Klaipėda
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||
---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | däitsch: Memel polnesch: Kłajpeda |
|||
Awunner | 192.000 (2003) | |||
Fläch | ? ha | |||
Geographesch Lag | 55° 43' nërdl. Breed 21° 07' ëstl. Längt |
|||
Stied - Litauen |
Klaipėda ass deen eenzege Séihafe vu Litauen am Baltesche Mier. E läit am historesche Memelland ronn 120 km nordëstlech vu Kaliningrad (Königsberg) an 290 km nordwestlech vun der Haaptstad Wilna ewech. D'Stad ass och ënner hirem historeschen Numm Memel bekannt.
[Änneren] Geschichtleches
Baltesch Stämm hunn am 13. Joerhonnert d'Buerg Klaipėda gegrënnt. Well dëst Gebitt tëscht de Lännereie vum Däitschen Uerden a vum Schwertbridderuerde lung, goufen d'Stad an d'Buerg 1252 vum Däitschen Uerden eruewert an als Memel vum Schwertbridderuerden iwwerholl. Obwuel dës strategesch wichteg Buerg geséchert gouf, war keen Enn vun de Konflikter ofzegesinn. Dat lung awer och dodrunner, datt den Uerde versicht huet, Litauen ze christianiséieren a politesch ënner Kontroll ze kréien. Doropshi koum et zu Ugrëffer vun de Kuren, den Aukstaiten an den Zemaiten.
1254 gouf Memel Hansestad an 1257 krut si d'lübescht Stadsrecht. An den Dokumenter gëtt d'Stad elo Memele castrum (Memel- oder Mimmelbuerg) bezeechent. 1328 goungen d'Stad an d'Buerg un den Däitschen Uerden, wat dozou gefouert huet datt Memel aus éischt Deel vum Uerdensstaat ginn ass an duerno 1525 zu Preusse gehéiert huet.
Duerch d'permanent Bedrohung vun den Uerden hu sech déi ostbaltesch Stämm ënnert dem Fürst Gediminas 1323 zu engem éischte litauesche Räich zesummegedo. An de folgende Jore kënnt et ëmmer erëm zu Ausernanersetzungen mat de Stied a Länner ronderëm (Litauen, Danzig, Polen, Königsberg, Elbing) an d'Stad gouf méi wéi eng Kéier geplëmmt oder néiergebrannt (1379, 1409, 1456, 1459, 1464, 1520). Zanter dem Fridde vu Melno-See (1422) wou beschloss gëtt datt Memel dem Däitschen Uerde gehéiert, kënnt d'Land emol erëm zur Rou. D'Grenz tëscht Preussen a Litauen war eng vun de wéinege Grenzen déi iwwer laang Zäit (bis 1923) onverännert blouf.
Am Joer 1475 kritt Memel d'Kulmer Stadrecht a gouf domatter eng preisesch Landstad. 1525 goufen d'Awunner duerch d'Reformatioun mam Albrecht vu Brandenburg-Preussen protestantesch. Wirtschaftlech goung et fir d'Stad biergop, déi nom Drëssegjährege Krich schwedesch gëtt. Am Nërdleche Krich gouf Memel 1678 vun de Schweden néiergebrannt. Am Siwejährege Krich gouf Memel vun 1756-1762 vun de Russe besat.
1871 gëtt Memel en Deel vum Däitsche Keeserräich a während der Besetzung vu Berlin souguer kuerzfristeg Haaptstad ënnert dem Friedrich Wilhelm III. vu Preussen.
Nom Éischte Weltkrich fält Memel mam Versailler Vertrag un d'Fransousen. Allerdéngs gëtt d'Géigend 1923 vu Litauen ugegraff an d'Fransouse verzéie sech. Den 22. Mäerz 1939 gëtt Memel vum Reich ageholl bis d'Rout Arméi d'Stad 1945 erëm z'réckerruewert. Do gouf Memel dann och a Klaipėda ëmbenannt.
[Änneren] Bevëlkerung
Bis zum Enn vum Zweete Weltkrich hun hei vill Däitscher gewunnt, hautdesdaags ass Klaipėda de Schwéierpunkt vun der russescher Minoritéit a Litauen. Déi gréisste Bevëlkerungsgrupp sinn awer nach ëmmer d'Litauer.
[Änneren] Kuckeswäertes
Klaipėda huet eng schéin Alstad mat Fachwierkhaiser. D'Wahrzeeche vun der Stad ass d'Simon Dach-Denkmal mam Ännchen vun Tharau op der Theaterplaz. Ausserdem ginn et zwee historesch Postgebaier.
[Änneren] Leit, déi zu Klaipėda gebuer sinn
- Simon Dach (1605-1659), Dichter.
- Michael Wohlfahrt (1687-1741), reliéise Leeder an Amerika.
- Friedrich Wilhelm Argelander (1799-1875), Astronom.
- George Adomeit (1879-1967), Moler.
- Hans Henning Atrott (1944), Philosoph.