Temperatur
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Temperatur ass eng physikalesch Zoustandsgréisst. Wann zwee Systemer ënnerscheedlech Temperaturen hunn, fléisst Wäermt vum System mat der heijer Temperatur an de System mat der niddreger Temperatur. Zwee Systemer mat derselwechter Temperatur sinn am thermesche Gläichgewiicht.
Thermodynamesch ass d'Temperatur définéiert als d'Ännerung vun der bannenzegter Energie, no der Entropie bei festem Volume a Stoffmeng.
Op molekularem Niveau ass d'Temperatur en Equivalent fir d'gemëttelt kinetesch Energie () vun de Molékülen. Fir de Billard-Kugel Modell gelt d'Bezeiung:
[Änneren] Temperatur-Skalaen an Eenheeten
[Änneren] Grad Celsius
Bei der Definitioun vun der Grad Celsius () Skala ass den Temperaturbereich tëschent dem Gefréierpunkt an dem Kachpunkt vum Waasser bei athmosphäreschem Drock () an honnert Eenheeten ënnerdeelt ginn. Dobäi ass de Gefréierpunkt vum Waasser als Nullpunkt festgeluecht ginn an dem Kachpunkt de Wäert 100 zougedeelt ginn. Fir Temperaturen an der Grad Celsius Skala gët meeschtens d'Formelzeechen t oder θ geholl.
[Änneren] Kelvin
D'Andeelung vun der Kelvin (K) Skala ass déiselwecht wéi déi vun der Grad Celsius Skala an nom William Thomson, 1. Baron Kelvin genannt. Hei ass awer den Nullpunkt op déi thermodynamesch deifst meiglech Temperatur () geluecht ginn. Fir Temperaturen an der Kelvin Skala gëtt d'Formelzeechen T gebraucht. D'Ëmrechnung vun K an ass deementspriechend:
Temperaturen an der Kelvin Skala gin och oft thermodynamesch Temperatur oder absolut Temperatur genannt.