Andorra
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel zu Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
(Detailer) | (Detailer) |
National Devise: Virtus Unita Fortior | |
Offiziell Sprooch: | Katalanesch |
Haaptstad: Awunnerzuel: |
Andorra la Vella 70.787 (2001) |
Franséische Co-Prënz Episkopale Co-Prënz: |
Jacques Chirac Joan Enric Vives i Sicilia |
Regierungschef: | Marc Forné Molné |
Fläch: | 486 km² |
Bevëlkerung: - Total: - Bevëlkerungsdicht: |
Op 184. Plaz 69.150 (2003) 144,5/km² |
Onofhängegkeet: | 1278 |
Nationalfeierdag: | 8. September |
Währung: | Euro |
Zäitzon: | UTC+1 (+2 am Summer) |
Internet TLD: | .ad |
International Virwahl: | 376 |
Andorra ass en onofhängege Klengstaat an Europa, deen an de Pyrenäen tëscht Spuenien a Frankräich läit. E gouf den 8. September 1278 gegrënnt an ass dee gréisste vun de sechs europäesche Zwergstaaten.
|
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Geographie
D'Land läit an engem Héichdall vun de Pyrenäen. Iwwer en Drëttel läit méi héich wéi d'Bëschgrenz. Den héchste Bierg ass de Coma Pedrose mat 2.946 Meter. Den Dall Vall del Madriu Perafita-Claror, deen zënter 2004 op der Lëscht vun der UNESCO-Weltierfschaft steet, beleet ongeféier zéng Prozent vun der Fläch vun Andorra.
[Änneren] Klima
Wéinst senger Héichlag huet Andorra en zimlech killt Biergklima. Am Januar ass d'Duerchschnëttstemperatur -7 °C an am Summer 26 °C.
[Änneren] Andeelungen
Andorra besteet aus siwe Gemengen:
- Andorra la Vella (d'Haaptstad)
- Canillo
- Encamp
- Escaldes-Engordany
- La Massana
- Ordino
- Sant Julià de Lòria
[Änneren] Politik
[Änneren] Bevëlkerung a Sprooch
Andorra huet 65.844 Awunner, dovun:
Katalanen 36,0 %, Spuenier 40,6 %, Portugisen 10,2 %, Fransousen 6,5 %, Anerer 6,7 %.
Dee gréissten Deel vun den Andorraner schwätzt Spuenesch (58 %), Katalanesch gëtt vu 35 % vun de Leit geschwat, a Franséisch vu 7 %.
All Joer wiisst d'Bevëlkerung ëm 5,0 %. Am Duerchschnëtt ginn d'Leit 80 Joer al. Vun de Bëbeeën stierwen der 0,6 %, a vun de Kanner 0,7 %.
[Änneren] Relioun
Bei de Konfessiounen iwwerweit de Réimesch-Kathoulesche Glawen.