NGC 2359
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den NGC 2359 ass een Emissiounsniwwel am Stärebild Canis Major (Groussen Hond). Den NGC 2359 huet eng schäinbar Hellegkeet vun +11,45 mag an eng Wénkelausdeenung vun 10.0' × 5.0'. Dësen Emissiounsniwwel gëtt am Géigesaz zu de meeschten aneren net duerch O-Stäre (wéi z.B. den Orionniwwel) oder wäiss Zwerge (wéi d'Planetaresch Niwwel) zum Liichten ugereecht, sondern duerch e Wolf-Rayet-Stär. D'Material staamt méiglecherweis och vum zentralen Wolf-Rayet Stär, dat hie bei enger fréierer Explosioun verluer huet.
Koordinaten (Äquinoktium J2000.0)
- Rektaszensioun: 7h 18m 30.00s
- Deklinatioun: -13° 14' 00.0"