European Space Agency
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’ European Space Agency (ESA) ass déi europäesch Weltraumorganisatioun mat Sëtz zu Paräis (Frankräich).
D’ESA gouf den 30. Mee 1975 gegrënnt fir eng besser Koordinéierung vun den europäesche Raumfaartaktivitéiten ze kréien. D’ESA huet 17 Memberstaaten. 2003 ware 1.780 Mataarbechter beschäftegt.
Si ass d’Nofolgeorganisatioun vun ELDO an der ESRO. Wéi dës Organisatiounen ass och d’ESA op den Artikel II vun hirem Satut „ausschléisslech fir friddlech Zwecker“ an der Raumfaart begrenzt.
D’ESA ass zesumme mat der NASA Grënnungsmember vum Consultative Committee for Space Data Systems (CCSDS).
De Jean-Jacques Dordain ass zënter 2003 Generaldirekter vun der ESA.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Sëtzer
- ESA Haaptquartéier zu Paräis, Frankräich
- ESTEC (European Space Research and Technology Centre) zu Noordwijk, Holland
- ESOC (European Space Operations Centre) zu Darmstadt, Däitschland
- EAC (European Astronaut Centre) zu Köln, Däitschland
- ESRIN (European Space Research Institute) zu Frascati no bäi Roum an Italien
- Weltraumgare zu Kourou, Franséisch-Guayana
Doniewend betreiwt d’ESA och nach Büroen an den USA, a Russland an der Belsch.
[Änneren] Memberstaaten
Zu den Grënnermemberen vu 1975 gehéieren:
Weider Memberstaate sinn:
- Finnland (zënter 1987)
- Griicheland (zënter Mäerz 2005)
- Irland
- Lëtzebuerg (zënter Dezember 2005)
- Norwegen
- Éisträich (zënter 1987)
- Portugal
Ausserdeem besti Kooperatiounsverträg mat Kanada an anere Länner.
D’ESA ass nët d’Raumfaartbehörd vun der EU. Si ass eng vëlleg eegestänneg Organisatioun, déi awer eng gutt Verbindung mat der EU huet. D’Bezéiunge ginn ënner anerem duerch d’ESA/European Commission Framework Agreement gereegelt.
15 vu 17 Membersstaaten déi bei der ESA sinn, sinn och gläichzäiteg Member vun der Europäescher Unioun. Dat bedeit erem, datt e puer EU Staaten (2007: 12 vu 27) wéi zum Beispiel Polen nët Member bei der ESA sinn. Momentan bedeelegen sech och folgend Länner un enger Kooperatioun mat der ESA:
- Rumänien (zënter Februar 2006)
- Tschechien (zënter November 2004)
- Ungarn (zënter November 2003)
[Änneren] Finanzéierung
2006 | 2,904 Mrd Euro |
2005 | 2,977 Mrd Euro |
2004 | 2,7 Mrd Euro |
2003 | 2,677 Mrd Euro[1] |
2003 | 2,993 Mrd Euro |
D’ESA finanzéiert sech aus den Staatshaushalte vun de Membersstaaten. D’Undeeler vun deenen eenzelne Staaten riichten sech no dem Bruttoinlandsprodukt vum jeweiligen Staat.
De Budget vun der ESA huet am Joer 2005 ongeféier 2,977 Milliarden Euro bedroen. (vgl. NASA: ca. 15 Mrd. Dollar). Fir d’Joer 2006 gëtt mat ongeféier 2,904 Milliarden Euro gerechent. Déi dräi gréisste Geldgiewer si Frankräich (2005: 29,3%), Däitschland (22,7%) an Italien (14,2%) a brengen zesumme ronn zwee Drëttel vum ganze Budjet op. Déi gréissten Ausgaben falen op dem Gebitt vun den Trägerrakéiten un, wat en Undeel vun 22% ausmecht.
[Änneren] Projeten
D’Trägerrakéiten vun der ESA heeschen Ariane, déi no um Äquator zu Kourou (Franséisch-Guyana) gestart ginn. De Raketestart an der direkten Ëngéigend vum Äquator bitt prinzipiell Virdeeler géigeniwwer aneren Startplazeen op der Nord- oder Südhallewkugel. Duerch d’Äerdrotatioun huet d’Rakéite do schons déi op der Äerdueweerfläch maximal vermëttelt Grondgeschwindegkeet a benéidegt nët esouvill Dreiwstoff, fir op déi am Orbit gebrauchten Geschwindegkeet ze kommen. Déi neitsten Generatioun ass d’Ariane 5. Fir kleng Notzlaaschten gëtt d’Trägerrakéit Vega entwéckelt. Am Moment entsteet en neien Ofschosskomplex am franséischen. Guyana. Am Joer 2008 well een vun do och Rakéiten vum Typ Sojus-2 starte loossen. Dëst gëtt dann deen éischte Start vun enger Sojus Rakéit, déi nët zu Baikonur oder Plesetsk stattfënd.
[Änneren] Ofgeschlosse ESA-Projeeën
[Änneren] Raumsonden a Satellite mat ESA-Mataarbecht
COS-B (1975) • GEOS 1 an GEOS 2 (1977, 1978) • Meteosat (1977–1997) • IUE (1978) • EXOSAT (1983) • Giotto (1985) • Olympus (1989) • Hipparcos (1989) • Hubble (1990) • Ulysses (1990) • ERS 1 an ERS 2 (1991, 1995) • EURECA (1992) • ISO (1995) • SOHO (1995) • Huygens (1997) • XMM-Newton (1999) • Cluster (2000) • Artemis (2001) • Proba (2001) • Envisat (2002) • MSG 1 an MSG 2 (2002, 2005) • Integral (2002) • Mars Express (2003) • SMART-1 (2003) • Double Star (2003) • Rosetta (2004) • SSETI Express (2005) • CryoSat (2005) • Venus Express (2005) • Galileo (2005–2008) • METOP-A (2006) • COROT (2006) • GOCE (2007) • SMOS (2007) • Herschel (2008) • Planck (2008) • ADM-Aeolus (2008) • HYLAS (2008) • LISA Pathfinder (2009) • CryoSat-2 (2009) • SWARM (2010) • Gaia (2011) • ExoMars (2013) • BepiColombo (2013) • JWST (2013) • LISA (2015) • Darwin (2015) • Solar Orbiter (2015) • Mars Sample Return (fréitstens 2016)