International Astronomesch Unioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’International Astronomesch Unioun, ofgekierzt IAU, ass am Joer 1919 gegrënnt ginn. Et ass eng weltwäit Gesellschaft vun Astronomen mat Sëtz zu Paräis. Hirt Zil ass d’Ënnerstetzung vun der Astronomie duerch eng international Zesummenaarbecht. Si ass niewent aneren ähnlechen Organisatiounen fir aner Wëssenschaftsdeeler e Member vum International Council of Scientific Unions (ICSU), dat säi Sëtz och zu Paräis huet. Mat dem Stand vum August 2006 sinn an der IAU 8858 Eenzelmembere aus weltwäit 85 verschiddene Länner souwéi 62 astronomesch Gesellschaften an national Akademien zesummegeschloss.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Organisatoresches
D’Organisatioun riicht zënter 1922 all dräi Joer an ëmmer an engem anere Land eng Generalversammlung aus. Op dëse Generalversammlungen ginn nei astronomesch Entdeckungen diskutéiert a néideg Kooperatiounen a Standardiséierungen behandelt. Sou ginn Froen vun der Nomenklatur geklärt, wéi d’Nimmgiewungen vu Stären, Planéiten, Asteroiden an aner Himmelskierper souwéi vun Uewerfächmierkmoler, wéi zum Beispill vu Bierger a Krater.
Nr. | Numm vu verschidde Kommissiounen |
---|---|
4 | Ephemeriden |
5 | Dokumentatioun an astronomesch Date |
6 | Astronomesch Telegrammer |
7 | Himmelsmechanik an dynamesch Astronomie |
8 | Astrometrie |
9 | Astronomesch Techniken an Instrumenter |
10 | Sonnenaktivitéit |
12 | Strahlung an Opbau der Sonnenatmosphäre |
14 | Atom- a Moleküldaten |
15 | Physikalescht Studium der Koméiten a kleng Planéiten |
16 | Physikalescht Studium der Planéiten a Mounden |
19 | Äerdrotatioun |
20 | Positiounen a Bewegungen klenger Planéiten, Koméiten a Mounden |
21 | Nuetshimmelliicht |
22 | Meteore, Meteorite an interplanetare Stëbs |
25 | Stärefotometrie a -polarimetrie |
26 | Duebel- a Méifachstäre |
27 | Verännerlech Stäre |
28 | Galaxien |
29 | Stärespektren |
30 | Radial Vitesse |
31 | Zäit |
33 | Opbau an Dynamik vu galaktesche Systemer |
34 | Interstellar Matière |
35 | Stäropbau |
36 | Theorie vu Stäreatmosphären |
37 | Stärekéip an Assoziatiounen |
40 | Radioastronomie |
41 | Geschicht vun der Astronomie |
42 | Eng Duebelstäre |
44 | Weltraum an Héichenergieastrophysik |
45 | Stäreklassifikatioun |
46 | Astronomieausbildung |
47 | Kosmologie |
49 | Interplanetaresch Plasma an Heliosphäre |
50 | Schutz vun existéierenden an potentiellen Observatiounsplazen |
51 | Bioastronomie: Sich no ausserirdeschem Liewen |
Ongeféier 37 Kommissiounen vun der IAU sinn fir verschidden Sachgebidder a fir d’Planung an Duerchféierung vu Fuerschungsprogrammen op iwwernationaler Plateau zoustänneg. Doniewt gëtt et och nach verschidden Aarbechtsgruppen, wéi déi fir d’Nomenklatur planetarescher Systemer (WGPSN: Working Group for Planetary System Nomenclature).
D’IAU dréit d’Patronat iwwer vill international astronomesch Sitzungen wéi speziell Symposien a Kolloquien souwéi iwwer d’Klengplanéiten-Zentrum an d’Zentralbüro fir astronomesch Telegramme am Smithsonian Astrophysical Observatory zu Cambridge, Massachusetts, dat den zentralen Noriichtendengscht observéiert. Doriwwer eraus ënnerstëtzt d’IAU och d’Astronomie an den Entwécklungslänner.
[Änneren] Historesches
Als Ur-Organisatioun vun der IAU kann d’Kommissioun vun der Carte du Ciel-Projet betruecht ginn, déi hirt Interesse un der Vermiessung vu Stärepositiounen vum Joer 1887 op aner Gebidder vun der Astronomie ausdeent huet.
Joer a Plaz vun de Generalversammlungen | ||
---|---|---|
1. | 1922 | Roum, Italien |
2. | 1925 | Cambridge, England |
3. | 1928 | Leiden, Holland |
4. | 1932 | Cambridge, Massachusetts, Amerika |
5. | 1935 | Paräis, Frankräich |
6. | 1938 | Stockholm, Schweden |
7. | 1948 | Zürech, Schwäiz |
8. | 1952 | Roum, Italien |
9. | 1955 | Dublin, Irland |
10. | 1958 | Moskau, Sowjetunioun |
11. | 1961 | Berkeley, Kalifornien, USA |
12. | 1964 | Hamburg, Däitschland |
13. | 1967 | Prag, Tschechoslowakei |
14. | 1970 | Brighton, England |
15. | 1973 | Sydney, Australien |
16. | 1976 | Grenoble, Frankräich |
17. | 1979 | Montreal, Kanada |
18. | 1982 | Patras, Griicheland |
19. | 1985 | Neu-Delhi, Indien |
20. | 1988 | Baltimore, Maryland, USA |
21. | 1991 | Buenos Aires, Argentinien |
22. | 1994 | Den Haag, Holland |
23. | 1997 | Kyoto, Japan |
24. | 2000 | Manchester, England |
25. | 2003 | Sydney, Australien |
26. | 2006 | Prag, Tschechien |
Am Joer 1922 huet d’IAU zu Roum déi häiteg Unzuehl vun 88 Stärebiller festgeluet. 1925 am englesche Cambridge krut de belschen Astronom Eugène Delporte vun hir den Optrag, déi genee Grenzen vun de Stärebiller ze zéien. An am Joer 1928 goufen zu Leiden dës Grenzen ugeholl.
Déi lescht Generalversammlung 2006 zu Prag war vum 14. bis den 25. August. Een Thema, dat d’Ëffentlechkeet interesséiert huet, war déi Neidefinitioun vun de Planéiten vum Sonnesystem, déi dozou gefouert huet, datt de Pluto de Planéitestatus oferkannt gouf.
Déi nächst, 27. Generalversammlung ass fir den 3. bis 14. August 2009 zu Rio de Janeiro, Brasilien, geplangt.
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Literatur
- Rolf Sauermost (Hrsg.): Lexikon der Astronomie. In 2 Bänden. Herder, Freiburg 1989f. ISBN 3-451-21632-9
- Helmut Zimmermann, Alfred Weigert: ABC-Lexikon Astronomie. Spektrum Akademischer Verlag, Heidelberg 81995. ISBN 3-86025-688-2
- Jacqueline Mitton: Astronomie von A bis Z. Franckh-Kosmos, Stuttgart 1995. ISBN 3-440-07007-7
[Änneren] Um Spaweck
- (en) http://www.iau.org/