Pisces (Stärebild)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Date vum Stärebild Pisces | |
---|---|
Lëtzebuerger Numm | Fësch |
Latäin. Numm | Pisces |
Lat. Genitiv | Piscium |
Lat. Ofkierzung | Psc |
Rektaszensioun | 22h 50m bis 2h 07m |
Deklinatioun | +33° 40’ bis -6° 20’ |
Fläch | 889 Quadratgrad |
Siichtbar op Breedegraden | 84° Nord bis 56° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Hierscht |
Unzuel un Stäre mat Gréisst < 3m |
0 |
Hellste Stär, Gréisst |
η Piscium 3,62m |
Meteorstréim | Pisciden |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzeigersënn) |
Andromeda Pegasus Aquarius Cetus Aries |
D’Stärebild laténgesch Pisces (Fësch) ass e Stärebild op der Ekliptik.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Beschreiwung
D’Pisces sinn en ausgedeenten, awer wéineg opfällegt Stärebild südlech vum Stärebild Andromeda an dem Pegasus. Kee Stär vun de Pisces ass méi hell wéi déi 3. Gréissteklass.
D’Pisces (Fësch) leien op der Ekliptik, dofir zéien Sonn, Mound an d’Planéiten duerch dëst Stärebild. Et gehéiert domat zu den Déierekreeszeechen. Allerdéngs huet sech den Duerchgang vun der Sonn opgrond vun der Präzessiounsbewegung vun der Äerdachs géigeniwwer der Antikitéit verännert. D’Sonn duerchwandert d’“Fësch“ tëschent dem 12. Mäerz an dem 18. Abrëll a Richtung Norden.
D’Ekliptik kräizt an de Fësch den Himmelsäquator. Dëse Kräizungspunkt, de Fréijoerspunkt, ass den Urspronk vun de wichtegsten astronomesch Koordinatensystemer um Stärenhimmel. Den Zäitpunkt zu dem d’Sonn den Himmelsäquator iwwerschrëtt, entsprëcht dem astronomeschem Fréijoersufank op der Nordhallefkugel. Dëse Punkt fänkt allerdéngs zënter Mëtt vum leschten Joerhonnert un den Beräich vun de Fësch ze verloossen an geet an den Aquarius (Waassermann) iwwer.
[Änneren] Geschicht
D’Stärebild Pisces (Fësch) gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der griichescher Astronomie, déi schonns de Ptolemäus beschriwwen huet.
Am Joer 7 v. Chr. koum et an d¨sem Stärebild zu enger seltener dräifacher Konjunktioun tëschent Jupiter a Saturn (Gréisste Konjunktioun), dat heescht, déi zwee Planéiten hun sech innerhalb emgem Joer dräimol getraff. Konjunktiounen tëschent Jupiter a Saturn trieden zwar ronn all 20 Joer op, awer déi wéinegst sinn gläich dräifach mat esou engem kuerzen Wénkelofstand, datt déi zwee Planéiten bal ewéi een eenzege Stär ausgesinn huen. – Kuckt dozou och „um Spaweck“.
[Änneren] Himmelsobjete
[Änneren] Stäre
4,26m | 258 | G8 III | |||
ε | 71 | 4,27m | 190 | K0 III | |
θ | 10 | 4,27m | 159 | K1 III | |
α | 113 | Alrischa, Al Rescha, Kaitain | 4,33m | 139 | A0pSiSr |
YY | 4,37m | 415 | M3 III | ||
δ | 63 | 4,44m | 305 | K4 IIIb | |
ν | 106 | 4,45m | 368 | K3 IIIb Ba0.1 | |
β | 4 | Fum al Samakah | 4,48m | 493 | B6 Ve |
λ | 18 | 4,49m | 101 | A7 V | |
τ | 83 | 4,51m | 162 | K0.5 IIIb | |
ξ | 111 | 4,61m | 191 | K0 III | |
χ | 84 | 4,66m | 440 | G8.5 III-IIIa | |
φ | 85 | 4,67m | 378 | K0 III | |
υ | 90 | 4,74m | 311 | A3 V | |
μ | 98 | 4,84m | 360 | K4 III | |
HR 9067 | 4,88m | 224 | G9 III | ||
κ | 8 | 4,95m | 162 | A0p CrSi:Sr: | |
TX | 4,95m | 760 | C5 II | ||
TV | 5,01m | 491 | M3 III | ||
7 | 5,05m | 341 | K2 III | ||
64 | 5,07m | 78 | F8 V | ||
29 | 5,13m | 409 | B7 III-IV | ||
89 | 5,13m | 220 | A3 V | ||
82 | 5,15m | 560 | F0 V | ||
ζ | 86 | 5,21m | 148 | A7 IV | |
91 | 5,23m | 344 | K5 | ||
α Psc-B | 5,23m | 139 | A3m | ||
107 | 5,24m | 24 | K1 V | ||
ψ1 | 74 | 5,33m | 239 | A1 Vn | |
ρ | 93 | 5,35m | 85 | F2 V | |
55 | 5,36m | 411 | K0 III + F3 V | ||
57 | 5,36m | 588 | M4 IIIa | ||
41 | 5,38m | 395 | K3 | ||
52 | 5,38m | 257 | K0 III | ||
5 | 5,42m | 280 | G8 III-IV | ||
2 | 5,43m | 280 | K1 | ||
68 | 5,44m | 705 | G6 | ||
20 | 5,49m | 292 | G8 III | ||
σ | 69 | 5,50m | 414 | B9.5 V | |
94 | 5,50m | 307 | K1 III |
De hellste Stär an de Fësch ass den η Piscium, och Kullat Nunu genannt. Hie läit op enger Distanz vun 294 Liichtjoer vun eis ewech a liicht giel Risestär mat der véierfacher Mass, dem 25fachen Duerchmiesser an der 300facher Liichtkraaft vun eiser Sonn.
De β Piscium ass e bloelzeche Stär, deen op enger Distanz vun 493 Liichtjoer läit. Seng Spektralklass ass B6 V. De Numm Fum al Samakah ass arabeschen Urspronk a bedeit esou vill wéi „d’Maul vum Fësch“.
[Änneren] Duebelstäre
System | Gréissten | Abstand |
---|---|---|
α | 4,33 / 5,23m | 1,9" |
35 | 6,0 / 7,7m | 11,6" |
65 | 6,3 / 6,3m | 4,4" |
ζ Psc | 5,2 / 6,3m | 22,9" |
ψ1 | 5,3 / 5,6m | 30,0" |
[Änneren] Verännerlech Stären
Stär | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
47 | 4,7 bis 5,4m | 50 bis 85 Tage | Hallefregelméisseg Verännerlecher |
19 | 4,8 bis 5,2m | Onregelméisseg Verännerlecher |
De 47 Piscium läit op enger Distanz vun 400 Liichtjoer an ass en hallefregelméisseg Verännerlechen Stär, dee seng Hellegkeet iwwer en Zäitraum vu ronn 50 bis 85 Deeg verännert. Et ass e roudelzeche Stär mat der Spektralklass M3 III.
De 19 Piscium ass e Roude Ris mat der Spektralklass C5 II an ass 2.000 Liichtjoer vun eis ewech. Hien huet den 700fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn an ass ee vun deene gréisste bekannte Stären. Seng Hellegkeet ännert sech ouni erkennbar Regelméissegkeet.
[Änneren] Messier- an NGC-Objete
Messier (M) | NGC | aner | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
74 | 628 | 9,4m | Galaxis | ||
488 | 10,3m | Galaxis | |||
524 | 10,3m | Galaxis |
An de „Fësch“ sinn dräi Galaxien siichtbar. Eng dovun huet de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a säi Katalog mat de niwwelegen Objeten (Messier-Katalog) opgeholl.
De M 74 ass eng Galaxis op enger Distanz vun ronn 30 Millioune Liichtjoer. Et fënnt een se westlech vum helle Stär η Piscium.