Messier 2
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Messier 2 (M2) (och NGC 7089) ass ee Kugelstärkoup am Stärebild Aquarius. Am Messier-Katalog huet hien d’Nummer M 2.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Entdeckung
M 2 gouf den 11. September 1746 vum Maraldi entdeckt. 14 Joer méi spéit (1760) entdeckt de Charles Messier de Stärekoup onofhängeg nees nei.
[Änneren] Geschicht
Am Kugelstärekoup gouf 1897 ee verännerleche Stär vum RV Tauri Typ vun dem franséischen Astronom Chevremont entdeckt.
[Änneren] Zum M2
De Kugelstärekoup ass „ee vun deene kompakteste Kugelstärekéip“ (Burnham). E weist eng däitlech Elliptizitéit.
De Kugelstärekoup steet vun der Äerd aus gekuckt däitlech hannert dem galakteschen Zentrum.
- Rektaszensioun: 21h 33.5m
- Deklinatioun : -00° 49'
- Äquinoktium : 2000.0
- Hellegkeet : 6,3m
- Distanz vun der Äerd : 36.200 Liichtjoer
- Schäinbaren Duerchmiesser : 12,9 Bouminutten, visuell 7'
- Absoluten Duerchmiesser : 150 Liichtjoer
- Spektraltyp : F0
- Hellste Stär : 13,1m
- Verännerlech Stären : 21
- Unzuel Stären: 150.000
[Änneren] Fuerschung
Keng besonnesch Resultater bekannt.
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Categories: Galaxien | Stären | Messier | NGC-Objeten