eng Währung net méi als stabil betruecht.

[Änneren] Geschicht vum Lëtzebuerger Währungssysteem

Wéi 2002, den Euro agefouert gouf, hat Lëtzebuerg schonn dräi respektiv véier Währungsrégime passéiert:

  • Den hollännesche Régime, an deem de Florin (1816-1832) defacto am Ëmlaf war. No der belsch-hollännscher Scissioun och de belsche Frang, (1832-1834),
  • de Régime vum däitschen Zollveräin (1834-1918),
  • d'Währunsassociatioun am Kader vun der Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun,
  • d' opgezwongen däitscht Währungssystem während der Besatzung am Zweete Weltkrich,
  • an duerno de Régime vun der Währungsassoziatioun mat der Belsch, dee 1945 rëm op neien Base méiglech ginn ass.

[Änneren] Am Zollverein

Während a virunn der Zäit vum Zollverein, _(Zollveräin op lëtzebuergesch), (1834-1918), zu deem Lëtzebuerg och gehéiert huet, gouf ët nach kee rationell ausgeschafften Währungsstatut. Munnegereen, besonnech den Albert Calmes huet d'Situatioun a puncto Geld souguer als chaotesch bezeechënt. D'Land hat ebe keng monetär Souveränitéit, a virun allem keng gemeinsam Währung. Haptsächlech hollännesch, belsch a franséisch Geldschäiner waren hei am Ëmlaf, während d'Administratioun vun der Douane an däitschen Unitéite gerechent huet. Et war e pragmatesche Systeem mat pur Käpp. Fir e bësschen Uerdnung an dës Situatioun ze bréngen, huet dunn 1842 d'Regierung de Frang an Silbergros tariféiert (1 Frang = 8 preisesch Silbergros). Nëmme wat d'Bezuelen un d'Douane ugeet, war domat Kloerheet geschaf. D'Confusioun blouf awer weider grouss. Et gouf zur Zäit vum Zollveräin probéiert fir typesch Lëtzebuerger Währungsfunktiounen opzebauen, an zwar iwwer einheimesch Banken. Gläich zwéin Kreditinstituter ass et erlaabt ginn, an engem begrenzte Volumen Geldschäiner z'émettéiren:

  • Déi 1856 gegrënnte Banque Internationale konnt opgrond vun hiere Statuten Geldschäiner vu 5 bis 500 hollännech Floringen an och 10 bis 500 preisesch Daleren émettéiren, an dat bis zu engem Géigewäert vun zwee mol hierem libéréierten Kapital. Et war virgesinn, dat hiert Emissiounsrecht nach op aner Geldschäiner kéint vergréissert ginn, wann et zu enger gemeinsamer Währung kéim.
  • D'Banque Nationale, déi 1873 gegrënnt ginn ass - haaptsächlech fir de Monopol vun der Banque Internationale ze briechen - huet an hirer kuerzer Liewenszäit (1873-1881) och Emissiounsfunktiounen ausgeübt. Si war souguer als Emissiounsinstitut geduecht. Well hir Schäiner net déi gewënschten Zirkulatioun an den däitsche Länner erreecht huet, an och, well si duerch de Konkurrenzkampf mat der Banque Internationale staark ugeschloe war, huet si 1881 hir Aktivitéiten misse ganz astellen.

[Änneren] An der Belsch-Lëtzebuerger Währungsunioun

Am Laf vun der Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun, déi fir Lëtzebuerg och eng Währungsassoziatioun bedeit huet, hunn d'Prinzipien vun dësem Währungssystem sech net fundamental verännert. Hie blouf:

  • pragmatesch,
  • multimonetaristesch ausgeriicht an
  • huet dem Land nëmmen en Uschäi vun enger monetärer Souveränitéit bruecht.

Auschléisslech d'Geld am Ëmlaf an d'Emissiouns-Zentren hu changéiert. Charakteristesch war et, datt d'Prinzipien vum Lëtzebuerger Währungssysteem net ursprénglech an de Verträg definéiert goufen. Et gouf nëmmen zeréckbehal:

  • datt de Lëtzebuerger an de Belsche Frang am Land parallel géiwen zirkuléieren (Ouni Réciprocitéit);
  • dat de Volumen an den Nominalwert vu Lëtzebuerger Schäiner begrenzt wier, ursprénglech op 25 Millioune Frang (mat engem maximale Wäert vun 10 Frang pro Schäin. Dës zwou Limite sinn allerdéngs sukzessiv erhéicht ginn.

Domat goufen et dräi fir Lëtzebuerg zoustänneg Emissiouns-Organen:

  • d'Banque Nationale de Belgique, déi belsch Zentralbank (Emissioun vu Geldschäiner),
  • de belsche Trésor (Emmissioun vu belsche Mënzen),
  • de Lëtzebuerger Trésor, dee gläichzäiteg fir d'Emissioun vu Lëtzebuerger Schäiner an d'Prägung vu Lëtzebuerger Mënzen zoustänneg war.
  • d'Banque Internationale (Limitéiert Emissiounsrecht fir Schäiner a Lëtzebuerger Frang en ).

Déi zwou Währunge ware mat Ausnam vun der Period 1935-1940 au pair. Dat heescht, si haten de selwechten Wäert (1 Lëtzebuerger Frang = 1 Belsche Frang). Wéi et 1935 zu enger Ofkoppelung vun der Paritéit vun de zwou Währunge komm ass, steet am Beitrag iwwert de Lëtzebuerger Frang.

[Änneren] An der Europäescher Währungsunioun

[Änneren] Literatur

  • Georges de Leener : Le franc luxembourgeois, Bulletin de la Banque Nationale de Belgique du 25 avril 1937
  • Albert Calmes : Aperçu de l’histoire économique 1839-1939, Le Luxembourg, Livre du Centenaire, Luxembourg, 1939
  • Luc Hommel : Une expérience d’union économque, Louvain ,1933
  • Daniel Rousseau : L’unité monétaire luxembourgeoise, Luxembourg, 1928
  • Jean Masclet: Contribution à l'étude du franc luxembourgeois - Stabilisation d'une monnaie à circulation restreinte, Luxembourg, 1937
  • Ernest Mühlen: Monnaie et circuits financiers au Grand-Duché de Luxembourg, Université Internationale de Sciences Comparées, Luxembourg, 1968
  • Jutta Jaans-Hoche : Banque Nationale du Grand-Duché de Luxembourg 1873-1881 – Eine Episode der Luxemburgischen Währungsgeschichte, Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, 1981
  • Christian Calmes : Au Fil de l’Histoire –Une Banque raconte son histoire - Histoire de la Banque Internationale 1856-1981, Imprimerie Saint-Paul, 1981
  • Véronique Lecomte-Collin et Bruno Collin: Histoire de la monnaie, , Éditions Trésor du Patrimoine, 2004
  • Roger Croisé, René Link: La législation monétaire au Grand-Duché de Luxembourg de 1815 à nos jours,Edition: Lux-Numis, Luxembourg,1988,639 p.
  • Paul Margue, Marie-Paule Jungblut: Le Luxembourg et sa monnaie, Publié sous l'égide de l'Institut Monétaire luxembourgeois, Esch/Alzette, 1990, 192 Säiten

[Änneren] Kuckt och

Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Sub-domains

CDRoms - Magnatune - Librivox - Liber Liber - Encyclopaedia Britannica - Project Gutenberg - Wikipedia 2008 - Wikipedia 2007 - Wikipedia 2006 -

Other Domains

https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformtivo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com