Messier 20
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Messier 20 (och als Trifidniwwel oder NGC 6514 bezeechent) ass eng interstellar Wollek am Stärebild Sagittarius (Schëtze).
Den Trifidniwwel ass eng Stäregebuertsplaz (H-II-Gebitt) mat enger schäinbarer Hellegkeet vu +9,0 mag an enger Flächenausdeenung vun 28' × 28'. Seng Distanz zu der Äerd ass ronn 5200 Liichtjoer. Wéinst senger südlecher Positioun ass de Niwwel a Mëtteleuropa nët besonnesch gutt ze gesinn.
Op der Detailfoto sinn d’Jets siichtbar, wéi se sech bei der Stäregebuert entwéckelen.
Koordinaten (Äquinoktium J2000.0)
- Rektaszensioun: 18h 04m 12.00s
- Deklinatioun: -22° 29' 00.0"