Messier 54
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Messier 54 (och als NGC 6715 bezeechent) ass en +7,70 mag heller Kugelstärekoup mat enger Flächenausdeenung vun 9,1' x 9,1' am Stärebild Sagittarius, südlech vum Stär Nunki.
De Kugelstärekoup gëtt besonnesch observéiert, zënter datt bekannt ass, datt hie net zum Kugelstärekoupsystem vun der Mëllechstrooss gehéiert, Mä mat der Sagittarius-Zwerggalaxis assoziéiert ass. Well dës Galaxis, déi no der Canis-Major-Zwerggalaxis de nächste Noper vun eiser Mëllechstrooss ass, erréischt 1993 entdeckt ginn, gouf de Messier 54 bis dohin als Kugelstärekoup vun eiser Mëllechstrooss gezielt. Zesummen mat dem Messier 79, dee mat der Canis-Major-Zwerggalaxis assoziéiert ass, ass hien dofir ee mat am längsten bekannten aussergalaktesche Kugelstärekoup.
Koordinaten (Äquinoktium 2000,0)
- Rektaszensioun: 18 h 55 m 06,00 s
- Deklinatioun: -30° 29' 00,0"
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Messier 54 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) M54 bei SEDS
- (en) 2MASS/UMass/IPAC-Caltech/NASA/NSF déi sämtlech Messier Objeten