Fëschsaurier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
E Fëschsaurier (Heinrich Harder, 1916) |
|||||
|
|||||
Räich : | Déiereräich | ||||
Stamm : | Chordata | ||||
Ënnerstamm : | Wierbeldéieren | ||||
Klass : | Reptiller | ||||
Ënnerklass : | Diapsida | ||||
Iwweruerdnung : | Ichthyopterygia | ||||
Uerdnung : | Fëschsaurier | ||||
|
|||||
Ichthyosauria de Blainville, 1835 |
|||||
D' Fëschsaurier (Ichthyosauria) oder Ichthyosaurier sinn eng Grupp ausgestuerwen Reptiller aus dem Zäitalter Mesozoikum.
Si ware vollstänneg un d'Liewen im Waasser ugepasst an hunn ausschléisslech am Mier gelieft.
Genau esou wéi d'Flugsaurier (Pterosauria) an d'Plesiosaurier (Plesiosauria) hu si net zu den Dinosaurier gehéiert, mä hunn eng eege Reptiliegrupp duergestallt.
D'Fëschsaurier hu virun 250 bis 75 Millioune Joer gelieft an hu sëch aus véierbeenege Echsen, déi u Land gelieft hunn, entwéckelt. Fir ze otmen hu si missen u Land kommen a fir sech fortzebeweegen hu si sëch am Mier duerch seitlech Schléi vun hirem Schwanz viru geschloen.