Nordamerikaniwwel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Nordamerikaniwwel (och als NGC 7000 bezeechent) ass d’Bezeechnung vun engem diffusen Gasniwwel am Stärebild Cygnus.
Säi Numm krut de Niwwel opgrond vu senger Form, déi un eng Landkaart vum nordamerikanieche Kontinent erënnert. Um Himmel ass de Niwwel mat 120 mol 100 Bouminutten ziemlech ausgedeent (de Vollmound huet en Duerchmiesser vu ca. 30'). Hien ass relativ einfach ze fannen, well hie sech eppes méi westlech vum helle Stär Deneb (α Cygni) am Cygnus (Schwan) befënnt.
De Gasniwwel ass tëschent 2.000 an 3.000 Liichtjoer ewech (seng genee Distanz ass nëmme schwéier ze bestëmmen) a besteet iwwerwiegend aus Waasserstoff, deen deelweis an ioniséierter Form (HII) optrëtt, a siichtbart Liicht a Form vun déifrouder Strahlung emittéiert. Op laang beliichten Fotoen erschéngt de Niwwel dofir intensiv rout. Déi visuell Observatioun vum Niwwel ass allerdengs trotz senger Gesamthellegkeet vun 6m ziemlech schwiereg.
De Nordamerikaniwwel gouf am Joer 1891 vum däitschen Astronom Max Wolf a sengem privaten Observatoire zu Heidelberg mat sengem 6"-Duebelastrographen entdeckt. D’Entdeckung war eng vun deenen éischten duerch d’Astrofotografie.
Koordinaten (Äquinoktium J2000.0)
- Rektaszensioun: 21h 01m 48.00s
- Deklinatioun: +44° 12' 00.0"