Aries (Stärebild)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Date vum Stärebild Aries | |
---|---|
Lëtzebuerger Numm | Widder |
Laténgesche Numm | Aries |
Latein. Genitiv | Arietis |
Latein. Ofkierzung | Ari |
Lag | Ekliptik |
Rektaszensioun | 1h 46m bis 3h 30m |
Deklinatioun | +31° 15´ bis +10° 20´ |
Fläch | 441 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 90° Nord bis 59° Süd. |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Hierscht |
Unzuel un Stären mat Gréisst < 3m |
2 |
Hellste Stär, Gréisst |
α Arietis (Hamal), 2,01m |
Meteorstréim | Arietiden Delta-Arietiden |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzeigersënn) |
Triangulum Perseus Taurus Cetus Pisces |
De Widder (laténgesch Aries) ass e Stärebild op der Ekliptik.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Beschreiwung
Den Aries ass e klengt awer markant Stärebild. Et läit südlech vum onopfällegen Stärebild Triangulum (Dräieck) a westlech vum Stärebild Pisces (Fësch). Déi hellste Stäre sinn α (Hamal), β (Sheratan) an γ (Mesarthim) a bilden eng gebéite Linn um Himmel.
De Widder gehéirt zu den Déierekreeszeechen, well d’Ekliptik duerch d’ Stärebild doduerch geet. D’Sonn hält sech all Joer vum 21. Mäerz bis den 20. Abrëll am Stärebild Aries op.
[Änneren] Geschicht
Ab der Antikitéit, viru méi wéi 2.000 Joer, luch de Fréijoerspunkt, de Schnëttpunkt vum Himmelsäquator mat der Ekliptik, am Stärebild Aries. Opgrond vun der Präzessiounsbewegung vun der Äerdachs verréckelt sech de Frèijoerspunkt lues no Westen. Ëm Christi Gebuert ass de Punkt an d’Stärebild Pisces gewandert.
[Änneren] Himmelsobjete
[Änneren] Stären
B | F | Numm | m | M | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|---|
α | 13 | Hamal, Elnath | 2,01 | 0,48 | 66 | K2 III |
β | 6 | Sheratan | 2,64 | 1,33 | 60 | A5 V |
c | 41 | 3,61 | 0,16 | 160 | B8 V | |
γ1,2 | 5 | Mesarthim | 3,88 | 0,8 | 204 | A1 |
δ | Botein | 4,35 | 0,79 | 168 | K2 III | |
HD 20644 | 4,47 | -2,0 | 640 | K2 II-III | ||
39 | 4,52 | |||||
ε | 48 | 4,63 | -0,13 | 293 | A2 V | |
35 | 4,65 | -0,6 | 370 | B3 V | ||
λ | 9 | 4,79 | 1,73 | 133 | F0 V | |
ζ | 58 | 4,87 | -0,22 | 340 | A1 V | |
14 | 4,98 | 0,0 | 340 | A1 V | ||
κ | 12 | 5,03 | 187 | A2m | ||
ι | 8 | 5,09 | 660 | G2 Ib | ||
τ2 | 58 | 4,87 | 340 | K3 III | ||
38 | 5,17 | |||||
η | 17 | 5,23 | 98 | F5 V | ||
π | 42 | 5,26 | 600 | |||
τ1 | 61 | 5,27 | 462 | B5 IV | ||
53 | 6,13 | 750 | O |
den α Arietis ass mat enger schäinbarer Hellegkeet vun 2,01m den hellste Stär am Stärebild Aries. Hien ass 66 Liichtjoer vun eis ewech a besëtzt den 15fachen Duerchmiesser an déi 90fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.
De Numm Hamal ass arabesch a bedeit och „Widder“.
Den zweethellste Stär, β Arietis, ass 60 Liichtjoer vun eis ewech. Et handelt sech ëm een engt Duebelstäresystem, dat mat Teleskopen netz e gein ass. Erréischt spektroskopesch Ënnersich weisen, datt sech zwee Stäre an engem Ofstand vun 1,2 AU op extrem exzentresche Bunnen ëm e vereenten Schwéierpunkt bewegen.
Den arabesche Numm Sheratan, „déi zwee Zeechen“, bezitt sech dorop, datt de β an de γ Arietis an der Antikitéit de Fréijoerspunkt-Dagannuetgläiche markéierten.
Den 53 Arietis läit op enger Distanz vu 750 Liichtjoer. De blo-wäisse Stär huet eng schäinbar Hellegkeet vun 6,13m. Miessungen vun der Eegebewegung weisen, datt sech de Stär mat enger ausseruerdentlecher héiger Vitesse vun 100 km/s bewegt. E gehéiert zu enger Grupp vu Stären, déi als „Runaway Stars“ (Ausräisser) bezeechent ginn. Méiglecherweis waren si eng Kéier Memberen vun engem Méifachstäresystem a goufen duerch eng Supernovaexplosioun oder duerch d’Laanschtzéien vun engem aneren System an de Raum geschleidert. Déi aner bekannten „Ausrräisserstär“ sinn AE Aurigae am Auriga an η Columbae an der Columba.
[Änneren] Duebelstären
System | m | Ofstand |
---|---|---|
γ | 4,6 / 4,7 / 9 | 7,7/221" |
λ | 4,9 / 7,4 | 37,4" |
ε | 5,2 / 5,5 | 1,4" |
τ1 | 5,4 / 7,9 / 8,4 | 0,15 / 0,67" |
10 | 5,9 / 7,3 | 1,3" |
1 | 6,2 / 7,4 | 2,8" |
Den γ Arietis (Mesarthim) ass e Méifachstäresystem op enger Distanz vun 150 Liichtjoren a besteet aus dräi Stären, déi ëm ee Schwéierpunkt kreesen.
[Änneren] Verännerlech Stären
Stär | m | Period | Typ |
---|---|---|---|
τ1 | 5,26 bis 5,32 | Bedeckungsverännerleche Stär |
Den τ1 Arietis läit op enger Distanz vun 462 Liichtjoer vun eis ewech an ass e bedeckungsverännerleche Stär.
[Änneren] Messier- an NGC-Objete
Messier (M) | NGC | aner | m | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
772 | Galaxis |
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Aries – Biller, Videoen oder Audiodateien |