Helixniwwel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Helixniwwel (och mat NGC 7293 bezeechent) ass e Planetaresche Niwwel am Stärebild Aquarius mat enger Hellegkeet vun +6,30 mag an engem schäinbaren Duerchmiesser vun 16.0' × 12.0'.
Den Helixniwwel ass mat enger Distanz vun ca. 650 Liichtjoeren den nächste planetaresche Niwwel, an domat dee met deem am gréissten projezéierten Duerchmiesser (ongeféier hallf esou grouss wéi de projezéierte Mound). Dofir kënnen an sengem Ëmfeld och Detailler vun der Gasstruktur opgeléist ginn.
Mat dem Hubble-Weltraumteleskop war et 1996 souguer éischtmols méiglech, Kniet an senger Ëmmantelung opzehuelen, déi virdrun onbekannt waren a nei Réckschlëss op d’Entstéiung planetarescher Niwwel erlaben. Si hunn awer och nees nei Froen opgeworf. Sou ass net kloer, ob d’Kniet-Keime während dem Ausworfs vun der Hüll entstane sinn, oder ob si vun fréieren Aktivitéiten vum Stär hirstaamen. Och ass ëmstridden, ob d’Kniet hydrodynamesch Strukturen sinn (d.h. duerch Instabilitéiten gemaach), oder ob si duerch Photoionisatioun vum Gas duerch de Wäissen Zwerg am Zentrum entstinn.
Koordinaten (Äquinoktium J2000.0)
- Rektaszensioun: 22h 29m 36.00s
- Deklinatioun: -20° 50' 00.0"
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Helix Nebula – Biller, Videoen oder Audiodateien |