Lëscht vun den Autobunnen a Schnellstrossen zu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dës ass eng Lëscht vun den Autobunnen a Schnellstroossen zu Lëtzebuerg.
- A1: Lëtzebuerg-Stad (Gaasperecher Kräiz) – Waasserbëlleg, Uschloss un d'A64 an Däitschland. ("Tréierer Autobunn")
- A3: Lëtzebuerg-Stad (Houwald) – Diddeleng; Uschloss un d'A31 a Frankräich ("Diddelenger Autobunn")
- A4: Lëtzebuerg-Stad – Esch-Uelzecht ("Escher Autobunn")
- mat der A4G - Gafel zu Hollerich
- A6: Lëtzebuerg-Stad (Gaasperecher Kräiz) – Stengefort; Uschloss un d'A4 an der Belsch ("Areler Autobunn")
- A7: Lëtzebuerg-Stad (Kierchbierg) – Ettelbréck ("Nordstrooss") – zum Deel nach am Bau
- A13: Péiteng – Schengen; mat Uschloss un d'A8 an Däitschland ("Collectrice du Sud", resp. "Saar-Autobunn")
- B3 Rond-point Gasperech/Houwald - Rocade Bouneweg - N3
- B7 Kolmer/Schieren - N7 - Ettelbréck - Dikrech/Angelduerf - Ierpeldeng - Fridhaff - N7
D'Nummeréieung orientéiert sech un deeër vun den Nationalstroossen, déi méi oder manner parallel dozou lafen; dofir ass se net konsekutiv.