Olympesch Gëtter
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Olympesch Gëtter (gr.: τὸ Δωδεκάθεον / to Dodekatheon), och Olympioi oder Olympier, waren déi zwielef (gr.: δώδεκα / dodeka) Haaptgëtter an der griichescher Mythologie.
Hire Wunnsëtz war de Bierg Olymp (gr.: Ὄλυμπος / Olympos) a Griicheland. Si entspriechen den zwielef Méint vum Joer souwéi den zwielef Déierekreeszeechen.
D'Olympier waren d'Grupp vun de Gëtter ronderëm den Zeus, deen no schwéiere Kämpf säi Papp Kronos an deem seng Gesëschter, an domadder d'Titanen, déi virun him un der Muecht waren, gestierzt huet (Titanomachie). Heibäi gouf hie vun de Kyklopen ënnerstëtzt, si hunn him och de Blëtz an den Donner ginn. Ausserdem waren Hekatoncheiren a seng Mamm Rhea op senger Säit.
Nodeems den Zeus d'Titanen an den Tartaros gestierzt hat, huet hie seng Herrschaft géint d'Nokomme vun den Titane missen ofsécheren. Fir géint d'Nokommen ze gewannen, huet hien d'Styx missen ëm Hëllef bieden, an hei hunn d'Olympier och nach spéider hir Eede geschwuer. Sou goufen och d'Nokommen an den Tartaros agespaart. Well sech weder den Okeanos, nach d'Tethys an d'Themis um Opstand vun den Titanen, déi iwwreg bliwwe waren, géint den Zeus bedeelegt haten, huet den Zeus hinnen d'Herrschaft iwwer hirt Räich gelooss.
No den Titanen hu sech d'Olympier misse géint d'Gigante behaapten (Gigantomachie). Heibäi krute si besonnesch Hëllef vum stierflechen Herakles, dee spéider och an den Olymp opgeholl ginn ass, an d'Hebe bestued huet. Domadder gouf d'Hebe, déi de Gëtter den Nektar bruecht huet, vum Ganymed ofgeléist. Och dëse Kampf konnt den Zeus fir sech entscheeden, a sou konnt hie mat senge Gesëschter d'Weltherrschaft untrieden. Duerch d'Lous gouf entscheed, datt den Zeus "den Himmel" géif kréien, de Poseidon "d'Mier", an den Hades "d'Ënnerwelt".
Schliesslech hu sech d'Olympier misse géint den Typhon duerchsetzen. Wéi hie mat gliddege Steng ronderëm sech gehäit huet, a gejaut huet, datt ee bal daf ginn ass, sinn d'Olympier fir d'éischt emol geflücht. Doropshinn hunn si sech an Déiere verwandelt; den Zeus an e Widder, den Apollo an e Kueb, den Dionysos an e Geessebock, d'Artemis an eng Kaz, d'Hera an eng Kou, d'Aphrodite an e Fësch an den Eos an en Ibis. Och den Ares huet sech an e Fësch verwandelt, de gewaltegen Herakles an e Réi, d'Leto an e Wisel, an den Hephaistos a e Stéier. Esou sinn si an Egypten geflücht, dem ale Land vun der Wäisheet, bis den Zeus den Typhon bändege konnt.
Domadder war den Zeus de Begrënner vun der drëtter Weltuerdnung.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Déi zwielef Olympier
Numm | Funktioun | Bild | |
---|---|---|---|
Griichesch (Transliteratioun) |
Lëtz. | ||
Ἀφροδίτη (Aphroditē) |
Aphrodite | Gëttin vun der Léift an der Schéinheet. | ![]() |
Ἀπόλλων (Apollōn) |
Apollo | Gott vun der Poesie, dem Liicht, de Mais, der Pescht an der Prophetie. |
![]() |
῎Αρης (Arēs) |
Ares | Gott vum brutale Krich an de Schluechten. | ![]() |
Άρτεμις (Artemis) |
Artemis | Gëttin vun der Juegd a vum Mound. | ![]() |
Ἀθηνᾶ (Athēna) |
Athene | Gëttin vun der Wäisheet, Schutzpatrounin vun de Kënscht an dem Handwierk, a Gëttin vum strategesche Krich. |
![]() |
Δήμητρα (Dēmētra) |
Demeter | Fruuchtbarkeetsgëttin. | ![]() |
Ἥρα (Hēra) |
Hera | Familljegëttin, zoustänneg fir Hochzäit, Mammeschaft a Gebuert. |
![]() |
Ἥφαιστος (Hēphaistos) |
Hephaistos | Gott vun de Vulkaner, dem Feier an der Schmëtt. |
![]() |
Έρμής (Hērmēs) |
Hermes | Gott vun den Déif, dem Handel an de Reesenden. |
![]() |
Ἑστία (Hestia) |
Hestia | Gëttin vum Häerdfeier | ![]() |
Ποσειδῶν (Poseidōn) |
Poseidon | Gott vum Mier, den Erdbiewen an de Päerd. | ![]() |
Ζεύς (Zeus) |
Zeus | Gëtterpapp, zoustänneg fir Blëtz, Donner a Loft. | ![]() |
[Änneren] Spéider derbäikomm
Numm | Funktioun | Bild | |
---|---|---|---|
Griichesch (Transliteratioun) |
Lëtz. | ||
Ἥϐη (Hebe) |
Hebe | Gëttin vun der Jugend. | ![]() |
Ἡρακλῆς (Herakles) |
Herakles | Hallefgott, Heel- an Orakelgott |
![]() |
Διόνυσος (Dionysos) | Dionysos | Gott vum Wäin an der Ekstas | ![]() |
[Änneren] Gëtter vun der Ënnerwelt
D'Ënnerwelt gehéiert nëmmen indirekt zu den Olympier.
Numm | Funktioun | Bild | |
---|---|---|---|
Griichesch (Transliteratioun) |
Lëtz. | ||
ᾍδης (Haides) |
Hades | Herrscher vun der Ënnerwelt. | ![]() |
Περσεφόνη (Persephone) |
Persephone | Kinnigin vun der Ënnerwelt. | ![]() |
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Griichesch Gëtter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) De griichesche Pantheon
- (en) Dodekatheon
![]() |
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |