Homo erectus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
---|---|---|---|---|---|
![]() |
|||||
? | |||||
|
|||||
Räich : | Déiereräich | ||||
Stamm : | Chordata | ||||
Klass : | Mamendéieren | ||||
Uerdnung : | Primaten | ||||
Ënneruerdnung : | Afe mat drëchenen Nuesen | ||||
Famill : | Mënschenafen | ||||
Ënnerfamill : | Homininae | ||||
Gattung : | Mënschen | ||||
Aart : | Homo erectus |
Den Homo erectus war en Urmënsch, den an Afrika aus dem Homo rudolfensis oder dem Homo habilis fir d'éischt als Homo ergaster entstanen ass, sëch dunn awer no Asien ausgebreet huet a sech do, an an Afrika, zum Homo erectus entwéckelt huet.
En huet d'Fauschtkeil erfond, d'Feier genotzt a vun der Juegd gelieft.
En huet virun 1,8 Millioune bis zu viru 40.000 Joer gelieft.
Gehirvolumen | 750 - 1250 cm³ |
Gréisst | geschätzt 1,65 m |
Gewiicht | ? kg |
Kascht | Fleesch |
Handwierksgeschier | Fauschtkeilkultur |
1981 huet den Holänner Eugène Dubois bei Trinil op Java Iwwerreschter vun engem Urmënsch fonnt, den en Pithecanthropus erectus genannt huet. Spéider gouf dësen zur Aart vum Homo erectus gezielt.
Am Joer 1927 ënnersicht de kanadeschen Medeziner Davidson Black zu Beijing en Zannt dee sechs Joer vidrun an der Hiel vun Zhoukoudian fonnt ginn ass. Dëse Backenzannt gouf dem Fréimënsch Sinanthropus pekinensis (oder Peking-Mënsch) zougeuerdnet. E Joerzéngt duerno goufe 50 km vun dëser Höhl eng sëllege Schiedelen a Skelettiwwerreschter vun der selweschter Aart fonnt. Zënter de 50er Joren ziele si zur Aart vum Homo erectus.
1975 huet de Bernard Ngeneo en Schiedel fonnt deen 1,7 Millioune Joer al ass. Et geet der Aart vum Homo ergaster zugedeelt. 1984 fënnt de Kenianer Kamoya Kimeu a Kenia en aussergewéinleche gutt erhalene Skelett, vun der selweschter Aart. Dëse gouf ënnert dem Numm Turkana-Boy bekannt. Vill Paläoanthropologen si sech guer net eens op et sech ëm eng eegen Aart handelt an uerdenen d'Fossiller an eng fréier Form vum Homo erectus an.
1991 sinn a Georgien bei Dmanisi fossil Iwwerreschter fonnt ginn déi dem afrikaneschen Homo erectus oder ergaster ähnlech sinn.