Diego Velázquez
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Diego Velázquez (Diego Rodríguez De Silva Velázquez) gouf de 6. Juni 1599 zu Sevilla gebuer an ass de 6. August 1660) gestuerwen. Hie war e grousse spuenesche Moler. Hien ass sevillianescher a portugisecher Ofstamung.
Säin individuelle Molstil huet vill Kënschtler beaflosst, wéi zum Beispill de Francisco Goya an den Edouard Manet.
Mat 11 Joer huet hie seng Léierzäit am Atelier beim Francisco Pacheco ugefaangen. Mat 18 Joer huet hie sech selbstänneg gemaach a 1618 huet hien dem Pacheco seng Duechter, d'Juana de Pacheco, bestuet. Si kruten zwee Meedercher.
1623 ass hien op Madrid gaangen. Do huet hien den Titel Pintor del Rey Felipe IV kritt. Um spuenesche Kinnekshaff hat hie grousse Succès, zumols wou de Filipe IV. e grousse Konschtfrënd war.
Säi bekannstend Wierk war e Selbstporträt vu sech a senger Famill: Las Meninas.
Den Diego Velázquez ass de 6. August 1660 am Alter vun 61 Joer gestuerwen.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Seng Wierker
- 1619: La comida
- 1620: El aguador de Sevilla
- 1630: La fragua de Vulcano
- 1630: María de Austria
- 1632: Cristo crucificado
- 1635: Las Lanzas oder La rendición de Breda
- 1635: El Príncipe Baltasar Carlos a caballo
- 1636: Felipe IV a caballo
- 1656: Las Meninas
- 1660: La infanta doña Margarita de Austria
- Las Hilanderas
[Änneren] Galerie
[Änneren] Literatur
- Bottineau, Yves: Vélasquez, Citadelles & Mazenod, Collectioun Les Phares, 1998, 345 Säiten, iwwer 300 Illustratiounen.
- Dem José López-Rey säi monumentaalt (iwwer 5,5 kg) Velázquez - Catalogue raisonné, Benedikt Taschen Verlag, vum Februar 2003, ass am Moment vergraff.