Walter Baade
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Prof. Dr. Walter Baade gebuer de 24. Mäerz 1893 zu Schröttinghausen (haut Preisesch Oldendorf (Westfalen)) ass gestuerwen de 25. Juni 1960 zu Göttingen. Hie war ee vun de bedeitesten Astronomen an Astrophysiker vum 20. Joerhonnert.
De Baade, Jong vun engem Schoulmeeschter, ass zu Herford an d’Schoul gaangen an huet studéiert op der Münster a Göttingen Mathematik, Physik, Geophysik an Astronomie. Eng ugebueren Hüftbehënnerung huet hie virum Militärdéngscht während dem Éischte Weltkrich ewech gehalen. Am Joer 1919 promovéiert hien zu Göttingen. E krut eng Ustellung am Hamburger Observatoire, wou hien ë.a. 1920 den Asteroiden Hidalgo entdeckt.
Bei engem Openthalt an Amerika am Joer 1925, bei enger Observatioun vun enger Sonnendäischter, léiert hien den Harlow Shapley kennen, deen him zu engem Stipendium gehollef huet. An de Joeren 1926 an 1927 schafft de Baade um Observatoire vun der Harvard, Yerkes, Lick an op dem Mount Wilson an ënnersicht d’Stärekéip a Spiralgalaxien. No sengem Heemkommen op Hamburg krut hien 1929 d’Habilitatioun als Héichschoulmeeschter. Am gläiche Joer bestuet hien Johanna Bohlmann, déi als technesch Assistentin um Hamburger Observatoire schafft.
Am Joer 1931 krut de Baade eng Beruffung op de Mount-Wilson-Observatoire, a war spéider och um Mount-Palomar-Observatoire täteg. Wou de Rudolf Minkowski no der Muechtergräifung vum Hitler Beruffsverbuet kritt huet, huet de Walter Baade hien no Kalifornien geholl. Domat huet de Baade héichstwahrscheinlech sengem Frënd d’Liewen gerett. Während dem Zweete Weltkrich goufe bal all Astronomen vum Mount Wilson zu Waffenentwécklungssystemer ofgezunn. De Baade, deen nach ëmmer Däitsche Staatsbierger war, (et hat een him ugebueden weider Däitsch ze bleiwen, fir dat internationalt Institut ze halen) war heifir ausgeholl. Sou hat hie bal onbegrenzten Observatiounszäiten. Duerch déi fotografesch Ënnersich vun engem Typ vu verännerleche Stäre, den Cepheiden, an aneren Galaxien, konnt hie d’Distanzen bestëmmen. Am Joer 1944 ass et dem Baade gelongen, mat Hëllef vun engem 2,5 m-Spiegels éischtmols d’Opléisung vun der Kärregioun vum Andromedaniwwel an eenzel Stäre. 1952 stellt de Baade fest, datt d’Distanzen zu de Galaxien mindestens duebel sou grouss waren, wéi bis zu deem Zäitpunkt ugeholl gi war. Domat verduebelten sech d’Moosstäb an d’Alter vum Universum. De Baade huet och d’Strukturen vun eiser Mëllechstrooss ënnersicht an entdeckt, datt eis Galaxis aus Stären vun zwou ënnerscheedlechen Populatiounen besteet. Duerch d’Observatioun vun den RR Lyrae-Stären huet hien den Ofstand vun eisem Sonnesystem vum Zentrum der Galaxis bestëmmt. Desweideren huet hie sech och beschäftegt mat der Identifikatioun vu verschiddenen kosmeschen Radioquellen mat optesche Objeten, a fotograféiert si mat dem 5-Meter-Hale-Teleskop op Mount Palomar.
De Walter Baade fënnt 1951 d’Baade'scht Fënster. Et handelt sech ëm ee bal absorptiounsfräit, ca. een 1/4 Quadratgrad (ca. Vollmoundgréisst) grousst galaktescht Fënster bei de galakteschen Koordinaaten l = 0,9° an b = -3,9°. De Strahl fir ze kucken erreecht hei dat ca. 30000 Liichtjoer wäi Zentrum vun der Galaxis, wat baussescht dem Baade'schen Fënster opgrond vun der Absorptioun duerch Stëbwolleken onméiglech ass.Am Baade'schen Fënster läit och de Kugelkoup NGC 6522 op enger Distanz vun ca. 20000 Liichtjoer. De Baade entdeckt Ufanks vun den 30er Joer den Zentralstär vum Kriibsniwwel, ee Supernovarescht aus dem Joer 1054. Spéider an de 60er Joer erkennt een, datt dëse Stär e Pulsar an Neutronestär ass. Dëse Stär gëtt haut Baades Stär genannt. Mat dem Schwäizer Fritz Zwicky präegt hien de Begrëff "Supernova", wou si d’Novae observéierten.
D’Entwécklung vum komafräien Spiegelteleskop geet op intensiv Gespréicher an Uregungen tëschent dem Baade an dem Bernhard Schmidt zeréck, wou si 1929 zu enger Sonnendäischterexpeditioun op d’Philippinen reesten. De Baade gëtt och als den „Grënner“ vun der ESO (European Southern Observatory) ugesinn, kuckt: [1]. (ESO feiert 40 Joer)
Den Asteroid Nr. 1501 dréit säi Numm Baade. Hie selwer hat 10 Asteroiden entdeckt. Um Äerdmound gouf e Krater an en Dall nom Baader genannt.
[Änneren] Seng Auszeechnungen
- Gold Medal of the Royal Astronomical Society (1954)
- Bruce Medal (1955)
- Henry Norris Russell Lectureship of the American Astronomical Society (1958)