Europäesch Charta fir Regional- oder Minoritéitssproochen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Europäesch Charta fir Regional- oder Minoritéitssprooche gouf 1992 zu Stroossbuerg am Europarot ënnerschriwwen an ass 1998 a Kraaft getrueden.
Dës Sproochecharta besteet aus engem Katalog vu Moossname fir Regional- oder Minoritéitssproochen ze ënnerstëtzen, an zwar an de Beräicher: Bildungswiesen, Justiz, Admininistratioun, ëffentlech Déngschtleeschtungsbetriber, Medien a kulturell Aktivitéiten tëscht den Nopeschlänner. Jiddwer Land, dat dës Charta ratifizéiert huet, engagéiert sech op mannst 35 Moossname vun dësem Katalog ëmzesetzen. Bis dato hunn 20 Länner dës Charta ratifizéiert (Stand: Mee 2006)
Ee Komitee aus Experten iwwerwaacht d'Anhalung vun där Charta an deene verschiddene Länner.
Lëtzebuerg huet dës Charta den 22. Juni 2005 ratifizéiert.
An engem Avis vum Conseil d'Etat vum 30. Mäerz 2004 gëtt erkläert, datt Lëtzebuerg net vun där Charta betraff ass, well et zu Lëtzebuerg keng historesch gewuesse Minoritéitssprooche gëtt. Lëtzebuerg kéint dës Charta also ouni Bedenke ratifizéieren, an engem Solidaritéitsakt mat deene betraffene Länner.
An den Nopeschlänner Frankräich a Belsch wier déi lëtzebuerger Sprooch deemno eng historesch gewuesse Minoritéitssprooch, mä hei kann d'Charta net agesat ginn, well dës 2 Länner d'Charta net ratifizéiert hunn.
Zënter dem 14. Dezember 2005 gëtt Lëtzebuerg am Experte Komitee vum lëtzebuergesche Linguist Jérôme Lulling vertrueden.
[Änneren] Ratifikatiounen
Däitschland Ratifikatioun : 16.9.1998
Armenien Ratifikatioun : 25.1.2002
Éisträich Ratifikatioun : 28.6.2001
Zypern Ratifikatioun : 26.8.2002
Kroatien Ratifikatioun : 5.11.1997
Dänemark Ratifikatioun : 8.9.2000 Spuenien Ratifikatioun : 9.4.2001
Finnland Ratifikatioun : 9.11.1994
Ungarn Ratifikatioun : 26.4.1995
|
Liechtenstein Ratifikatioun : 18.11.1997 Lëtzebuerg Ratifikatioun : 22.6.2005 Holland Ratifikatioun : 2.5.1996
Norwegen Ratifikatioun : 10.11.1993
Groussbritannien Ratifikatioun : 27.3.2001
Slowakei Ratifikatioun : 5.9.2001 Slowenien Ratifikatioun : 4.10.2000
Schweden Ratifikatioun : 9.2.2000
Schwäiz Ratifikatioun : 23.12.1997
|