Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 15. Oktober ass den 288. Dag (289. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1582: De Poopst Gregor XIII. féiert deen no him benannte Gregorianesche Kalenner an. Dobäi ginn zéng Deeg iwwersprongen. Op Donneschdes, 4. Oktober 1582 (Julianesch), koum direkt drop Freiden, de 15. Oktober 1582 (Gregorianesch).
- 1793: D' Marie Antoinette gëtt vum franséische Revelutiounsgeriicht zum Doud verurteelt.
- 1815: De Napoléon Bonaparte kënnt op der Insel St. Helena un wou e bis zu sengem Doud am Exil muss liewen.
- 1894: Ufank vun der Dreyfus-Affär: De franséischen Offizier Alfred Dreyfus gëtt wéinst Spionage verhaft.
- 1940 : Dem Charly Chaplin säi Film The Great Dictator leeft un.
- 1963: De Konrad Adenauer gëtt seng Demissioun als Bundeskanzler.
- 1990: De Michail Gorbatschow kritt de Friddensnobelpräis.
- 2003: China schéisst d'Raumschëff Shenzhou 5 mat dem Taikonaut Yang Liwei an den All. Et ass domat dat drëtt Land op der Welt dat ee bemannte Weltraumfluch gemeet huet.
- -70: Vergil, réimeschen Dichter.
- 1750: Pierre Maisonnet, lëtzebuergesche Moler.
- 1844: Friedrich Nietzsche, däitsche Philosoph.
- 1908: John Kenneth Galbraith, US-amerikaneschen Economist.
- 1913:Émile Probst, lëtzebuergesche Kënschtler
- 1915: Jitzchak Schamir, israelesche Politiker.
- 1920: Henri Verneuil (Achod Malakian), franséische Filmregisseur.
- 1920: Mario Puzo, US-amerikanesche Krimi-Schrëftsteller.
- 1922: Robert Krieps, lëtzebuergesche Politiker.
- 1926: Michel Foucault, franséische Philosoph.
- 1926: Evan Hunter, US-amerikaneschen Schrëftsteller an Dréibuchauteur.
- 1942: Chris Andrews, britesche Popsänger.
- 1970: Pernilla Wiberg, schwedesch Alpinschileeferin
- 1980: Tom Boonen, belsche Vëlosportler a Stroosseweltmeeschter 2005