Republikanesche Kalenner
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Republikanesche Kalenner, och franséische Revolutiounskalenner genannt, gouf zur Zäit vun der franséischer Revolutioun agefouert.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] De franséische Revolutiounskalenner
Paräis am Joer 1793. D’franséisch Revolutioun strieft hirem Héichpunkt zou. Den 21. Januar gëtt de Kinnik Louis XVI. higeriicht. Déi kierchlech Besëtzer sinn enteegent ginn, an de Gottesdéngscht gëtt duerch eng nei Relioun ersat, duerch de sougenannte „Kult vun der Vernunft“. Alles aus der aler Monarchie schéngt de Revolutionäre verdächteg a schlecht – och de Kalenner. E staamt vun engem Poopst (dem Gregor XIII.), enthält d’kierchlech Fester an erënnert mat de Feierdeeg u seng Hierkonft. Während de Maximilien Robespierre seng schrecklech Herrschaft ëmmer méi verschäerft, an d’Kinnigin Marie Antoinette gekäppt gëtt, erléist de Nationalkonvent (Convention nationale) den 5. Oktober 1793, 11 Deeg virun der Hiriichtung vun der Kinnigin, e Gesetz, dat eng vëlleg nei Zäitrechnung aféiert. Et ass déi radikalsten Ännerung an der laanger Geschicht vum Kalenner.
[Änneren] D'Haaptpunkte sinn:
1.) D’Joer fänkt mat der Dag- an Nuetgläich (Äquinoktium) un, no deem ale Kalenner ongeféier den 22. September. D’Neijoer selwer gëtt duerch genau astronomesch Berechnunge festgeluegt.
2.) D’Joer gëtt an 12 gläich grouss Méint mat all kéiers 30 Deeg agedeelt. Dës heeschen wéi Joereszäiten :
-
- 1. Vendémiaire (Mount vun der Wäilies)
- 2. Brumaire (Mount vum Niwwel)
- 3. Frimaire (Mount vum Frascht)
- 4. Nivôse (Mount vum Schnéi)
- 5. Pluviôse (Mount vum Reen)
- 6. Ventôse (Mount vum Wand)
- 7. Germinal (Mount vun de Kingen)
- 8. Floréal (Mount vum Bléien)
- 9. Prairial (Mount vun de Wisen)
- 10. Messidor (Mount vun der Rekolt)
- 11. Thermidor (Mount vun der Wäermt)
- 12. Fructidor (Mount vun der Fruucht)
3.) Ët gi 5 Deeg ugehaange mat dem Numm „Les Sans-culottes“ (genannt no de Leit, déi vu kierperlechen Aarbechte gelieft hunn):
- Fête de la vertu
- Fête du génie
- Fête du travail
- Fête de l’opinion
- Fête des récompenses
4.) An de Schaltjoer kënnt nach e sechsten „Sans-culottes“ derbäi:
- Jour de la Révolution
D’Schaltjoere ginn onregelméisseg ageluecht, an zwar no astronomesche Berechnungen, sou datt de Joeresufank, also den 1. Vendémiaire, ëmmer genau op den Hierschtufank zesummefällt.
5.) D’Woch gëtt ofgeschaf. An hier Plaz triede sougenannten „Dekaden“, d.h. Zäitraim vu jee 10 Deeg, déi dann den éischten, zweeten, drëtten a.s.w. genannt ginn. Den 10. Dag soll e Roudag sinn.
6.) Den Dag gëtt nët méi a 24 Stonnen, mä vu Mëtternuecht zu Mëtternuecht nëmmen nach an 10 nei Stonnen gedeelt. Jiddfer nei Stonn huet keng 60 , mä 100 „minutes décimales“, jiddfer nei Minut huet 100 „sécondes décimales).
7.) D’chrëschtlech Joerezielung gëtt ofgeschaaft. D’Joere sinn vum Ausruff vun der Republik (21. September 1792) un ze zielen an heesche Joer vun der Republik, „Les ans de la République française“
[Änneren] Deeg
Déi zéng Deeg vun der Dekad goufen duerchgezielt:
-
- Primidi
- Duodi
- Tridi
- Quartidi
- Quintidi
- Sextidi
- Septidi
- Octidi
- Nonidi
- Decadi
[Änneren] D'Méint
- Hierschtméint (mat der Endung aire)
- Vendémiaire (22 September ~ 21 Oktober)
- Brumaire (22 Oktober ~ 20 November)
- Frimaire (21 November ~ 20 Dezember)
- Wanterméint (mat der Endung ôse)
- Nivôse (21 Dezember ~ 19 Januar)
- Pluviôse (20 Januar ~ 18 Februar)
- Ventôse (19 Februar ~ 20 Mäerz)
- Fréijoersméint (mat der Endung al)
- Germinal (21 Mäerz ~ 19 Abrëll)
- Floréal (20 Abrëll ~ 19 Mee)
- Prairial (20 Mee ~ 18 Juni)
- Summerméint (mat der Endung idor)
- Messidor (19 Juni ~ 18 Juli)
- Thermidor (19 Juli ~ 17 August)
- Fructidor (18 August ~ 16 September)
[Änneren] Um Spaweck
- De Republikanesche Kalenner op der Websäit vun den Archives Nationales du Grand-Duché de Luxembourg
- http://prairial.free.fr/calendrier/sommaire.html
Generell Informatiounen: Ursaachen · Deklaratioun vun de Mënscherechter · Marseillaise · Republikanesche Kalenner
Evenementer: Stuerm op d'Bastille · Assemblée constituante (1789) · Assemblée législative (1791-92) · Commune vu Paräis (1792) · Koalitiounskricher · Opstand vun der Vendée (1793, 1796) · Convention nationale · Terreur · Directoire · Consulat
Persounen: Affer vun der Guillotine · Jakobiner · Montagnards · Sans-culottes · Danton · Marat · Mirabeau · Robespierre
Séier fannen: Chronologie · Glossaire · Lëschten · Bibliographie