Rum
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Rum gëtt aus Zockerrouer gewonnen. Fir d'éischt gëtt den Zockerrouerjus erausgepresst an duerno agekacht. Iwwreg bleift en déckflëssege Sirop, dee mat Waasser verdënnt gëtt. Duerno kënnt Hief dobäi.
De Rum gëtt dräi bis sechs Méint an Holzfässer gelagert an iwwerhëllt doduerch seng brongelzech Faarf a säi Goût. Den intensive brongen Toun erhällt en allerdéngs duerch den Zousatz vun Zocker a Karamel.
De wäisse Rum gëtt a stole Fässer gelagert fir datt en seng kloer Faarf behält.