Beringstrooss
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Beringstross ass, wéi den Äermelkanal, eng schmuel Mieresstross, eng Mierengt, déi de US-Bundesstaat Alaska vum ëstlechen Deel vu Russland trennt. Si gouf nom Vitus Bering, engem däneschen Entdecker, deen d'Beringstross 1728 duerchfuer huet, genannt. Duerch d'Beringstrooss verleeft déi global Datumsgrenz. Zäitweis nëmmen, wann de Thermometer ënner -70 Grad Celsius fält, ass se zougefruer.
D'Beringstross ass op der schmuelster Streck 85-100 km breet an duerschnëttlech 30-50 m déif. Dës Wasserstrooss gouf et net ëmmer. Virun 10.000 Joer, um Enn vu der leschter Äiszäit, war dat nach eng Landbréck, iwwer déi e konnt drechenes Fouss vun engem Kontinent op den anere goen. Dat kënnt d'Theorië bestätegen, no deenen déi éischt Awunner vun Amerika um Landwee dohi komm sinn.
Categories: USA | Russland | Mierengten