NGC 40
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Date vum NGC 40 | |
---|---|
Stärebild | Cepheus |
Positioun (Äquinoktium: J2000.0) | |
Rektaszensioun | 0h 13m 1,05s |
Deklinatioun | +72° 31' 19,6" |
Erschäinungsbild | |
Niwweltyp | Planetareschen Niwwel |
Schäinbar Hellegkeet (visuell) | +12,3 m |
Zentralstär | 11,6m |
Schäinbaren Duerchmiesser | 38" x 25" |
Flächenhellegkeet | |
Physikalesch Date | |
Gehéiert zu der | Mëllechstrooss |
Distanz | 3500 Liichtjoer |
Absolut Hellegkeet | |
Absoluten Duerchmiesser | 0,6 Liichtjoren |
Mass | |
Katalogbezeechnungen | |
NGC 40, PK 120+9.1, CS=10.6, GC 20, h 8, H 4. 58., Zentralstern: HD 826 |
Den NGC 40 ass e planetareschen Niwwel am Stärebild Cepheus. De Stär deen seng baussescht Hüll ofgestouss huet weist eng Temperatur vun 50000 Grad Celsius op a besëtzt ongeféier d’Gréisst vun der Äerd. Dèesen Zentralstär huet eng fir wäiss Zwerge typesch enorm héich Dicht an domat trotz deem klengen Duerchmiessers ronn 70% Sonnemass. D’Gasen, déi ronderëm sinn, hunn eng Temperatur vun 10000 Grad Celsius. Den Alter vum NGC 40 gëtt op ca. 4.500 Joer geschaat, woubäi sech seng Gaswolleken ëmmer nach mat ronn 29 km/s ausdeenen.
[Änneren] Entdeckung
De planetareschen Niwwel NGC 40 gouf den 25. November 1788 vum däitsch-briteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- (en) Chandra
- (en) NOAO
- (de) [1]
- (de) Beschreiwung an Amateurfotoën
- (de) GoBlack
- (en) SEDS
- (en) NASA/IPAC EXTRAGALACTIC DATABASE