Matterhorn
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Geographiesartikel zu Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Matterhorn | |
---|---|
Héicht: | 4.478 m |
Lag: | Schwäiz/Italien |
Bierger: | Walliser Alpen |
Fir t'éischt op der Spëtzt: | 14. Juli 1865: Edward Whymper |
D'Matterhorn (Walliserdäitsch: ds'Hore, franséisch: Mont Cervin oder Le Cervin, italienesch: Monte Cervino) ass matt 4.478 m de siwenthëchste Bierg vun den Alpen (wann en de Mont Blanc an de Monte Rosa als een an dee selweschte Grupp betruecht).
D'Matterhorn steet an de Walliser Alpen tëschent Zermatt a Breuil (Cervinia). D'Ost-, Nord- a Westwand leien op Schwäizer , d'Südwand op italieneschem Statsgebitt.
Wéint senger aparter Form a senger alpinistescher Geschicht ass et ee vun de bekanntesten Bierger vun der Welt. Fir d'Schwäiz ass d'Matterhorn e richtegt Symbol, an eng vill geknipsten Touristenattraktioun. Säi markanten dräieckege Kapp gëtt souguer vun der Schwäizer Schockelasfabrik Tobler als Motiv fir hiren "Toblerone" benotzt.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
[Änneren] Klotergeschicht
[Änneren] Kuckeswäertes
D'Air Zermatt bidd un, dass een als Tourist en 20-minüttegen Helikopterflug buchen kann, wu een direkt iwwert d'Spetzt vum Matterhorn geflunn gett an d'Wänn vu ganz no erliewe kann. De Startpunkt ass meeschtens um Gletscher um Plateau Rosa
[Änneren] Fotoalbum vum Materhorn
[Änneren] Literatur
- Charles Gos, Le Cervin, (Attinger, 1948)
- Edward Whymper, Scrambles Amongst the Alps, (1871)
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Matterhorn – Biller, Videoen oder Audiodateien |