A4 (Rakéit)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Aggregat 4 (A4) war di éischt voll funktiounsfäheg Groussrakéit.
Si ass bekannt ginn ënner dem Numm dien de Joseph Goebbels hier am Oktober 1944 ginn hat mat dem Propagandnumm Vergeltungswaffe 2. Et war eng sougenannte ballistesch Artillerie-Rakéit, haut géif ee soen eng Buedem-Buedem Rakéit, a si war fir déi Zäit eng Rakéit, déi ganz wäit konnt fléien a gouf um Ënn vum Zweete Weltkrich a grousser Zuel agesaat.
Si gëllt als deen éischte vu Mënsche gebaute Fluchkierper, deen d'Grenz vum Weltraum erreecht huet.