Autobunn A4 (Lëtzebuerg)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
A4 - Escher Autobunn | ||
Zeechen | N° | Verdeeler |
![]() |
Lëtzebuerg (Stad)-Hollerech | |
![]() |
Zéissenger Kräiz | |
![]() |
1 | Leideleng-Nord |
![]() |
2 | Leideleng-Süd |
![]() |
3 | Steebrécken |
![]() ![]() ![]() |
Aire de Pontpierre | |
![]() |
4 | Féiz |
![]() |
A13 Uschloss Esch | |
![]() |
5 | Esch-Uelzecht-Lalleng |
![]() |
A13 Uschloss Lankëlz | |
![]() |
Esch Belval-Rämerech |
D'lëtzebuergesch Autobunn A4, am Volleksmond Escher Autobunn genannt, ass eng 16,302 km laang Autobunn, déi vun Hollerech, an der Stad Lëtzebuerg, no Süde bis op Esch-Uelzecht geet, wou se um Rond-Point vun Esch-Belval/Raemerech ophält. Et gi Pläng, se déisäit der franséischer Grenz un d'N52 unzeschléissen, fir esou den Duerchgangsverkéier vun de Frontalierë méiglechst aus den Uertschaften Esch-Uelzecht, Villerupt an Däitsch-Oth erauszehalen.
Et gi 5 Autobunnsausfaarten/Opfaarten, 1 Autobunnnskräiz, 2 Jonctiounen an eng Plaz fir ze raschten. Den Tracée vun der A4 leeft méi oder manner parallel zu der N4.
Um Zéissenger Kräiz kräizt d'A4 sech mat der A6 a geet da laanscht Leideleng, Steebrécken a Féiz. Direkt duerno gëtt et en Uschloss un d'A13 (Collectrice du Sud): virun der Sortie op Esch-Lalleng a Richtung Diddeleng, derhannert, bei der Jonctioun Lankëlz, a Richtung Péiteng.
D'Autobunn A4 gouf tëscht 1969 an 1976 a Betrib geholl: Fir d'éischt den Tronçon Féiz-Esch, 1972 dann d'Ëmfuerung vu Leideleng, 1974 d'Deelstéck Leideleng-Märel an zum Schluss d'Streck tëschent Leideleng a Steebrécken. An den 1980er Jore gouf se ëm dat Stéck tëscht Esch-Lalleng an Esch-Raemerech verlängert.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Autobunnen zu Lëtzebuerg | ||