Peter Paul Rubens
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Peter Paul Rubens, gebuer den 28. Juni 1577 zu Siegen/Westfalen a gestuerwen, den 30. Mee 1640 zu Antwerpen war e flämesche Moler.
De Peter Paul Rubens war de Jong vun engem op Siegen emigréierten Affekot vun Antwerpen. Vun 12 Joer un ass hien an der Heemechtsstad vu sengem Papp opgewues an hien huet eng grouss künstleresch an humanistesch Ausbildung kritt.
Mat 21 Joer huet de Rubens sech selbstänneg gemaach an hien ass am Joer 1600 an Italien gaang. Do war hien als Moler an als diplomatesche Vertrieder aktiv.
Am Novemer 1608 ass hien aus familiäre Grënn op Antwerpen zréckkomm an hien huet dunn och do eng ganz Rei Opträg an Eierunge kritt. Hien huet do e groussen Molatelier agericht.