Albert II. vun der Belsch
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Albert II. (gebuer de 6. Juni 1934 um Schlass Stuyvenberg) ass dee 6. an aktuelle Kinnek vun de Belsch. Hien ass den 9. August 1993 sengem Brudder Baudouin I., dee stënterlech gestuerwe war, op den Troun gefollegt.
Den Albert ass deen 2. Fils vum Kinnek Leopold III. an der Kinningin Astrid, eng gebuere Prinzessin vu Schweden. Säin Titel bei der Gebuert war Prënz vu Léck a säi kompletten Dafnumm ass Albert Félix Humbert Théodore Christian Eugène Marie.
Den Albert hat keng liicht Kandheet. Seng Mamm ass 1935 bei engem Autosaccident ëm d'Liewe komm. Den Zweete Weltkrich huet en a Frankräich, Spuenien, an zu engem groussen Deel zu Bréissel verbruecht. Nom Debarquement an der Normandie ass d'kinneklech Famill an Däitschland an Éisträich internéiert ginn, an eréischt de 7. Juni 1945 befreit ginn. Mee et huet bis 1950 gedauert (esoulaang huet d'Gestreits ëm d' Question royale gedauert), bis en nees an d'Belsch kunnt kommen. Säi Papp huet ofgedankt a säi Brudder Baudouin gouf 1951 Kinnek.
Hannescht an der Belsch huet den Albert eng laang Ausbildung an der Marine gemaach. "Berufflech" gouf e President vun der Caisse générale d'épargne et de retraite (CGER), bis déi 1991 opgeléist gouf. Hie war och President vum Belsche Roude Kräiz, Senator an Éierepresident vum Belschen Olympesche Comité. Vun 1962 u war e, bis e Kinnek gouf, Éierepresident vum Office belge du commerce extérieur, wat em erlaabt huet, eng honnert Reesen uechtert d'Welt ze maachen.
Den 2. Juli 1959 huet hien d'Paola Ruffo di Calabria bestued. Si kruten 3 Kanner: De Philippe (gebuer de 15. Abrëll 1960), d'Astrid (gebuer de 5. Juni 1962) an de Laurent (gebuer den 19. Oktober 1963). Um Enn vun den 1960er Joren stiung et net ze gutt em de Stot, an deer Zäit ass seng Duechter baussent dem Bestiednes, d'Delphine Boël, gebuer.
Nom Doud vu sengem Brudder Baudouin, huet den Albert den 9. August 1993 den Eed als sechste Kinnek vun de Belsch geleescht. Déi nei federal Verfassung vun der Belsch ass kuerz dono, de 17. Februar 1994 a Kraaft getrueden, an esou war an ass säin Haaptuleies, d'Versteesdemech an den Zesummenhalt tëscht deene verschiddenen Regiounen a Communautéiten ze erhalen an ze stäerken.
Hien ass de Monni an Dafpätter vum spéidere Groussherzog Henri vu Lëtzebuerg.