The Hunt for Red October (Roman)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Buch The Hunt for Red October vum Tom Clancy ass e Polit-Thriller den am Joer 1984 erauskomm ass. Ganz séier stong en op de Bestseller-Lëschten a gouf e groussen internationalen Erfolleg.
[Änneren] Beschreiwung
Et ass den éischte Roman aus der Serie iwwert de fiktiven Held Jack Ryan.
Den Admiral Padorin, ee vun den héichste Politoffizéier an der russescher Marine, gëtt gewuer, datt den Equipage vum modernste russeschen U-Boot, ausgerüst mat sëllege Rakéiten an Atomsprengkäpp, mat dem U-Boot wëlles huet an de Westen iwwerzelafen. Hien hetzt seng ganz Krichsflott mat Schëffer an U-Booter hannendrunn.
De Marko Ramius, de Kommandant vun der Red October, gëtt allerdéngs vun den Amerikaner ënnertstëtzt, déi sech denke wat hie wëlles huet. Säi Boot kënnt him dobäi zu Hëllef, well et e revolutionären Undriffssystem huet, deen et bal onméiglech mécht fir festzestellen wou d'Boot ass.
An den Déifte vum Mier entwéckelt sech eng spannend Juegd tëscht denen zwou Supermuechten.
[Änneren] Verfilmung
Dëse Roman gouf am Joer 1990 ënnert dem selwechten Numm (op däitsch: Jagd auf Roter Oktober) verfilmt vum John McTiernan mat an den Haaptrollen den Alec Baldwin als Jack Ryan an de Sean Connery als Captain Marko Ramius.
[Änneren] Ausgaben
- Orginalausgab: United States Navel Institute Annapolis, Maryland 1984;
- Däitsch Ausgab: Jagd auf Roter Oktober, Bern a München 2001; ISBN 3453189795
|
---|
Fiktioun: Net-Fiktioun: |