Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 30. Oktober ass den 303. Dag (304. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 552: Den ostréimesche Generol Narses gewënnt um Mons Lactarius tëschent Neapel a Salerno géint d'Ostgoten. Italien gëtt nees réimesch.
- 1864: Dänemark muss am Fridden vu Wien d'Duchéen Schleswig, Holstein a Lauenburg u Preisen an Éisträich oftrieden.
- 1911: Zu Lëtzebuerg gëtt d'ARBED gegrënnt.
- 1922: De Benito Mussolini erzwéngt seng Ernennung zum italiéineschen Premier.
- 1938 : D’Radioiwwerdroung vum Hörspill Krich vun de Welten nom Roman vum H. G. Wells vum Orson Welles an dem Mercury Theatre on the Air op CBS léist an den USA Panik aus.
- 1947: 23 Staaten ënnerschreiwen zu Genf den General Agreement on Tariffs and Trade (GATT) deen eng weltwäit handelspolitesch Uerdnung erbäiféiere soll.
- 1999: 24 Joer nodeems et vun Indonesien besat gouf, verloossen di lescht Zaldoten Ost-Timor.
- 1910: Henri Dunant, Schwäizer Philantrop a Grënner vum Roude Kräiz.
- 1943: Max Reinhardt, éisträichesche Schauspiller, Regisseur an Theaterintendant.
- 1956: Pío Baroja, spueneschen Auteur.
- 1967: Julien Duvivier, franséische Filmregisseur (geb. 1896).
- 1997: Samuel Fuller, amerikanesche Filmregisseur.
- 2002: René Pütz, lëtzebuergesche Schauspiller.