Conseil des Anciens
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Conseil des Anciens war eng legislativ franséisch Versammlung déi, zesumme mam Conseil des Cinq-Cents duerch d'Konstitutioun vum Joer III an d'Liewe geruff gi war, déi am August 1795 vun der Convention thermidorienne ugeholl gi war, an den 23. September 1795 applizéiert gouf.
De Conseil des Anciens huet sech d'Muecht mam exekutiven Directoire gedeelt, an zesumme mam Conseil des Cinq-Cents Gesetzer ausgeschafft. De Conseil hat 250 Memberen, vun denen een Drëttel all Joer ausgetosch ginn ass. D'Memberen hunn opmannst misste 40 Joer al sinn, bestued oder Wittmann, an zënter opmannst 15 Joer um Territoire vun der Republik wunnen. De Sëtz vum Conseil war de Palais des Tuileries, wou d'Resolutioune vum Conseil des Cinq-Cents entweder ugeholl oder verworf goufen, a wou d'Direktere vun der Exekutiv gewielt goufen.
1799 huet de Conseil decidéiert, d'Versammlungen op Saint-Cloud ze verleeën, wat de Staatsstreech vum Bonaparte vereinfacht huet. Mam Consulat gouf de Conseil des Anciens opgeléist.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Directoire
- Zweekummersystem
- Joseph Antoine Boisset
- Claude-Alexandre Ysabeau
[Änneren] Um Spaweck
Generell Informatiounen: Ursaachen · Deklaratioun vun de Mënscherechter · Marseillaise · Republikanesche Kalenner
Evenementer: Stuerm op d'Bastille · Assemblée constituante (1789) · Assemblée législative (1791-92) · Commune vu Paräis (1792) · Koalitiounskricher · Opstand vun der Vendée (1793, 1796) · Convention nationale · Terreur · Directoire · Consulat
Persounen: Affer vun der Guillotine · Jakobiner · Montagnards · Sans-culottes · Danton · Marat · Mirabeau · Robespierre
Séier fannen: Chronologie · Glossaire · Lëschten · Bibliographie