Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
Dëse Geographiesartikel zu Italien ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Namsa-Satellitebild vu Sardien
Kaart vun Italien: Sardinien ass erviergehuef
Sardinien (sardesch Sardigna, Sardinna oder Sardinnia, italienesch Sardegna, katalanesch Sardenya) ass déi zweet gréisst Insel am Mëttelmier. Et ass eng autonom Regioun, déi zum italieneschen Territoire gehéiert. Sie läit südlech vu Korsika an ass duerch déi schmuel Mierestross vu Bonifacio vu Korsika getrennt.
Sardinien bedeckt eng Fläch vu 24.090 km² an huet 1,65 Milliounen Awunner.
D'Phönizier hunn ët Ichnusa" an d'Griiche Sandalyon genannt, well seng Form un den Ofdrock vun engem Fouss erënnert. D'Haaptstad vu Sardinien ass Cagliari Dës autonom Regioun vun Italien war bis 2005 a véier Provënzen ënnerdeelt: Cagliari, Sassari, Nuoro an Oristano. Zënter 2005 sinn nach 4 Stéck derbäi komm: Olbia-Tempio, Ogliastra, Carbonia-Iglesias a Medio campidano. Eng touristësch staark besichte modern Uertschaft ass Porto Cervo.