Pyrenäen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Pyrenäen sinn eng ronn 430 km laang Biergketten. Si maachen d'Grenz tëscht Frankräich a Spuenien a trennen d'Iberesch Hallefinsel vum Rescht vun Europa. Andorra läit an den ëstleche Pyrenäen.
D'Pyrenäen bestinn am Fong aus zwou ongeféier gläich laange Biergketten, déi sech, déi eng vum Golf vu Biscaya aus, déi aner am Osten vum Cap Cerbère aus, an der Géigend vum Val d'Aran iwwerlappen. D'Val d'Aran gëtt vum Port de Bonaigua iwwerbréckt, wouduerch dës zwou Biergkette verbonne ginn.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
D'Pyrenäen ginn ënnerdeelt a westlech oder atlantesch Pyrenäen, d'Héich- oder Zentralpyrenäen an déi ëstlech Pyrenäen. D'Héichpyrenäen erstrecke sech am Weste vum Port de Canfranc bis an de Val d'Aran am Osten. De Pico de Aneto am Maladeta-Massiv ass mat 3.404 m deen héchste Bierg. Et gi ronn zweehonnert Bierger iwwer 3000 m an de Pyrenäen.
[Änneren] Geologie
D'Pyrenäen sinn, wéi och d'Alpen, viru ronn 50 bis 100 Millionen Joer am Tertiär entstanen. Déi westlech Pyrenäen besti virun allem aus Kalleksteen, d'Zentralpyrenäen aus Graniter.
[Änneren] Nationalparken
Et ginn dräi Nationalparken an de Pyrenäen. Deen eelsten ass den Nationalpark Ordesa y Monte Perdido, südlich vum Cirque de Gavarnie, deen 1917 op der spuenescher Säit geschafe gouf. En huet 2.175 ha an ass dee klengste vun deenen dräi. Den Nationalpark Aigüestortes i Estany de Sant Maurici, och a Spuenien, huet 105 Kilometer carré. Op der franséischer Säit goufen 1967 d'Bierger südlech vu Lescun an der Vallée d'Aspe am Westen bis bei d'Néouvielle-Massiv nach mat am Osten zum Nationalpark (Parc National des Pyrénées) erklärt.
[Änneren] Kuckt och
Commons: Pyrenäen – Biller, Videoen oder Audiodateien |