Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Web Analytics
Cookie Policy Terms and Conditions Norwegen - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Norwegen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Kongeriket Norge
Kongeriket Noreg
(Detailer) (Detailer)
National Devise: keng
Offiziell Sprooch: Norwegesch (Bokmål an Nynorsk), a Finnmark op Plazen och Samesch
Haaptstad:
 Awunnerzuel:
Oslo
 533.050 (1. Juli 2005)
Kinnek: Harald V.
Premierminister: Jens Stoltenberg
Fläch: 323.759 km²
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Bevëlkerungsdicht:
Op 114. Plaz
4.621.299 (1. Juli 2005)
14,3/km²
Onofhängegkeet: vun der Unioun mat Schweden
7. Juni 1905 (ausgeruff)

26. Oktober 1905 (unerkannt)

Nationalfeierdag: 17. Mee
Währung: Norwegesch Kroun
Zäitzon: UTC+1
Internet TLD: .no
International Virwahl: 47

D'Kinnekräich Norwegen (norw.: Kongeriket Norge/Noreg) ass en nordeuropäescht Land a läit am Weste vun der skandinavescher Hallefinsel. Nopeschlänner sinn am Oste Schweden, am Nordoste Finnland a Russland. Am Weste gëtt d'Land vum Nordatlantik begrenzt, dee sech deelweis wäit a Form vu Fjorden an d'Land era grieft.

Enner norwegescher Souveränitéit sinn och d'Insele Svalbard a Jan Mayen.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geographie

Eng typesch norwegesch Fjordlandschaft
Eng typesch norwegesch Fjordlandschaft

Norwegen ass e laangt, schmuelt Land. Vun der Südspëtzt zu Lindesnes bis opp Kinnarodden um Nordkap, deem nërdlechste Punkt an Europa, sinn et 1 752 km Loftlinn. D'Breet variéiert tëschent den zwee Extremer 6km an 430km. De Relief vum Land ass geprägt vu Bierger, Gletscheren a Fjorden. Mat de Fjorden abegraff bréngt et Norwegen op 25.148 km Küst. Den héchste Bierg ass mat sengen 2 469 Meter de Galdhøpiggen, dee gréisste Séi ass d'Mjøsa mat 362 km2.

D'Klima laanscht Küsten ass wéinst der vum Golfstroum transportéierter Wäermt verhältnesméisseg temperéiert. Méi kill gëtt et a Richtung Banneland an an deene nërdlechste Regiounen herrschen am Wanter subarktesch Temperaturen. An deenen Deeler vum Land déi nërdlech vum arktesche Polarkrees leie geet d'Sonn am Summer ni ënner (Metternuechtssonn) respektiv am Wanter ni op.

Ausser Oslo huet Norwegen dräi Stied mat méi wéi 100.000 Awunner, nämlech Bergen, Trondheim a Stavanger.

Norwegen besëtzt fënnef iewerséiesch Regiounen:

  • Svalbard (Spitzbergen a Biereninsel) am Nordatlantik an am Nordpolarmier
  • Jan Mayen am Nordatlantik
  • Bouvetinsel am Südpolarmier
  • Peter-I.-Insel am Südpolarmier
  • Kinnigin-Maud-Land an der Antarktis

Kuckt och: Lëscht vu de Stied an Norwegen, Nationalparken an Norwegen, Fjorden vu Norwegen

[Änneren] Bevëlkerung

[Änneren] Zuel

Am Hierscht 2000 ass d' Zuel vu den Awunner a Norwegen op méi wéi 4,6 Mio. geklomm a si klëmmt weider all Joer em ongeféier 30.000 Mënschen. Vill vun hinnen si zougewandert Flüchtlingen. Ze berücksichtigen ass och, datt Norwegen méi en héige Gebuertenundeel huet wéi aner Länner an Europa.

[Änneren] Zesummensetzung

95,9 % vu der Bevëlkerung si Norweger, dozou zielen och d'Minoritéiten vu ca. 40.000 Saami (Lappen) a ca. 10.000 Finnen (Kvener). Den Auslännerundeel erreecht 4,1 % (0,6 % Schweden, 0,4 % Dänen, 0,3 % Bosnier, 0,2 % Pakistaner, 0,2 % Briten ënnert aneren.) (Stand 2001).

75 % vun der Populatioun liewen an de Stied.

[Änneren] Gréisser Stied a vun Touristen besicht Uertschaften

[Änneren] Sproochen

Norwegesch gehéiert zu den nordgermanesche Sprooche wouvun et haut zwou offiziell Versioune ginn, Bokmål an Nynorsk. Allebéid si Schrëftsproochen.

Bokmål ("Buchsprooch") geet op d'Riksmål ("d'Sprooch vum Räich") zréck d.h. op di haaptsächlech vum Däneschen geprägte Sprooch vun der Uniounszäit mat Dänemark.

Nynorsk ("Neinorwegesch"), dat bis 1929 Landsmål ("d'Sprooch vum Land") geheescht huet, ass u sech eng kënstlech Sprooch an ass zënter 1885 di zweet offiziell Schrëftsprooch. Nynorsk ass zu engem groussen Deel eng Usammlung vu verschiddene westnorwegeschen Dialekter, déi an de Publikatioune vum Linguist Ivar Aasen systematiséiert goufen an hier allgemeng Verbreedung fonnt hunn.

D'Majoritéit vun den Norweger schreift Bokmål. Nynorsk ass fir 10-12% d'Haaptsprooch. An der Schoul léieren norwegesch Schüler a Schülerinnen haut souwuel Bokmål wéi och Nynorsk. Béid Sprooche gi mëndlech an enger sëllechen Dialekter geschwat.

Nieft Norwegesch gëtt am Norde vum Land och nach Samesch a Finnesch vun den nationale Minoritéite geschwat.

[Änneren] Relioun

Norwegen huet eng Staatskierch (Den Norske Kirke) no evangelesch-lutherescher Traditioun. Hier héchst Autoritéit ass de Kinnek.

[Änneren] Geschicht

Déi eelsten zivilisatoresch Spuren am heitegen Norwegen si ronn 10. 300 Joer al a goufen an der Géigend vum Nordkap fonnt. Den Harald Hårfagre ("Harald mat de schéinen Hoer") bréngt et an der Wikingerzäit (800-1050) fir d'eischte Kéier fäerdeg grouss Deeler vun Norwegen an engem Kinnekräich ze vereenegen.

Norwegesch Wikinger bedreiwen an där Zäit net nëmmen Handel mat hiren europäeschen Nopere mä bleiwen och wéinst hirem Geraafs a Gestiels a Kléischter an a Küstestiedt an Erënnerung. Island, d'Faröerinselen a Grönland gi vun norwegeschen Wikinger besiddelt.

Em 1030 gëtt d'Land christianiséiert.

1387 stierft d'norwegesch Kinneksgeschlecht aus, an Norwegen gëtt en Deel vun der Kalmarer Unioun. D'Land ass en zimlech onbedeitende Member nieft Schweden an deem deemools dominanten Dänemark. Norwegen gëtt als net vill méi wéi eng dänesch Provënz ugesinn an di offiziell Sprooch ass dänesch. D'Personalunioun mat Dänemark hält bis 1814 (Schweden emanzipéiert sech ënnert dem Gustav Vasa an ass zënter 1523 net méi an der Unioun). Dänemark-Norwegen steet an de Kricher vum Napoléon als Alliéierten op der Säit vu Frankräich. Als Konsequenz dovu gëtt Dänemark am Fridde vu Kiel (1814) dozou gezwongen, Norwegen u Schweden ofzeginn.

D'kinneklecht Schlass zu Oslo
D'kinneklecht Schlass zu Oslo

D'Norweger probéiere vun dëser Iwwergankszäit ze profitéieren a gi sech de 17. Mee 1814 zu Eidsvoll eng Verfaassung, an där se sech als onofhängeg déclaréieren. No engem kuerze Krich mat Schweden gëtt zu gudder Lescht de Kompromëss fonnt, datt Norwegen zwar en eegent Kinnekräich mat deelweis eegenen Institutioune bleiwen däerf, dat awer nëmmen am Kader vun enger Personalunioun mat Schweden. Den 13. August 1905 stëmmt eng grouss Majoritéit vun den Norweger an engem Referendum fir d'Opléisung vun der Unioun, déi domat onbluddeg op en Enn bruecht gëtt. Neie Kinnik gëtt den dänesche Prënz Carl aus dem Haus Glücksburg, dee sech Haakon VII. nennt.

Am éischte Weltkrich bleift Norwegen neutral. 1920 trëtt d'Land dem Vëlkerbond (Société des nations) bäi.

Den 9. Abrëll 1940 iwwerfält Däitschland déi neutral Länner Dänemark an Norwegen (Operatioun Weserübung). D'Norweger wiere sech 6 Woche laang, mussen awer den 10. Juni 1940 virun der däitscher Arméi kapituléieren. D'Zil vun der däitscher Invasioun war et di norwegesch Häfen ënner Kontroll ze kréien. Engersäits sollt doduerch verhënnert ginn, datt Groussbritannien a Kooperatioun mat Norwegen Däitschland den Zougang zum Nordmier kéint blockéieren, anerersäits war den Hafe vu Narvik eng wichteg Statioun fir den Transport vu Minett aus dem schwedesche Kiruna an d' Drëtt Räich.

D'Majoritéit vun den Norweger war géint d'Besetzung an d'Ideologie vun Nazi-Däitschland. Di national Resistenz huet dobäi eng wichteg Roll gespillt. Dogéint ass de Numm vun dem bekanntesten norwegeschem Nationalsozialist, dem Vidkun Quisling, zum Synonym vu Kollaborateur ginn.

Norwegen ass Member vun der NATO, de Vereente Natiounen an der EFTA (Association européenne de libre-échange), huet d'Schengener Ofkommes ënnerschriwwen an ass Deel vum Espace Économique Européen. Zweemol, an de Joren 1972 respektiv 1994 hunn d'Norweger a Referenden dogéint gestëmmt der EU bäizetrieden.

[Änneren] Politik

D'norwegesch Verfassung vum 17. Mee 1814 ass vun der franséischer Verfassung vum Enn vum 18. Joerhonnert inspiréiert. De Prinzip vum Montesquieu vu der Gewaltentrennung gëllt och hei. D'Duerchféierung vu deem Prinzip huet allerdengs an der Praxis e puermol zu Ausenanersetzungen tëschent der Exekutiv, déi am wesentlechen vum Kinnekshaus kontrolléiert gëtt, an dem Storting, dem norwegesche Parlament, gefouert. D'Kinnekshaus huet nämlech probéiert seng Privilegien als Executivmuecht auszebauen, während d'Parlament, opgrond vu der Verfassung, dat verhënnere wollt.

Dës Spannungen hun zougeholl bis 1884, dem Joer, dat a Norwegen als dat Joer ugekuckt gëtt, wou de Parlamentarismus sech duerchgesat huet. De biergerlech-liberale Stortings-Députéierte Johan Sverdrup huet trotz Widerstand vum Kinnek Oskar II. dat staatsrechtlecht Prinzip duerchgesat, wouno eng Regierung, fir kënne weiderzeregéieren, d'Ennerstëtzung vum Storting brauch. No dëser Bestätegung huet de Kinnik missen de Sverdrup als neien Ministerpresident mat der Regierungsbildung chargéieren.

D'Parlament besteet aus 165 Députéierten. All 4 Joer gëtt gewielt (bis 1936 all drëtt Joer). D'Parlament, Stortinget 1:1 iwwersat "Déi grouss Saach"), setzt sech zesummen aus zwee Deeler, (Odelstinget a Lagtinget). Well den Ënnerscheed iewer net ganz kloer ass, gëtt den norwegesche Systeem allgemeng als Eekummersysteem ugesinn.

Grousskoalitiounen sinn an Norwegen net de Gebrauch. De Fall, datt Minoritéitsregierungen mat der Ënnerstëtzung vum Parlament regéieren, ass méi heefeg. A leschter Zäit hate Minoritéitsregierungen Problemen, sou datt och a Norwegen lo fir de Prinzip vu Koalitiounen plädéiert gëtt. Haut besteet eng Koalitioun aus "Arbeiderpartiet" (Sozialisten), "Sosialistisk Venstreparti" (Sozialistesch Lenkspartei) an der "Senterpartiet" (Zentrumspartei). Norwegesche Regierungschef ass den sozialisteschen Jens Stoltenberg.

A Norwegen goufen et bis lo 6 Referendumen:

  • 1905 iwwer d'Opléisung vu der Unioun mat Schweden. (Resultat:Jo)
  • 1905 iwwer d'Ernennung vum Prënz Carls vun Dänemark als Kinnik Haakon VII. (Resultat: Jo)
  • 1916 iwwer d'Alkoholverbuet. (Resultat: Jo)
  • 1927 iwwer d' Annulatioun vu dëser Interdictioun. (Resultat: Jo)
  • 1972 iwwer de Beitrëtt zur Europäischer Communautéit. (Resultat: Neen)
  • 1994 iwwer de Beitrëtt an d'Europäische Unioun. (Resultat: Neen)

[Änneren] Parteien

Am Storting sinn zur Zäit vertrued:

  • Arbeiderpartiet (Sozialdemokratesch Partei)
  • Høyre (Konservativ)
  • Fremskrittspartiet (Fortschrëttspartei)
  • Sosialistisk Venstreparti (Sozialistesch Lénkspartei)
  • Kristelig Folkeparti (Chrëschtlech Vollekspartei)
  • Senterpartiet (Zentrumspartei, vertrëtt d'Interesse vun de Baueren)
  • Venstre (Liberal)
  • Aner kleng Parteien:
    • Kystpartiet (Küstepartei, vertrëtt d'Interesse vu de Mënschen un der Küst an Nord-Norwegen)
    • Arbeidernes kommunistparti (Kommunistesch Partei vu den Arbechter)
    • Norges Kommunistiske Parti (Kommunistesch Partei vu Norwegen )
    • Rød Valgallianse (Rout Wahlallianz, gréisst kommunistesch Partei)
    • Kristent Samlingsparti (Chrëschtlech Sammlungspartei, chrëschtlech, extrem-konservativ)
    • Demokratene (D'Demokraten, extrem konservativ)
    • Det Liberale Folkepartiet (Liberal Vollekspartei )
    • Pensjonistpartiet (Rentner-Partei, Partäi fir al Leit)
    • Miljøpartiet De Grønne (Déi Greng, eng Ëmweltspartei)

[Änneren] Administrativ Ënnerdeelungen

D'Land ass a 19 Verwaltungsprovinzen (Fylker) agedeelt. Déi klengste Provënz der Fläch no ass d'Haauptstad Oslo.

[Änneren] Kultur

[Änneren] Literatur

Norwegen huet an der letzter Halschent vum 19. Joerhonnert vun engem starken kulturellen Opschwong profitéiert. Un him haten Autoren wéi den Henrik Ibsen, den Bjørnstjerne Bjørnson, den Alexander Kielland, de Jonas Lie, d'Amalie Skram, den Arne Garborg, Hans E. Kinck a Knut Hamsun e groussen Undeel.

Dräi Norweger kruten den Nobelpräis fir Literatur: de Bjørnstjerne Bjørnson (1903), Knut Hamsun (1920) an d' Sigrid Undset (1928). De Friddensnobelpräis gëtt op Beschloss vum norwegeschen Nobelkomitee zu Oslo zouerkannt.

[Änneren] Musek, Theater a Konscht

De bekannteste norwegesche Komponist ass den Edvard Grieg.

Déi wichtegst Theaterbühne sinn d'Oper an de Nationaltheatret zu Oslo, d'national Scene zu Bergen an den neien Theater an norwegescher Sprooch: Det norske Teater zu Oslo.

Bekannteste Moler ass den Edvard Munch. Seng Wierker kann een haaptsächlech am Munch-Musée zu Oslo gesinn.

[Änneren] Economie

Di norwegesch Economie kann op e räiche Wohlfahrtsstaat no kapitalisteschem Modell mat enger Kombinatioun vu fräiem Marché a staatleche Reguléierungen opbauen. Vital Beräicher wéi de petrochemeschen Secteur sinn a grousse Staatsbetriber organiséiert. D'Land ass räich un natierleche Ressourcen; Pëtrol, Waasserkraaft, Fësch, Akerbau, Bëscher a Mineralien. Norwegen ass ferm ofhängeg vu senger Pëtrolproduktioun an den internationale Pëtrolspräisser. 1999 louch den Undeel vum Pëtrolsexport bei 35% vun den Exportrevenuen. Saudi-Arabien a Russland sinn di eenzeg Länner déi nach méi Pëtrol exportéieren.

E groussen Deel vum Benefice mam Uelech gëtt vum norwegeschen Stat an e nationale Petrolsfond (Statens petroleumsfond) placéiert, deen a senger Totalitéit an d'Ausland investéiert gëtt. De Wäert vum Petrolsfond louch am 2. Quartal 2005 bei 181,5 Milliarden US-Dollar.

Norwegen ass net an der EU, huet awer duerch den Accord iwwert den Espace Économique Européen Zougang zum europäesche Marché.

[Änneren] Um Spaweck



Static Wikipedia 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu