Tabernakel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
En Tabernakel (vu lat. tabernaculum - klengt Zelt) ass en (meeschtens zimelech zolitte) Schiefchen a kathoulesche Kierchen an dem déi konsekréiert Hostië versuergt ginn. Esou ass ëmmer eng Reserv Hostien do an och eng priviligiéiert Plaz fir d'Gebiet. E steet entweder am Chouer oder op engem Säitenaltor. Z'erkënnen ass en och dodrun datt net wäit dervun ewech permanent eng Käerz brennt ("Éiwegt Liicht").