Schottland
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel zu Groussbritannien an Irland ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
(Detailer) | (Detailer) |
National Devise: keng | |
Offiziell Sprooch: | Englesch |
Haaptstad: Awunnerzuel: |
Edinburgh 447.500 (2001) |
Kinnigin: | Elisabeth II |
Éischte Minister: | Jack McConnell |
Fläch: | 78.782 km² |
Bevëlkerung: - Total: - Bevëlkerungsdicht: |
Op . Plaz 5.062.011 (Juli 2001) 64/km² |
Onofhängegkeet: | |
Nationalfeierdag: | |
Währung: | Pond Sterling mat eegene schottesche Schäiner vun der "Bank of Scotland" an der "Royal Bank of Scotland" (béid zu Edinburgh) an der "Clydesdale Bank" (Glasgow). Et gi Schwieregkeeten, fir déi 1-Pond-Schäiner an England lass ze ginn, well et do keng 1-Pond-Schäiner gëtt. |
Zäitzon: | UTC, Summerzäit +1 |
Internet TLD: | .gb an .uk (keng eegen) |
International Virwahl: | 44 |
[Änneren] Geographie
Schottland bilt den nërdlechen Deel vu Groussbritannien an erstreckt sech iwwert ongeféier 1/3 vu senger Fläch. Schottland besteet aus dräi geographesche Regiounen: d'Highlands, d'Lowlands an déi Südlech Uplands. Den héchste Bierg vu Schottland (a vu ganz Groussbritannien) ass mat 1.344 Meter de Ben Nevis, bei Fort William. Hie gehéiert zu de Munros.
Déi südlech geleeën, méi liicht zougänglech Lowlands hu méi en englesche Cachet. Dat erkläert och déi kulturell Differenzen tëschent den zwou schottesche Regiounen.
Am stäerksten bevëlkert ass de sougenannte Central Belt tëschent Edinburgh a Glasgow.
[Änneren] Bevëlkerung
D'Schotte stamen, ethnesch gesinn, vu den Angelsachsen, Kelten a Skandinavier of. Déi meescht schwätzen Englesch oder Lowland. Eng Minoritéit, haaptsächlech op de westlechen Inselen zu Irland zou, schwätzt nach schottesch Gälesch. Virun der Vereenegung mat England am Joer 1707 gouf Lowland Scots um Gericht an am schottesche Parlament geschwat.