Kierch Rëmeleng
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kierch Rëmeleng | |
Uertschaft | Rëmeleng |
Par | Rëmeleng |
Numm | Hl. Sébastien |
Konsekratiounsjoer | 1896 (26. Spet.) |
Parverband | Käldall |
Architekt(en) | Jean-Pierre Knepper |
Reliéis Gebaier |
D'Kierch Saint Sébastien ass d'Rëmelenger Parkierch a steet ënnert dem Schutz vum Hellege Sébastien († 288). Den Architekt Jean-Pierre Knepper (1851-1929) huet d'Pläng derzou gemeet. Sie ass am neogotesche Stil. De 26. September 1896 ass se geweit ginn.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Beschreiwung vum Bau
D'Kierch steet matzen an der Uertschaft an et kann ee soen datt si zu engem Wahrzeeche vun der Stad ginn ass. Si ass mat Steng aus der Rëmelenger Steekaul "Wäisse Koll", haut :"Carrières Blanches" (Heed) gebaut, an huet e véiereckegen Tuerm mat véier Stäck. Den Daach ass achteckeg an huet nach véier kleng Tiermercher. An der Klackestuff hänken dräi Klacken aus dem Joer 1896 an die gréisste Klack vu Lëtzebuerg . Dës Klack ass der Tréischterin am Leed an dem Hellege Willibrord geweit. Si gouf 1946 an der Géisserei H. Ruetschi am Aarau/Schwäiz gegoss. Dëse Cado verdankt d'Kierch dem Geschäftsmann Léon Berens vu Rëmeleng. Dës Klack gëtt och als Bourdon bezeechent oder och nach Berensklack an ass als Merci fir d'Befreiung vu Lëtzebuerg um Enn vum Zweete Weltkrich geduecht. E klengt Klackespill gëtt nach op Féierdeeg spille gelooss.
D'Haaptpaart vun der Kierch ass am Tuerm, niewent dem Tuerm sinn zwee Säitenagäng. Iwwert der Haaptdier ass e Bild vum Jesus (Christkinnek) an de Stee gemeesselt mat den Alpha an dem Omega an engem Chronogramm:
QVI CHRISTO SERVIS, VENI QVAESO, EX CORDE OREQVE SEBASTIANVM CoLE !
Di déck gedréckte Buschstawen, stellen d'Erbauungsjoer 1895 duer. All eenzel réimesch Ziffer gëtt zesummegerechent!
Op lëtzebuergesch: Deen, deen's du Christus dings, w.e.g. komm, veréier den Hellege Sébastien mat Häerz a Mond!
[Änneren] Miwwel a Statuen
De monumentalen neogoteschen Héichaltor am Chouer ass 1896 am Atelier vum Konschtschräiner Jean Decker vu Munneref entstanen. An der Mëtt steet den Tabernakel mat enger Nisch just uewendriwwer, déi geduecht ass fir d'Monstranz auszestellen. Just niewent dëser Nisch sinn op béide Säiten zwéin Engelen, déi op de Knéie bieden. A véier méi schmuele Nischen stinn nach véier Engelen. Op béide Säiten ass nach eng Nisch. An deeër vu riets steet eng Statue vum Hellege Rochus († 1327) an op der lénker Säit de Schutzpatroun vun der Kierch, de Märtyrer Sébastien. Allenzwee goufen se zënter Jorhonnerten als Peschthelleg veréiert. Den Altor huet och nach geschnëtzte Biller: Fëschfang, Broutvermehrung, Melchisedek, dat lescht Abendmahl, d'Affer vum Isaak duerch den Abraham.
De Priedegtstull ass och räich skulptéiert. Hie besteet aus engem dräistäckege Schalldeckel an um Stull selwer sinn di véier Statuette vun den Evangeliste mat hire Symboler. Um Réckstéck gëtt op Jesus Christus, den gudden Hiirt higewisen. Op deenen zwou Säite stinn zwee Niewenaltär, déi am Atelier vum Rëmelenger Konschtschräiner Jean-Michel Weber († 1913) gemeet gi sinn. Op dem lénken Altor si Statuen vun der Maria Goretti, dem Häerz Jesu, an der réimescher Märtyrerin Agnès, ze gesinn. Op dem rietse sinn et d'Barbara, de Jousef an den Aloysius (vu lénks no riets) .
Am Chouer, deen an den 80er Joren vum leschte Joerhonnert no vir vergréissert gouf, steet den Daafsteen, den Altor, an den Ambo (Liespult), déi allen dräi aus Minettsstee sinn. Den Atelier Poeckes huet dës Aarbecht ausgefouert.
Virum Chouer op der rietser Säit ass un der Säitemauer eng Skulptur vum Rëmelenger Kënschtler Albert Hames († 1989), si stellt de gekräizegte Jesus, mat Maria, Maria-Magdalena an dem Johannes duer, a staamt aus dem Joer 1937, d'Christusfigur ass awer am Joer 1980 néi geschafe ginn.
Just vis-à-vis hängt un der Mauer eng Statue mat der Helleger Thérèse vu Lisieux.
Hannen an der Kierch sinn nach zwou kleng Kapellen. An enger ass eng Pietà, an an der anerer d'Hellegt Barbara, d'Schutzpatrounin vun de Biergaarbechter. An an der Haaptentrée, den Hellegen Antonius an och den Hellegen Eloi (Schutzpatroun vun de Metallbeaarbechter).
Fir Chrëschtdag gëtt all Joers eng Krëpp opgeriicht, D'Figure bestinn aus Wuess a Pabeier, si sinn viru kuerzem vu belsche Schwëstere restauréiert ginn.
[Änneren] D'Uergel
Am Joer 1904 krut d'Kierch hir éischten Uergel. An engem neo-goteschen Uergelprospekt huet d'Firma Dalstein & Haerpfer vu Boulay aus Loutrengen en Haaptwierk, e Schwellwierk a Pedal mat pneumatescher Traktur gebaut mat 2 Manualer.
Vun der Uergelmanufaktur Haupt vu Lëntgen gouf d'Uergel 1954 op dräi Manualer vergréissert a krut eng elektresch Traktur. Dozou koum nach e Fräipäifeprospekt, deen ale vu 1904 gouf erhalen.
Am Joer 2000 gouf d'Uergel restauréiert. Duerchgefouert goufen dës Aarbechte vun der Firma "Mitteldeutscher Orgelbau A. Voigt G.m.b.H. vu Bad Liebenwerda, Däitschland.
[Änneren] Glasmolereien
D'Glasmolereie stamen aus dem bekannte Glasatelier Pierre-Hippolyte Linster (1863-1906) vu Munneref. Di grouss Fënsteren aus der Rëmelenger Kierch gehéieren zu deene schéinste Leeschtungen aus dem Atelier Linster. E puer Fënstere si leider net méi do, well se entweder am Krich futti gaange sinn, oder einfach duerch e Manktum u Versteestemech ausgetosch gi sinn. Am Chouer an op de Säite fanne mir Szenen aus dem Liewe (Legend) vum Hellege Sébastien.
[Änneren] Wandmolereien
Nodeems d'Kierch fäerdeg gestallt war ass se bannen einfach wäiss-gro verbotzt ginn. Eréischt 1931/1932 sinn d'Wandmolereie vum Moler Nicolas Brücher entstanen. Si goufen zu engem groussen Deel nees einfach duerch en Ustrach iwwermolt. Renovéiert goufe se vum Leo Olinger vu Waasserbëlleg, et gouf probéiert se nees an deen Zoustand ze sëtzen, an deem se an den drësseger Jore vum läschte Joerhonnert waren. Szenen aus der Bibel vum Jesus sengem Liewen sinn grouss duergestallt, an och aus dem Alen Testament fanne mir Biller. Laanscht d'Säitemaueren sinn och nach Nimm vun den 12 Apostelen an de Motiver vun der Molerei ernimmt.
[Änneren] Literatur zum Thema
- Jubliäumsfeier und Orgelweihe der Pfarrei Rümelingen, 19. Dezember 1954
- Schnell, Kunstführer Nr 2569 ISBN 3-7954-6519-2
- Schmitt, Michel. - Rumelange : Eglise Saint-Sébastien, Regensburg : Schnell & Steiner, 2004 (Luxembourg : Impr. Saint-Paul), 19 Säiten, illustréiert, 17 cm (Schnell, guide d'art; n° 2569), ISBN 3-7954-6520-6